Benotzer Diskussioun:213.194.42.100
Dëst ass d'Diskussiounssäit fir en anonymme Benotzer deen nach kee Kont opgemaach huet oder en net benotzt. Dowéinst musse mir d'IP-Adress benotzen, fir de Benotzer z'identifizéieren. Sou eng IP-Adress ka vun e puer Benotzer gedeelt ginn. Wann Dir en anonymme Benotzer sidd an Dir irrelevant Kommentare krut, maacht wgl. e Kont op oder loggt Iech an, fir weider Verwiesslunge mat anonymme Benotzer ze verhënneren.
Nei Messagen op dëser Diskussiounssäit stinn ënner dem Begréissungstext.
|
Moien,
Sou Gebastels u Schabloune soll ee wa méiglech mat engem neie Modell an der Sandkëscht testen éier een d'Ännerungen an der richteger Schabloun mécht. Vill Schabloune bei ons sinn einfach gehalen a se funktionnéiren och gutt esou. Waa ee mengt et misst een en neie Modelle maachen da kann een dat gäre maachen. Dobäi kann een dann decidéieren op et e komplett aner Modell soll sinn, oder e Modell deen den ale korrekt iwwerschreift. --Les Meloures (Diskussioun) 09:48, 24. Okt. 2013 (UTC)
Remoien,
Et ass net sou evident Schablounen déi bestinn ze verbesseren. Mat Kopien aus anere Wikien huet een dacks de Problem datt nach Ënnerschablounen agebaut sinn déi et bei ons net gëtt. Fir d'éischt missten déi dann emol gemaach ginn, soss geet guer näischt. Fir datt se dann och nach d'Syntax vun der aler mat iwwerhëlt ouni mussen an all Artikel verbesseren ze goen ass dann en zweete Problem. Déi muss nämlech dann zousätzlech als Optioun mat agebaut ginn. Mä Verbesserunge sinn ëmmer wëlkomm. --Les Meloures (Diskussioun) 10:03, 24. Okt. 2013 (UTC)
Salut,
D'Schabloun ass amfong tiptop. Just datt, warscheinlech duerch en Anzeigefehler vu mengem Browser, d'Schabloun eng Zäit lang guer net formatéiert ausgesinn huet. Do hunn ech ugefang mat bastlen. Obwuel ech net hu misse bastlen. --213.194.42.100 10:14, 24. Okt. 2013 (UTC)
- Dat kann allerdéngs och virkommen. Ech hat och scho sou Boboen an hu gemengt et léich un der Schabloun. Eng Méiglechkeet ass fir sech d'Saach an engem anere Browser unzekucken, oder einfach emol 2 Deeg waarden. Mä wéi gesot, gutt Verbesserungen am Schablouneberäich sinn ëmmer wëllkomm :-) --Les Meloures (Diskussioun) 10:52, 24. Okt. 2013 (UTC)
Dëst ass d'Diskussiounssäit fir en anonymme Benotzer deen nach kee Kont opgemaach huet oder en net benotzt. Dowéinst musse mir d'IP Adress benotzen, fir de Benotzer z'identifizéieren.
Sou eng IP Adress ka vun e puer Benotzer gedeelt ginn. Wann Dir en anonymme Benotzer sidd an Dir net-relevant Bemierkunge krut, maacht wgl. e Kont op oder loggt Iech an, fir weider Verwiesslunge mat aneren anonymme Benotzer ze verhënneren.