Beiefrësser

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Beiefrësser
Beiefrësser (Merops apiaster)
Beiefrësser (Merops apiaster)
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Coraciiformes
Famill: Meropidae
Gattung: Merops
Aart: Beiefrësser
Wëssenschaftlechen Numm
Merops apiaster
Linnaeus 1758
Eng Koppel
Näschter bei Halle/Saale

De Beiefrësser (Merops apiaster) ass en opfälleg faarwege Vull aus der Famill vun de Meropidae. E gehéiert zu den Zuchvijel, déi a waarme Géigenden, wéi am südlechen Afrika iwwerwanteren.[1]

Physionomie[änneren | Quelltext änneren]

D'Aart Merops apiaster gëtt an der Moyenne eng 28 Zantimeter grouss. Se ass um Bauch an op der Broscht turquoise, uewen um Kapp, an der Akaul an um Réck, wéi och op de Flilleken, raschteg-brong, de Kënn ass gielzeg, an d'Aen hunn eng schwaarz Sträif. Wéinst dësen opfällege Faarwen ass en net ze verwiesselen. Se hu weiderhin e liicht no ënne gebéite laange Schniewel. Wa se jonk sinn, ass d'Faarf um Réck an op de Flilleke gréngelzeg getéint, a se geet fir de Rescht méi an d'Gro-Brongt wéi bei de méi Alen.

Verbreedung a Liewensraum[änneren | Quelltext änneren]

De Beiefrësser ass frou mat waarmem Klima. E kënnt vir a Südwestasien, Nordwestafrika a Süd-Südosteuropa bis erop a Südostpolen. An Däitschland ass en am Südwesten (Géigend vum Kaiserstuhl) an am südleche Sachsen-Anhalt bei Merseburg nees heemesch ginn, nodeem en an den 1980er Joren do ausgestuerwe war. Och zu Lëtzebuerg konnten 2001 an duerno erëm 2018 jee eng Bruttplaz nogewise ginn.[2][3] Säin Habitat sinn oppe Landschafte mat eenzele Beem an Traisch. E bréit u géien Hänk vu Flëss, Séien oder Weieren.

Ernierung[änneren | Quelltext änneren]

En erniert sech vun Insekte wéi Beien, Harespelen, Bommelen, ma och Kiewerleken, Libellen an Zikaden, déi en am Fluch fänkt. Fir net gepickt ze ginn, flitt e mam gefaangenen Insekt op eng Sëtzplaz, z. B. en Aascht, fir et do mam Schniewel fir d'éischt futtizepicken an d'Gëft erauszedrécken, ier en et frësst oder verfiddert.

Reproduktioun[änneren | Quelltext änneren]

Eeër vum Merops apiaster

D'Beiefrësser bréien a Kolonien. Si leeën hir Näschter an Hielen, déi se selwer gruewen, laanscht géi Hänk un den Uwänner vu Waasser, oder z. B. a Sandgrouwen, un.[4]. D'Hielen hunn an der Entrée en Duerchmiesser vun aacht bis zéng Zentimeter, da kënnt en alt bis zu 2 m laangen Tunnel, mat um Enn enger Kummer fir d'Bréiescht. Et dauert 2-3 Wochen, fir sou en Tunnel unzeleeën. D'Bréizäit fänkt Mëtt Mee un, wann se aus Afrika zréck sinn. D'Bréie selwer dauert 20 bis 22 Deeg. Et gëtt eng eenzeg Bréiescht am Joer, déi aus fënnef bis siwen Eeër besteet. Dës si blénkeg-wäiss a bal ganz kugelfërmeg.

De Beiefrësser zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gouf de Beiefrësser vereenzelt am 19. an am 20. Joerhonnert nogewisen.[5] En éischte Bruttnowäis gouf et 2001, en zweeten am Joer 2018.[6]

Deen éischte bekannten Nowäis vum Beiefrësser ass aus dem Joer 1846, wéi de Julien Vesque e Beiefrësser bei Stadbriedemes geschoss hat. De Vull gouf opgestoppt a koum an d’Kollektioune vun der deemoleger Société des sciences naturelles.[5]

1905 huet den Henri Tudor zwéin Exemplaren aus enger Grupp vu méi wéi 20 Beiefrësser bei Iechternach geschoss. 1947, 1956 an 1964 gouf et weider Beobachtunge vu Beiefrësser zu Lëtzebuerg. Duerno gouf et keng Nowäiser méi am 20. Joerhonnert.

2001 goufen dräi Bruttkoppelen, allen dräi mat Nowues, an engem meterhéige Sandkoup bei Alzeng fonnt. Et war dat deen éischte Bruttnowäis zu Lëtzebuerg. 2002 war d’Bruttplaz net méi besat.[7] En zweete Bruttnowäis gouf et 2018 am sandegen, circa 2 Meter héigen Uwänner vun der Uelzecht am Zentrum vum Land.[6]

Literatur (Lëtzebuerg)[änneren | Quelltext änneren]

  • Burton, L., 2019. Guêpier d’Europe Merops apiaster : Nidification 2018 au Grand-Duché de Luxembourg. Regulus Wissenschaftliche Berichte 34 : 22-36.
  • Lorgé, P., 2017. Der Bienenfresser Merops apiaster in Luxemburg. Regulus Wissenschaftliche Berichte 32: 39-40.
  • Lorgé, P., 2004. Brutnachweis des Bienenfressers Merops apiaster in Luxemburg. Regulus Wissenschaftliche Berichte 20: 59-62.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Merops apiaster – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Bedohte Tiere unserer Heimat. Bienenfresser - Merops apiaster. Aus: Stiftung Pro Artenvielfalt, Bielefeld (Einzelblatt)
  2. Lorgé, P. (2002): "Der Bienenfresser: eine neue Brutvogelart in Luxemburg". Regulus 2002/7: 12-13; Lorgé, P. (2004): "Brutnachweis des Bienenfressers (Merops apiaster) in Luxemburg". Regulus WB 20: 59-62.
  3. http://www.naturemwelt.lu/natur-an-emwelt_ShowNews_News.52-2-745-0.html
  4. Svensson, L.; Grant, P. J.; Mullarney, K.; Zetterström, D.: Der neue Kosmos-Vogelführer - Alle Arten Europas, Nordafrikas und Vorderasiens. Franckh-Kosmos Verlags-GmbH & Co., Stuttgart. 1999. ISBN 3-440-07720-9, S. 222
  5. 5,0 5,1 P. Lorgé 2017
  6. 6,0 6,1 L. Burton 2019
  7. P. Lorgé 2004.