Weniamin Pawlowitsch Jechowski

Vu Wikipedia
Weniamin Pawlowitsch Jechowski
Gebuer 1881
Sankt Péitersbuerg
Gestuerwen 20. Mäerz 1975
Encausse-les-Thermes
Nationalitéit Polen, Frankräich, Russescht Keeserräich, Sowjetunioun
Educatioun Lomonossow-Universitéit
Aktivitéit Astronom

De Weniamin Pawlowitsch Jechowski (Вениамин Павлович Жеховский), gebuer am Joer 1881 zu Warschau, deemools Russland a gestuerwen 1953, war e russesch-polnesch-franséischen Astronom.

Seng wëssenschaftlech Aarbechten huet hien no 1934 ugefaangen als Benjamin de Jekhowsky. De Minor Planet Center huet seng Entdeckungen geéiert ënner dem Numm "B. Jekhovsky" (mat engem v). An der moderner englescher Iwwersetzung géif een hie mat Zhekhovskii oder Zhekhovsky schreiwen.

No senger Léier op der Universitéit vu Moskau, huet hie vun 1912 un am Paräisser Observatoire geschafft. Spéider goung hien an Algerie wou hien am Observatoire vun Alger beschäftegt war. Deemools war Algerien nach eng Kolonie vu Frankräich. Do gouf hien en unerkannte Spezialist fir Himmelsmechanik.

De Jechowski entdeckt 12 Asteroiden. Den Asteroid 1606 Jekhovsky krut him zu Éiere säin Numm.

12 Asteroiden entdeckt
Painleva (Asteroid) 29. Abrëll 1921
Benjamina (Asteroid) 27. Mäerz 1922
Philippa (Asteroid) 6. Abrëll 1922
Appella (Asteroid) 10. November 1922
Tombecka (Asteroid) 17. Januar 1924
Jacqueline (Asteroid) 4. Februar 1924
Davidweilla (Asteroid) 29. Oktober 1924
Klumpkea (Asteroid) 20. Januar 1925
Freda (Asteroid) 15. Juni 1925
Lilith (Asteroid) 11. Februar 1927
Devota (Asteroid) 21. Oktober 1925
Doumergua (Asteroid) 15. November 1925

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie