Benotzer Diskussioun:Christian Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Moie Christian Lëtzebuerg,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaacht Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


--Robby (Diskussioun) 21:31, 22. Aug. 2012 (UTC)[äntweren]

Schabloun:Infobox Flughafen[Quelltext änneren]

Kann ech man, mee da misst ech als éischt wësse wat fir Donnéeën s de gär dran häss. Ech giff emol soen: - Numm vum Fluchhafen - Koart - GPS-Koordinaten - Héicht iwwer dem Mieresspigel - IATA-Code - ICAO-Code - Bedreiwergesellschaft - Infoen iwwer Start- und Landebunnen

Soll soss nach eppes drakommen (Logo, Typ, Localisatiounsinfo, Hub, Passagéierzuelen, Cargotonnen, Maximalkapazitéit, Zuel vu Flich, Zuel Terminalen, Zuel Employéen, Fläch, Zäitzon, Datum wou en opgoung, Zäite wou en op ass, Verkéiersverbindungen, Bild aus der Vulleperspektiv,...)? )?

--Otets ♣ 13:37, 8. Okt. 2012 (UTC)[äntweren]

Ech hunn elo emol eppes gezwafft, et funktionéiert awer nach net richteg (Schabloun:Infobox Fluchhafen). --Otets ♣ 15:55, 16. Okt. 2012 (UTC)[äntweren]

Ech kennen dee Problem mat der Schabloun, et war e Programméierfeeler sinn, ech hunn en elo endlech fonnt a gefléckt. --Otets ♣ 18:12, 22. Okt. 2012 (UTC)[äntweren]

SVG-Dateie fonktionéiere mat der Schabloun. Op "Schabloun:Infobox Fluchhafen" gesäit ee jo grad d'Beispill vum Fluchhafe Moskau-Scheremetjewo, deem säi Logo jo och eng SVG-Datei ass. Ech huelen éischter un, datt de Problem dohier kënnt, datt Commons keng Logoen erlaabt an dofir esou Dateien och net automatesch all Wiki zur Verfügung stinn. Wann s de dech un engem auslänneschen Artikel orientéiers muss de also och ëmmer de Logo dee si do gebrauchen extra vun hinne kopéieren an op eis Wiki eroplueden. --Otets ♣ 12:17, 31. Okt. 2012 (UTC)[äntweren]

Natierlech, wat aner Wikien däerfen, dat däerfe mär och. Natierlech solls de e Link op déi aner Wiki setzen an och e Link op d'Originalsource, an d'Lizenz {{Bild-Logo}} muss och derbäikommen. Ma da geet dat ouni Problemer, well et geschitt am enke Kontext vun der Illustratioun vun engem Artikel fir deen de Logo wichteg ass. A mer beruffen eis zur Sécherheet nach op Fair Use, mee et ging esouguer dersonnert goen, déi streng de-wiki z.B. beschränkt sech einfach drop op den enzyklopädeschen Zweck hinzeweisen. Also, soulaang all déi Infoen derbäistoe kommen an de Logo just an engem Fluchhafenartikel opdaucht ass alles am gringe Beräich. --Otets ♣ 12:48, 2. Nov. 2012 (UTC)[äntweren]

Mär hu Koarte vu China, Däitschland, Frankräich, Italien, Éisträich, Kroatien, Lëtzebuerg, Russland, an zënter haut dann och vun Nepal. Dat misste genuch Fluchhäfe gi fir eng éischt Rëtsch Artikelen ;-)) --Otets ♣ 14:05, 16. Nov. 2012 (UTC)[äntweren]

Merci!!!!!!!!!!!!!