Benotzer Diskussioun:François Schanen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien Här Schanen, et freet mech Iech hei begréissen ze dierfen!

Heidrënner fannt Der allgemeng Informatiounen, wéi Wikipedia fonctionnéiert. Wéi schonns virdru gesot: Zéckt net, ze froen, wann eppes net kloer wier. Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 11:13, 16. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]

Moie François Schanen,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaacht Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


Merci!

Fir ee gekachtent Ee an d'Diskussioun iwwert den zousätlechen -en an der Flexioun vum Epithète: et geet hei net ëmmer ëm fakultativ Varianten. 1) D'Verbalpartikelen kënnen nëmmen als Epithète fonctionnéiere wann dësen -en derbäi kënnt: D'Dier ass op --> eng oppen Dier, den Dag vun der oppener Dier ... 2) Déi 2. Partizipien, déi haut als Partizip dee staarken -en verluer hunn, hunn als Epithète nees en obligatoreschen -en: verluer --> eng verlueren Auer; verlueren Aueren; beschass --> e beschassene Kärel, eng beschasse Louder, beschasse Leit... 3) Déi 2. Partizipien, déi haut als Partizip dee schwaachen -t als Endung hunn, kënnen als Epithète e meeschtens fakultativen -en unhuelen: verwinnt --> verwinnte Kanner; eng verwinnte Fra; zesummegerullt(en) Zäitungen; déi gema(ach)ten Aarbecht... 4) Superlativformen op -st kënnen als Epithète en zousätzlechen fakultativen -en unhuelen: déi schéinste Figur(en); dat flottst(e) Lidd 5) Aner Epithèten op -t huelen heiansdo ee fakultativen -en un: déi éischt(e) / drëtt(e) / lescht(e) Kéier ...

Cf. F. Schanen / J. Zimmer: (1, 2, 3) Lëtzebuergesch Grammaire (an engem Band), Schortgen, 2012, §§ 207-215; F. Schanen: Lëtzebuergesch Sproocherubriken, Schortgen, 2013, S.82-88 --François Schanen (Diskussioun) 15:18, 16. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]