Benotzer Diskussioun:Gilti04

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moie Gilti,

maach emol lues weg mat deenen Datumssäiten; op bal jidderenger sinn Tipp- oder Schreiffeeler. Wier et net besser, emol zu enger vun deene Persounen een Artikel ze schreiwen? Domat wier méi gehollef, dat hei ass just duebel Aarbecht... --Zinneke 20:18, 15. Feb. 2010 (UTC)[äntweren]


... da lies w.e.gl wéinstens d'Reegele vun der Eifeler Reegel, "däitsche Foussballspiller", "däitsche Komiker" asw. kritt keen "-n"!

Pardon, et ass net immens elegant, een ze spären, mee anscheinend déi eenzeg Aart a Weis, Dech an dengem Elan ze bremsen. Also nach eng Kéier an aller Rou: Ech muss eenzel all Säit nees opmaachen an änneren, wou s D'eppes bäigesat hues, well zesoen op allen en Tipp- oder Schreiffeeler ass. Et gëtt nun emol eng Orthographiereegel dofir, wéini en "n" um Enn vun engem Wuert geschriwwe gëtt a wéini net. Virum Ofspäicheren eng Kéier noliesen, huet och ni geschuet. Mat denger Aart a Weis méchs de mär just Aarbecht; elo sinn ech scho bal eng Stonn am Gaang, hannert Der hirzeverbesseren.

Nach eng Kéier: Schreif einfach emol EEN Artikel zu enger vun deene Persounen, an da gesi mer virun. --Zinneke 21:06, 15. Feb. 2010 (UTC)[äntweren]

PS: An 2 Stonnen ass d'Blokad nees opgehuewen.

Moie Gilti04,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaacht Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!