Benotzer Diskussioun:Laurent Mazouin

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Moie Laurent Mazouin,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaacht Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


Moie Laurent:-) Jean Beurlet 17:27, 6. Okt. 2009 (UTC) Flott dass du déin éischten Artikel geschriwen hues:-)! Jean Beurlet 13:31, 10. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]


Villmools Merci fir den Artikel iwwer déi russesch Grammatik. Dat ass super, weider esou! Ech hu mer just erlaabt, e puer kleng Feeler dran e verbesseren. Wann s de doriwwer (oder eppes anescht) schwätze wëlls, da schreif mer w.e.g. eng Email (op menger Benotzersäit an der Geschirkëscht op "Dësem Benotzer eng Email schécken" klicken). --Otets ♣ 21:49, 20. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Moie Laurent:-) t'ass flott dass du matmechs; denk just drun, Linken an dengen Artikel anzebauen:-) Jean Beurlet 17:44, 4. Nov. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,
Kuck emol w.e.g. Do.
Les Meloures 08:46, 1. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Alkohol an Alkoholen[Quelltext änneren]

Sinn dat 2 verschidde Saachen oder ass dat eent dat selwecht wéi dat anert, just am Pluriel?

Ech froen, well mer 2 verschidden Artikelen hunn: Beim Alkohol gi mer op Ethanol weiderverlinkt. Bei Alkoholen komme mer op en eegestännegen Artikel. Fir e Laien ass et net einfach ze verstoen. Do besteet Erklärungsbedarf, mengt de Laien --Pecalux 06:36, 5. Mee 2010 (UTC)[äntweren]

Do hues de Recht, ech muss do wierklech eppes änneren. Alkohol ass fir d'éischt emol den triviale Numm vum Ethanol. Alkoholen, also d'Méizuel, ass an der organescher Chimie de Sammelbegrëff fir all Molekül, déi mat engem oder méi OH-Gruppementer verbonne sinn (Methanol, Ethanol, Propanol, Glycerol etc.). Si ginn och nach Alkanolen genannt. Mä wann ee vun ENGEM Alkohol schwätzt, muss dat net onbedengt den Ethanol sinn. Do besteet effektiv e Problem. Laurent Mazouin

Et misst elo an der Rei sinn. Laurent Mazouin

Moien,
Wat war un deem Methanbild dat virdrunner do stoung falsch? Les Meloures 16:52, 1. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

D'Liaisoune vun der Molekül waren e bësse kromm. Dat neid Bild entsprëcht de Standardreegelen (esou hunn ech et an der Chimie geléiert) an ech hu vir, och déi aner Molekülen e bësse méi schéin ze maachen. Et soll alles méi formatéiert an norméiert ausgesinn. Soss geseit alles huddelafatz aus an da hu mer hei en 3D-Modell, do e "modèle éclaté" an esou virun. Ech well keen domat rose maachen, mä ech insistéieren dorop, dass an déi Këscht riets an de Chimiessäiten nëmmen Molekülen kommen, déi den Gillespie-Reegelen entspriechen a bei grousse Molekülen soll een dann déi sougenannt "structure en bâtonnets" benotzen. Laurent Mazouin 16:57, 1. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

ok. Merci fir d'Explikatioun. Les Meloures 18:55, 1. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]
Den Artikel Schabloun:DeklinatiounLatäin, deen dir op d'Wikipedia gesat hutt, huet nach keng Kategorie.
Denkt wgl. dru fir an der Rei iwwer de Kategorien {{DEFAULTSORT:Numm}} anzesetzen. Mat Numm ass de Lemma vum Artikel gemengt. Wann de Lemma nëmmen aus engem Wuert besteet an deem keng Ëmlauter sinn brauch den DEFAULTSORT net agesat ze ginn. Bei Persounennimm gëtt de Familljennumm als éischte geschriwwen, an ouni Ëmlauter. Beispill: Müller gëtt Muller geschriwwen.

Dat hëlleft fir den Artikel automatesch ze sënneren an ass wichteg wa Schabloune mat agebonnene Kategorien am Artikel stinn.
Wann dir Hëllef braucht sot wgl. engem Administrateur op senger Diskussiounssäit Bescheed.

Les Meloures 09:46, 17. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]