Benotzer Diskussioun:Laumesfeld
|
A Possen
[Quelltext änneren]- Moien Ekipp vum Musée,
- Är Ännerunge goufen erausgeholl well s'op der falscher Plaz stoungen, a sou net an den Opbau vum Artikel gepasst hunn. Et ass virgesinn déi Infomatiounen ze verwäerten a s'op der richteger Plaz anzebauen, warscheinlech haut am Laf vum Dag.
- Leider kann net alles an engem Dag gemaach ginn, mä wa Saachen an en Artikel gesat ginn, an dann op Plaze stinn, wou dat net passt, da ginn déi mol direkt erausgeholl oder verstoppt, an duerno gëtt probéiert fir déi Informatioun ze benotzen an op der richteger Plaz anzebauen. Dacks geet dat net ëmmer direkt.
- Mat de Fotoe war et déi selwecht Ursaach, mä do hat Dir en plus, Fotoe vun anere Mataarbechter déi och gutt waren, einfach eliminéiert, fir Är an d'Plaz ze setzen. Dat si Manéieren déi sinn net gär gesinn.
- PS: Nach eng zousätzlech Informatioun: Am Begréissungstext op dëser Säit steet och, wéi een e Message korrekt mécht. Dozou gehéiert eng Ënnerschëft wéi bei all Courrier, fir datt deejéinegen deen äntwere soll net nach laang muss rode wiem hien elo soll d'Äntwert schécken.
--Les Meloures (Diskussioun) 08:36, 21. Feb. 2019 (UTC)
Gudde Mëtteg,
mir hunn gesinn, dass Dir d'Ännerungen nach net firgeholl hudd. Ass et eventuell méiglech dass mir méi enk zesummen schaffen fir den Artikel endlech op den neitsten Stand ze bréngen? Méi wéi d'halschend vun den Informatiounen am Artikel sinn veraalt an net méi richteg. Et géif eis als Musée, an denken och den Interessenten, hellëfen wann den Artikel iwwert déi richteg Informatiounen an Fotoen géif verfügen. Vlait kennen mer eis jo per Telefon oder via Email méi konkret an am Detail driwwer ennerhaalen? Merci fir eng Äntwert. MBG -- Laumesfeld
- Déi Ännerungen déi dir bäigefléckt hat, sti lo am Artikel. Mir loossen ons net gär hetzen an alles ass fräiwëlleg hei.
- Niewebäi bemierkt: d'Wikipedia ass kee Reklammsbliedchen an d'Cliente vun enger Organisatioun spillen hei keng Roll. Wann Dir eppes fir Är Cliente wëllt maachen da kënnt Dir dat besser op Ärer Websäit maache wéi hei. Oder däerft dir do déi Informatiounen déi lo op der Wikipedia stinn net drasetzen? Dat wier e bësselchen traureg. --217.136.109.21 16:56, 15. Mäe. 2019 (UTC)
Kaaschtel
[Quelltext änneren]Haut gett Prëssessioun vun der Kierch Altwis op de Kaaschtel.
- Soll dat d'd'Aktualitéit vun haut de 5. Mee sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 08:58, 5. Mee 2020 (UTC)