Benotzer Diskussioun:Gustav Stuffer

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Interkontinentale Coupe[Quelltext änneren]

Moien, wat feelt? --Gustav Stuffer (Diskussioun) 01:54, 9. Nov. 2020 (UTC)[äntweren]


Moien och.
Sou wéi an der Schabloun steet: Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediacritèrë fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf.
Dorënner fällt z. B: Schlecht Definitioun, Feeler am Lemma deen am Text anescht widderholl gëtt, onverständlech Kapiteliwwerschrëft (Kuckt wgl. dës Diskussioun), Schreiffeeler an der Tabell, etc.... --Les Meloures (Diskussioun) 09:03, 9. Nov. 2020 (UTC)[äntweren]

I am not native Luxembourgish speaker, could you correct my mistakes? Ech sinn net Lëtzebuergesch Mammesproochler, kënnt Dir meng Feeler korrigéieren?--Gustav Stuffer (Diskussioun) 04:37, 10. Nov. 2020 (UTC)[äntweren]

Dat ass jo flott. Maacht dir dat an anere Wikien och? Et soll een dach déi Sprooch vun där Wiki an där ee schreift kënnen, soss muss een d'Patten dervu lossen. Dat do si schlecht Manéieren. --Les Meloures (Diskussioun) 07:06, 10. Nov. 2020 (UTC)[äntweren]

Ech hunn zu Lëtzebuerg gelieft, ech wollt hëllefen, dat ass alles--Gustav Stuffer (Diskussioun) 14:00, 10. Nov. 2020 (UTC)[äntweren]



Informatioune fir nei Benotzer
Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".

Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!