Benotzer Diskussioun:Gregori-luxair

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Haalt wgl. op, Topegkeeten op d'Wikipedia ze schreiwen oder soss aner topeg Aktiounen ze maachen. Dat gëtt als Vandalismus ugesinn. Wann Dir Saachen ausprobéiere wëllt, da maacht dat wgl. an der Sandkaul.
Moie Gregori-luxair,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaacht Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


Holland vs. Niederland[Quelltext änneren]

Moie Gregori-luxair,

du hues an den Artikelen Holland an Amsterdam den Term Holland duerch Niederland ersat. Prinzipiell ass näischt géint Verbesserungen anzewenden. An dësem Fall awer muss ee wëssen (an dat kanns du nach net wëssen well's du nach net laang derbäi bass) dass an de läschte Joren schon dacks iwwer dat Thema diskutéiert gouf, ob mer Holland oder soss en Term gebrauchen wa vum Kinnekräich Nederland riets geet. Mir hunn eis deemols dropp gëeenegt, den Term Holland ze gebrauchen, an zwar aus déier Ursach well eng grouss Majoritéit vu Lëtzebuerger dat Land esou nennt, ob et elo richteg ass oder falsch. Mir soe jo och "Päerdsbifteck, obschonn et misst "Päerdssteak" sinn.

Deng Verbesserunge goufen dowéinst annuléiert. Dat soll der awer elo net de Courage huelen fir nach weiderhinn op lb:Wikipedia matzeschaffen. Wikipedia ass nun eemol, vun der Konzeptioun hir, esou geduecht dass jiddereen säi Wësse kann abréngen. Mä, wou vill Leit matschaffen, ginn et grad esou vill Meenungen. An do komme mer net derlaanscht fir Konzessiounen ze maachen an eis z'eenegen. --Pecalux 13:16, 14. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Onbeluechten Zuelen[Quelltext änneren]

Moien, wann s de Zuelen ännere gees, déi mat enger Quell beluecht sinn (wéi d'Awunnerzuel vun der Stad Lëtzebuerg) da gëff och wegl d'Quell vun där Zuel un, déi s D'änners. Soss gëtt dat direkt nees réckgängeg gemaach. --Zinneke 15:23, 27. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Fluchhafe Lëtzebuerg[Quelltext änneren]

Moien,

Kuckt w.e.g. hei ier Dir Ännerungen an dem Artikel mat. Merci! --Jwh 07:29, 8. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]