Benotzer:RoudeLéiw10

Vu Wikipedia
D'Visioun vum Liewen nom Doud vum Hieronymus Busch am 15.Joerhonnert

D'Liewen nom Doud ass eng philosophesch an reliéis Fro, bei der een un ee Weiderliewe vun der Séil ausgeet. Déi Fro beschäftegt d'Mënschheet schonn iwwert Joerhonnerten, well et nach ëmmer keng naturwëssenschaftlech Prouf vun engem Liewen nom Doud gëtt.

Reliéis Virstellungen[änneren | Quelltext änneren]

Den Doud gehéiert zu de gréisste Geheimnisser säit et d'Mënschheet gëtt. All Reliounen eng ënnerschiddlech Virstellung vum Liewen no dem Doud, trotzdeem sinn si alleguer iwwerzeegt, dass hier Approche, déi richteg ass. Den Chrëschtentum an den Islam hunn vill Gemeinsamkeeten zu dëser Thematik. Si sinn dovun iwwerzeegt, dass et nom Liewen zu engem Geriicht kennt, wou déi positiv an negativ Dote verglach ginn an doraus entscheede gëtt op een an den Himmel oder d'Häll kennt. Et handelt sech em den Jéngsterdag, de sougenannten ,,leschten Dag''. Den Juddentum huet keng eendeiteg ..., trieden d' Verscheeden an d'Schoel, souwuel gerecht als och ongerecht Leit.

Den Buddhismus an den Hinduismus gläichen sech och an hirer Visioun. Déi zwee Relioune ginn dovun aus, dass d'Liewen net nom Doud fäerdeg wier, mä vill Widdergebuert follegen. D' Hindus nennen et Punajarati a bei de Buddhisten heecht et Samsara, woubäi den Zyklus vun Reinkarnatiounen als negativ gewäert gëtt. Karma spillt dobäi eng grouss Roll fir déi zwee, well et gett als e Gesetz unerkannt. Et entscheet unhand vun gutt an schlecht Dote iwwert datt nächst Liewen .

Wëssenschaftlech Prouwen[änneren | Quelltext änneren]

An den leschten Joer goufen vill Recherchen zu dësser Thematik duerchgeféiert an puer Fuerscher sinn souguer dovun iwwerzeegt eng Prouf fir een Liewen nom Doud fonnt ze hunn. Eng Ekipp vun däitsch Naturwessenschaftler vun der TU-Berlin hunn 944 Fräiwëlleger an komatösen Zoustand geluecht, den sech net vun richtegen Doud ennerscheed. Dem Dr.Berthold Ackermann ass et dann gelonge unhand vun Drogen an aner Substanzen dëssen Zoustand fir 18 Minutten ze halen, dono goufen d'Fräiwëlleger mat engem AutoPulse erem zréck an d'Liewen geholl.[1]

Virstellung zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

No enger Ëmfro vun TNS llres [Source?] gleeft ronn een Drëttel vun den Lëtzebuerger un e Liewen nom Doud. Vun deene 500 befrote Leit behaapten d'Halschent souguer, dass se net drun gleewen. 11% hu sech mam Thema nach net wierklech ausernee gesat oder wollten op déi perséinlech Fro net beäntweren.

Virbereedung vun engem Artikel