Benotzer Diskussioun:Alexandra/Archiv3

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Halli. Ech mengen, et ass e bësse vill Mosaier un d'Spruddele komm mat de Gebuerten a Stierffäll. Ech géif nawell grousse Wäert op deng Meenung leeën. Um Stamminet steet e Patt prett. --Cornischong 19:20, 31 Juli 2006 (UTC)

Wann s de dem Gloooooo Moie seess, da so wien s de bass :-)) --Cornischong 14:09, 1 August 2006 (UTC)

Hello, on July 15, I made a request at Wikipedia:Bot for a bot flag for my bot, User:TuvicBot. Because I got no reaction, I made a remark about that on July 22. Another 2 days later, I got an invitation to test-run my bot, to show the changes it would make. I did this, and no objections or reactions appeared at the request page, or at my talk pages. I kept the number of edits low as asked (max 10 a day). This morning, I found out that my bot was blocked without any request at any page to stop, nor any notice towards me. I then noticed discussion at Wikipedia:De Stamminet about the bot, and made a remark and explanation there. Up till now, no reaction has been noted there. Could you take a look at the request and De Stamminet, please? Also, note that have no bad intentions whatsoever, and that questions can be easily asked at my talk page here, or at my Dutch talk page. Thanks, --Tuvic 15:12, 1 August 2006 (UTC)

(P.S. I'm posting this message at the talk page of every sysop here at lb-wikipedia)

I've replied at my Dutch talk page. --Tuvic 19:23, 1 August 2006 (UTC)

mail do --Cornischong 09:24, 24 August 2006 (UTC)

De Cornischong huet e geläscht -- Myriam 13:10, 24 August 2006 (UTC)

mail !! --Cornischong 13:14, 24 August 2006 (UTC)

Halli. Wat war eigentlech um "Category:Offizéier (Lëtzebuerg)|Krieps, Emile" net an der Rei? Lo hu mer nees "Lëtzebuerger Offizéier". Gi mär de Problem mat "Lëtzebuerger" a "lëtzebuergesch" dann ni lass? --Cornischong 10:11, 25 August 2006 (UTC)

Tabell beim Schof[Quelltext änneren]

Wa mer daat alles hun vir waat ass dann sou laang iwwer de Lämmes getuddelt ginn amplaaz dass een eppes gemmet huet an e puer wierder iwwer d'Schoof geschriww huet , et steet der jo ganz fräi de ze benotzen an meng ze ersetzen ech hu kee Probleem do dermat Les Meloures 12:30, 26 August 2006 (UTC)

Ok merci Les Meloures 12:34, 26 August 2006 (UTC)

Nimm vun de Parverbänn[Quelltext änneren]

Salut Alexandra. Ech hu gesinn, datt s du bei de Parverbänn d'Kategoriséirung deelweis geännert hues. Ech hat wëssentlech verschidde Parverbänn ënner 'P' wéi Parverband lafe gelooss, well dës Parverbänn keen offiziellen Numm hunn, sou z.B. de Parverband vun de Pare Bartreng a Stroossen, deen a dësem Fall och misst ënner 'S' wéi Stroossen stoen, oder de Parverband vun den 11 Paren aus der Gemeng Wëntger, deen och keen offiziellen Numm huet an deem ech den 'Aarbéchtstitel' Parverband Gemeng Wëntger ginn hunn, well ech schlecht konnt den Titel ginn Parverband vun de Paren ... an dann 11 Nimm hannendru setzen. Mir mussen do gutt oppassen, datt mer keng Blodere maachen, wa mer di Parverbänn ouni offiziellen Numm ënnert dem Numm vun der éischter Par am Alphabet lafe loossen. Dofir wollt ech déi Parvebänn ënner hirem 'Aarbéchtstitel', awer allgemeng ënner P wéi Parverband lafe loossen. Ech hat och dofir op der Säit vun der Kategorie een entspriechenden Hiweis gesat. --Pear 13:12, 28 August 2006 (UTC)

Gudde Mëtteg Alexandra. Dat ass kee Problem, ech wäert do schonns eens gi fir di entspriechend Parverbänn nees z'änneren. Ech wäert bei deene Parverbänn, déi keen offiziellen oder zumindest gebräichlechen (cf. Parverband Heischent Numm hunn, dat an der Beschreiwung ervirhiewen. --Pear 11:15, 29 August 2006 (UTC)

Halli. Dat war dee Guttmënsch, deen en Artikel opgemaach hat, mat Figuren aus den Agathy Christie Romaner. Well dat nees ee vun deenen Texter ouni Saz mat 6 Wierder war, hunn ech en dohinner geschéckt, wou en hierkoum :-) Also: Vill Wand a wéineg Reen. --Cornischong 12:48, 12 September 2006 (UTC)

Kann ech der dat net parlophonesch matdeelen? --Cornischong 11:33, 13 September 2006 (UTC)

Du hues eng Mail. --Cornischong 15:07, 13 September 2006 (UTC)

Gudde Moien. Wéi ass et eigentlech mat eisen Déierchen? Dat hat eng Kéier sou lues ugefaangen, bis datt een dat alles wollt komplett änneren, mee guer näischt méi dra gemaach huet. Dat ass e bësse schued, fënns de net? Ech weess, mer sinn zu net "ganz" vill,; mee sou lues a lues.... --Cornischong 08:26, 30 September 2006 (UTC)

Nach sou eppes: Wa mer eis emol eens wieren, fir "Foussball" ze spillen, an einfach emol no an no déi dräi aner Forme falen ze loossen, da wier eis scho gehollef (Problemer mat den däitschen Uertschaftsnimm hu mer jo genuch). Lo gesinn ech datt haut "Category:Lëtzebuergesch Fussballspiller" bäikoum. :-) ? --Cornischong 08:31, 30 September 2006 (UTC)

Ech sinn et schonn erëm. Wells du d'Fachfra vun de Këschte bass: Kéins de mol bei den "neie" franséischen Uertschaften (Avioth, Mont-debant-Sassey, Sassey (nach net "do"), Montmédy) eng Uertschaftskëscht dranzwibbelen? An der mol Gedanke maachen, wéi ee kéint eng fir franséisch Kierche maachen; also ouni Parveband an esou. Merci --Cornischong 08:46, 30 September 2006 (UTC)

OK

Signalisatioun[Quelltext änneren]

Ginn déi Schëlter net "Verkéiersschëlter" genannt? Den DLW an ech mengen dat :-) --Cornischong 14:02, 1 Oktober 2006 (UTC)

Ech hunn d'Kategorie ofgeleet vun dem wéi et am Text stong. .... ass e Signalisatiounsschëld..... Mir kënnen awer se och grad esou gudd Verkéiersschëlter nennen. Ech perséinlech gebrauchen dat Wuert eigentlech och méi oft. Wéi et awer offiziell ass, wees ech net. --Alexandra 14:08, 1 Oktober 2006 (UTC)

De Les Meloures ass schonns amgaangen, dat nozekucken. Da loosse mer deen emol eng Léisung fannen. --Cornischong 14:59, 1 Oktober 2006 (UTC)

Halli. Du hues eng Mail an eng Lëscht :-) --Cornischong 07:50, 11 Oktober 2006 (UTC)

Halli. Dat ass ganz an der Rei. --Cornischong 19:57, 14 Oktober 2006 (UTC)

Halli. An den Fédération luxembourgeoise de tennis. Merci. --Cornischong 09:17, 15 Oktober 2006 (UTC)

En Häerz fir Déieren[Quelltext änneren]

Halli. Schéin, datt eis Déiere virum Wanter nach gefiddert ginn. --Cornischong 09:24, 19 Oktober 2006 (UTC)

Lëtzebuerger Bierger[Quelltext änneren]

Moien. Ech hun eng Fro. Firwat kann ech keng Ännerungen an der Tabell vun de lëtzebuerger Bierger androen? Ass do nach alles gespuart oder ? --SITCK 12:35, 21 Oktober 2006 (UTC)

Ët ass dat déi alphabetesch Tabell vun de lëtzebuerger Bierger, eng nei ugeluechten Tabell. Hei stin bis elo nëmmen 8 Nimm vu Bierger (Koppen, Hiwwelen). --SITCK 12:48, 21 Oktober 2006 (UTC)

Ët deet mer Leed, awer ech kréien dat nët hin. Ech wollt einfach nëmmen e puer Bierger bäischreiwen, wéi z.B. de Gehaansbierg. Awer ët soll nët sinn. Merci trotzdeem --SITCK 13:27, 21 Oktober 2006 (UTC)

Gudde Mëtteg Alexandra. Hues du eege Fotoë fir an de Prado-Artikel? Wa jo, hues de eng vum Musée selwer? Ech hunn eng vum Tizian-Sall prett fir eranzesetzen. --Cornischong 13:59, 21 Oktober 2006 (UTC)

Kuck w.e.gel. an den Mailkëscht Les Meloures 17:09, 22 Oktober 2006 (UTC)

Antonio Cagnoli[Quelltext änneren]

Hallo. Ech hun eng Fro: Firwat hues du d'Foto vum Antonio Cagnoli op déi riets Säit gemaach ? - Normalerweis plasséirt een eng Foto oder e Bild, wou eng Persoun oder en Déier drop ass esou, datt ët an d'Mëtt kuckt an nët aus dem Artikel eraus ! Salut --SITCK 20:48, 3 November 2006 (UTC)

Am Prinzip oder normalerweis, waat seet daat aus. Wann daat sou wir da wiere 50 % vun de Biller am Luxemburger Lexikon op der falscher Säit. Ech hun och am Larousse nogezielt do gëllt daatselwecht. Par conter gëtt et eng Schreiwregel déi seet datt ee Saz ni mat arabeschen Zifferen oder Zuelen ufänkt. Dat misst och mol méi beuecht ginn. Mee dat schengt och e puer Leit ze reng ze sinn grad sou wéi de Gebrauch vun der Äifeler Regel . A bon entendeur Black Metall 22:09, 3 November 2006 (UTC)

Halli. De SITCK huet eigentlech Recht mat sengem estheteschen Argument. De Black Metall huet mat sengem Kommentar iwwer d'Eifeler Reegel och Recht, ech hunn emol am Stamminet drun erënnert. Et ass lästeg, wann an engem Artikel 25 "Eifeler"-Feeler ze fanne sinn!! --Cornischong 02:43, 4 November 2006 (UTC)

Ech hu se riets gesat, well di meescht Fotoe riets sinn, a well den Text méi einfach ze liesen ass wann e lénks steet an et einfach méi propper ausgesäit. Ass natierlech Usichtssaach an ier mir elo erëm meterlang Diskussiounen féieren doriwwer wou Foto sollen oder och net stoen, kann een se wéint ménger och erëm lénks hisetzen..... --Alexandra 09:28, 4 November 2006 (UTC)

Alexandra, ech soen Däer Merci fir déng Äntwert.

- Wat déi aner Argumenter vun Deenen betrëfft, déi sech nach hei eragemellt hun wëll ech nëmmen dat hei soen. Bis haut huet nach all Lëtzebuerger mäin Text verstanen. Vun Eifeler oder Äifler Regel hun ech eréicht virun engem Mount héieren. Ech hun a mengem laangen Liewen schon's vill Ännerungen an der lëtzebuergeschen Schreiwweis mattgemeet. Och déi aktuell gët enges Dags nees geännert ! - Awer elo eppes Anescht. Ech sinn frou wann Dir méng Texter verbessert, awer w.e.g. kommt Äerch nët vir, wéi Professeren, déi e bësschen méi geléiert hun ewéi déi aaner. Et mengt een heiansdo, et wäer een hei op enger Spillwiss. Verbessere kann een och ouni domm Bemierkungen ze maachen a wann der nët wëllt datt aner Leit Texter maachen oder probéieren ze maachen, da soot einfach "haal op". --SITCK 09:50, 4 November 2006 (UTC)

Moien Alexandra. Wann s de solls Zäit kréien, da wier et ganz flott (wat e Geschmalz :-)) fir mat enger Këscht unzefänke fir München. An eiser Hitparad ( Gewënschten Artikelen ) ass dat bei de "Spëtzereider". Messi. --Cornischong 23:47, 15 November 2006 (UTC)

Halli. Syrien: schéin. --Cornischong 21:22, 19 November 2006 (UTC)

Halli. Mer hunn e puer Portale bäikritt (resp. et kommen der nach haut). Wann s de den Tour kriss, da kéins de mat hëllefen, d'Artikelen an déi nei Tirange leeën. Merci. (De Fortschrëtt ass nees net ze bremsen). --Cornischong 07:37, 30 November 2006 (UTC)

Halli. Du hues natierlech Recht. Mee, déi Schreifwwis, wéi mär se haut hunn ass nach allerhand jonk. Nom Zweete Weltkirch hate se hei am Land eng, déi engem haut ganz "komesch" virkomme muss. Déi Zäit ass nach mat villen Apostrophe an Accentë geschafft ginn. Well mer awer den "Original" hei gebrauchen, di mer gutt drun, déi "komesch" Schreifweis vun deemols fir déi Saache vun deemols ze gebrauchen. --Cornischong 13:18, 11 Dezember 2006 (UTC)

Hei kriss de mol e Maufel mat, wLi dem Dicks säi Stéck "Op der Juegd" am Original heescht!!!

Fichier:Dicks Juocht.jpg

--Cornischong 13:34, 11 Dezember 2006 (UTC)

Merci fir d'Sonnesystem - Këscht. --SITCK 11:01, 27 Dezember 2006 (UTC)

Schéin. --Cornischong 08:31, 24 Februar 2007 (UTC)


Gudden Owend,

Kanns de mol do kucke w.e.g. Ech hunn eng Fro Duerfkëschten ënnen op der Säit Les Meloures 20:46, 26 Februar 2007 (UTC)

Ausser de Jacinthen, hunn ech Dier och Giel Penseeën an eng Crocusblumm ropgelued. Ech huelen un, dass Du gaer den Textbäitrag preparéiers. Bis geschwënn. ernmuhl 17:31, 21 Mäerz 2007 (UTC)

Halli. Wien hätt da kënne wëssen, datt et d'Bluttsëffer sinn, déi dech nees aus dem Haische gelackelt kréien? --Cornischong 17:08, 22 Mäerz 2007 (UTC)

Moien. "Vioul" ass net schlecht. Ech erënnere mech un e Lidd:

't ass Fréijoer an déif donkelblo
den Himmel wäit sech zéit.
D'Vioulen déi sinn och rëm do
an d'Nuechtigäilche schléit.
asw.
Leider weess ech weder de ganzen Text nach kennen ech den Auteur an de Komponist.--Pecalux 09:01, 24 Mäerz 2007 (UTC)

Gudden Owend,

Firwat läschst du d'Kategorië vun de spuenesche Provënzen Les Meloures 20:28, 27 Mäerz 2007 (UTC)

Salut
Kanns de mer deen Duercherneen vläicht méi genee erklären ech verstinn dat net richteg.
Merci am viraus Les Meloures 10:06, 28 Mäerz 2007 (UTC)


Salut,

Wat mengst de mat net gläichméisseg agedeelt.

Ech menge wann ee Land Provënzen huet da sollen et déi Kategorië ginn, ech verstinn net wéi en dat ka basser a méi gläichméisseg andeelen wann en déi Kategorië läscht. Les Meloures 15:30, 28 Mäerz 2007 (UTC)

Moien

Muss net Center derbäi stoen

Da kuck emol op et geet. Ech gesinn net dass et centréiert ass Les Meloures 06:58, 5 Juni 2007 (UTC)

Resalut

Bei mir steet den Anden-Kondor lénks, an de Vulpus ënnen och. An den aneren hat ech schonns bei e puer Center beigefléckt. Ech misst se elo all kucken wou et net esou ass. Dat bréicht awer e bësselchen Zäit. Et ass vläicht méiglech datt et e Problem vum Browser ass. Mer haten do och mat de Biller Problemer. Am Opera an am Firefox leeft net alles wéi am Internetexplorer. Les Meloures 07:16, 5 Juni 2007 (UTC)

Dat ass an der Rei
Ech hoffe just datt jiddereen dat heite liest an da bei sech kuckt an och äntwert. Soss si mer esou lous ewéi virdrun. D'Fro ass just: Schuet dat eppes wann een den Center nach bäifléckt. Dat wier jo déi einfachst Léisung oni dat muss vill geännert ginn. Les Meloures 07:29, 5 Juni 2007 (UTC)~

Den Zenter[Quelltext änneren]

Am Opera 9.2 gesinn ech den Titel iwwer der Foto an der Mëtt "schwaarz" geschriwwen!! Am Firefox 2.0.0.4. gesinn ech den Titel an der Mëtt "wäiss". An am IE 7 Vers. 5730.11 gesinn ech den Titel "wäiss" an e steet lénks" !!! Dann hu mer wuel am beschten, mer setzen "center" dohinner a mer këmmeren eis ëm eis Moschwiren. Mengt der net och? --Cornischong 16:27, 5 Juni 2007 (UTC)

Moien Alexandra. Flott, datt s de nees dozou kënns, eng Hand mat unzepaken. Hoffentlech wäers de mat dem Schwangerschaftsartikel wiederfueren. Do ass nach esou vill ze maachen, an dat péckt bis elo soss keen un. --Cornischong 09:39, 10 Juli 2007 (UTC)

"Wees du villeicht de lëtzebuergeschen Numm fir Charadriiformes (de: Regenpfeiferartige) ?": Wat ech mech froen: war dat eng rhetoresch Fro "aus dem Jeensäits" oder kënnt eppes no? --Cornischong 00:19, 29. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]


Moien,
Méiglech Propose do Benutzer Diskussion:Cornischong
Les Meloures 16:43, 3. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien Alexandra,

schéin, dass de d'Zäit kriss, hei an s do hei laangscht ze luussen! --Zinneke 11:27, 30. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien Alexandra. Wa mer kucken, datt mer valabel Fotoen an d'Wikipedia solle kréien, da wëlle mer se net a Käppercher verzauberen. Wann ech den "Cleveland Bay"-Artikel gesinn, da kréien ech en décken Hals. Do ass eng schaarf, valabel Foto, déi ee muss uklicken, fir ze gesinn wat drop ass. Dat ass décke Sch.... , well mer bis elo ganz gutt mat Fotoe gefuer sinn, déi ee konnt kucken! --Cornischong 10:04, 13. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Këschte voll[Quelltext änneren]

Wann ech gesinn, datt keng eng Wikipedia eng Foto vum Théâtre national de l'Opéra-Comique huet, a vun der Scala sou gutt wéi nëmme Krätzbiller, da froen ech mech op an der franséischsproocheger keen zu Paräis wunnt. Da froen ech alt emol dech. Als wäitgereeste Mënsch misst du dach Këschte voll Fotoe vun Operenhaiser hunn. Kuck dat emol no, well den Ernmuhl ass déck amgaange mat sengen Artikelen iwwer déi Déngen. --Cornischong 09:19, 15. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Këscht voll Fotoen hunn ech, op awer elo Operenhaiser dobäi sinn.... :-) Ech kuken dat op alle Fall emol no. --Alexandra 09:27, 15. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]


Salut: Jo déi Koordinatesaach ass flott. Besonnesch fir Plazen déi méi verlosse leien. Dann ass méi liicht fir esou Tricken op der Kaart ze lokaliséieren. Les Meloures 15:54, 19. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Salut, bonjour. Ma selbstverständlech. Ech muss do ageschlof sinn :-)) (Huel och dat Schantjensdéngen anengems eraus.) Hat ech der och scho gesot, datt ech frou sinn, datt am Zoo sech nees eppes deet? --Cornischong 10:31, 21. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Halli. Wann et ëm Biologesches geet (wéi deng Fro nom lëtzebuergeschen Numm) da fro mol am beschten de Cayambe, dat kéint dee Richtege sinn. --Cornischong 12:23, 21. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Këschte mat Käppercher[Quelltext änneren]

... gouf an de Wikipedia:De_Stamminet#K.C3.ABschte_mat_K.C3.A4ppercher geplënnert. --Z.

Moien, ech giff et läschen et sief, du hues d'Gefill, dass vill Leit iertimlech ënnert dem Lemma Elef nosichen. --Zinneke 13:46, 26. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

këschtlech Ufro[Quelltext änneren]

Halli. Du wolls bestëmmt nach eng Cladonia -Këscht maachen; ma dat ass gutt esou. Awer deeër eng ouni Gefaach fir e Bild, déi komme jo niewendrun :-)) --Cornischong 09:29, 3. Mäe 2008 (UTC)

br[Quelltext änneren]

Salut:

Wéis de gesinn hues hunn ech bei menger Ännerung test derbäi geschriwwen. Dat huet als Ursach well de br net an all Këscht déi selwecht Wiirkung huet. Ech wollt emol kucken op dat just um br läit oder un der Schabloun. Et ass mer elo opgefall nodeems de br bäigesat gouf. D'Maschinn brauch e bësselchen Zäit fir dat ze verdauen.

Et kann allerdéngs och e Problem sinn dee mat der dynamescher Breet vun de Këschten zesummenhängt. Wéi gesot et ass en Test.

Als Beispill kanns de der d'Gemeng Bech ukucken. Elo stinn Koordinaten an enger Rei. Mat dem br stinn se an zwou Reie wéi gewollt awer net aligneiert. Dat geséit sech net besonnesch gutt un.

Les Meloures 14:11, 6. Mäe 2008 (UTC)

Resalut,
De br ass elo erëm dran an de Problem an de Lëtzebuerger Uertschaftskëschte geléist. Se stinn och elo do lénks alignéiert.

Les Meloures 14:58, 6. Mäe 2008 (UTC)

Halli. E gudde Batz (!) méi grouss. Datt den Titel déi fräi Plaz tëscht dem Billi an dem rietse Bord opfëllt. Ech maachen dat léiwer net, well mäi Monitor "e bësse speziell ass" an ech gär aus de Limitte geroden. --Cornischong 10:31, 9. Mäe 2008 (UTC)

Eng mat der Kaart[Quelltext änneren]

Salut,

Wollt der just Bescheed ginn, datt et schonn eng änlech Schabloun wéi d'Schabloun:Kaart Däitschland gëtt. Se heescht Schabloun:Kaartpositioun Däitschland, an et ass och net déi eenzeg vu deeër Zort, kuck: Schabloun:Kaartpositioun

Hei e Beispill:

Tréier (Däitschland)
Tréier
Tréier

Du kënns awer natierlech déi an d'Këscht setzen déi der am beschte gefällt ... wanns de iere wëlles häss eng mat der Kaart ze maachen :) Just à titre d'information deemno! --Kaffi 19:43, 12. Mäe 2008 (UTC)


Moien,

Den Ofstand vun der Schabloun zum Text klappt elo. Well ech och net de Superexpert an de Këschte sinn, huet dat e bësselche Getriwwels verlaangt. Dat huet natierlech e puer Edite kascht. Dat läit dorunner datt een d'Verännerung vun der Schabloun net am Preview ka gesinn, soss kéint ee sech déi Edite spueren. Les Meloures 11:11, 22. Mäe 2008 (UTC)

Remoien,

Mat engem primitiven Hëllefsmëttel, ass et gaange fir en Ofstand dranzebastelen. Ech hunn och de Knäipziedel verbessert fir datt een d'Rei mat den offizielle Sproochen och an der Këscht gesäit. Les Meloures 14:58, 22. Mäe 2008 (UTC)


Moien,

Änwert vum Goldkäschtebam Hei Les Meloures 14:00, 27. Mäe 2008 (UTC)

Wann de Saz iwwer dat héchste Bauwierk net stëmmt, soss wier e jo net geläscht ginn, gëtt et da méi en héicht? --BlanneJang 12:28, 4. Abr 2008 (UTC)