Basilika Notre-Dame vun Avioth
D'Basilika Notre-Dame vun Avioth steet an der franséischer Gemeng Avioth am Departement Meuse an der Regioun Grand Est.
Pilgerplaz
[änneren | Quelltext änneren]Zanter iwwer 900 Joer gëtt an deem Dierfche mat eppes iwwer honnert Awunner eng Statu vun der Muttergottes mam Jesuskand veréiert, déi am 12. Joerhonnert soll opgedaucht sinn, do wou haut d'Kierch steet. D'Léiffräche vun Avioth ass eng vun de rare schwaarze Muttergottessen am nordëstleche Frankräich[1].
Historesche Wäert
[änneren | Quelltext änneren]D'Kierch ass zanter 1840 als Monument historique klasséiert.
La Recevresse
[änneren | Quelltext änneren]Beim Agank fir an de Kierfecht, deen déi Zäit ronderëm d'Kierch ugeluecht war, gouf am 15. Joerhonnert d'Recevresse gebaut. Iwwer de Gebrauch vun dësem Bauwierk, dat vu senger Typologie hier ganz seelen ass, stinn nach en ettlech Froen op. Et kéint en Deel vun engem Altor gewiescht ze sinn, deen am Fräie stoung oder en Depot fir d'Affer, déi d'Pilger matbruecht haten.
Titel Basilika
[änneren | Quelltext änneren]D'Notre Dame Kierch ass 1993 vum Poopst Jean-Paul II. Basilika minor genannt ginn. D'Dokument vun der Ernennung hänkt am Kiercheraum.
Restauratioun
[änneren | Quelltext änneren]An de leschten zéng Joer si 770.000 € an d'Restauratioun vun de Säiteschëffer gestach ginn. Dovun huet de Kulturministère 60 % derbäibezuelt. Beim neiste Projet geet et drëm, fir den Terrain ronderëm d'Kierch an d'Rei ze setzen. Well fréier e Kierfecht ëm d'Kierch ugeluecht war, ass et e Gléck, datt virun der Kierch eng fräi Plaz ass.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Basilika Notre-Dame vun Avioth – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Kathoulesch Muttergottes-Pilgerplazen an Europa | |
Lëtzebuerg: | Lëtzebuerg - Stadgronn - Wolz - Léiffrächen - Giischterklaus - Veianer Bildchen - Heeschbreger Bildchen |
Belsch: | Banneux - Beauraing - Foy-Notre-Dame - Moresnet-Chapelle - Werpin |
Frankräich: | Lourdes - Avioth - Bonne-Fontaine - Monléon-Magnoac - Notre Dame du Puy Rachat - Notre-Dame de La Salette - Schwaarz Muttergottes vu Rocamadour |
International: | Fátima - Einsiedeln - Montserrat - Altötting - Kevelaer - Loreto - Mariazell - Tschenstochau - Covadonga |
Pilgerplaze fir Sportler: | Notre-Dame des Cyclistes (F) - Notre-Dame de la Course Landaise (F) - Notre-Dame-du-Rugby (F) - Chèvremont (B) - Nuestra Señora de Dorleta (Es) - Madonna del Ghisallo (It) |
- ↑ E. Saillens, Nos vierges noires, leurs origines. Les Editions Universelles, Paris, 1945.