Benotzer Diskussioun:Les Meloures/Archiv 2009

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Grouss a kleng[Quelltext änneren]

Remoien,
Hei geet och vun enger Decisioun am Staminet riets.
Ech gesinn déi néierens, dat heescht datt ni gefrot gi war fir driwwer ofzestëmmen, datt deemno och net ofgestëmmt gouf (no de Regele vun der Wiki), an datt och keng majoritär Decisioun festgehale gouf. Les Meloures 12:11, 24. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

(Eriwwer gesat aus der Diskussioun op Les jeudis des sciences, fir datt d'Aentwert ze verstoen ass) Cayambe 23:29, 1. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Hallo Les Meloures, am September 2008 hate véier Mataarbechter (Zinneke, Pecalux, PlayMistyFoMe an Otets) sech um Stamminet mam Uwende vun der Regel d'accord erklärt. Kee war dergéint. Ech hat deemols ugeholl, datt dat eng Decisioun vun der Communautéit wier. Sorry, datt ech dat net richteg verstanen hat. Mee mir kënnen d'Ofstëmme jo elo an aller Form nohuelen (cf Stamminet vun haut). Beschte Gréiss, Cayambe 23:20, 1. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Salut an e gesond neit Joer, kannst Du mäer soen wat richteg ass: Kribsniwwel oder Krabbe(n)niwwel. Ech hunn do e Problem. Merci an all Guddes --SITCK 10:20, 2. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Salut, Merci an dat selwescht gewënscht.

Ech hunn emol an den anere Wikie geluusst. Déi fueren all mat de Krabben, wat och der Iwwersetzung aus dem Latäin entsprécht. Just déi Däitsch hunn de Krebsnebel, a schreiwen dann derbei wörtlich übersetzt: Krabbennebel. Ech hunn dommerweis och e puermol de Kriibsniwwel agesat. Ech änneren dat erëm op Krabbenniwwel.

Les Meloures 10:40, 2. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

  • Merci fir deng vill Aarbechten bei den astronomeschen Artikelen ;o)
Elo bleiwt nach d´Fro, ass et Krabbeniwwel oder Krabbenniwwel, eigentlech ass et jo nëmmen een an net e puer ? --SITCK 11:57, 2. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]
Dat huet näischt mat een an e puer ze dinn. Et ass och eng Krabbenzaang, awer ee Krabbebeen.
Wa mer net d'Liaisoun wëlle maachen da wier et Krabbniwwel wat sech menger Meenung no schlecht seet. Du kanns elo selwer decidéieren ob s de léiwer Krabbniwwel oder Krabbenniwwel wëlls huelen. De Rescht wier an 2 Minutte verbessert. Krabbeniwwel ouni n ass op jidwerfall falsch.
Les Meloures 12:24, 2. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

mail an der Këscht --Robby 18:06, 4. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Fir wat lechs du alles?

Moien, fir bei der dacks bemängleter Héiflechkeet ze bleiwen.
Wie freet a wat ass alles?

Les Meloures 16:04, 15. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

moin wat ech geschriffe hu

Remoien,

Ah sou. A wat war dat? Méngs de domatter déi dréi Dénger vun de Politiker vun Dippech.

Iwwregens eng Fro: ass de Claude Bosseler schonns vereedegt? Du schéngs jo do um Courant ze sinn. Wann en net vereedegt ass, ass en nach net Buergermeeschter.

Ps: Kuck der emol vläicht aner Artikelen iwwer Persounen op der lb:Wiki unn. Do geséis wat de minimum ass deen am éischte Saz soll stoen. Artikelen déi net déi néideg Minimalinformatiounen hunn, bleiwen net op der Wik stoen.

Fir déin Numm hanner e Message ze setzen, brauchs de nëmme 4 Mol den Tilde ze drécken ~~~~. Soss muss ee siche goen, fir erauszefanne wie geschriwwen huet.

Les Meloures 19:33, 15. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

moin ne nach net. richt am januar. me en huet schons eng majorité mat der madame schaul dit seiten gewechselt ass. Superdiesel 19:45, 15. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]


Ok da maache mer emol déi Ännerunge reckgängeg, well sou laang wéi en net vereedegt ass, ass net Buergermeeschter. Les Meloures 20:07, 15. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Bonjour, Nous désirons apporter des modifications/ajouts à la page Wikipedia concernant Monsieur Valentiny François. Merci de bien vouloir nous contacter au 23 60 70-1. Bureau HVP, Isabelle Mellinger

    • Salut

hunn der eng Mail gemaach. Merci fir eng Äntwert. --SITCK 17:53, 23. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

mail do --Robby 21:24, 24. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Vu mär aus dann eben zwou Homonymiesäiten. Mee sollt den Theater net mam normale Lemma bestoe bleiwen an d'Homonymiesäit als sollech markéiert ginn? --Otets 22:37, 24. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

Hu mer en Theater????

D'Fransousen hunn deen Artikel mat op d'mannst 6 Redirecten, a fir déi schéengt et näischt anerschters ze ginn, dat nach esou kéint heeschen. Eng Homonymiesäit mat dem Lemma + (Homonymie) soll nëmmen da gebraucht ginn, wann de Lemma sou superbekannt ass datt déi aner nëmme sollen zur Informatioun ënner enger Homonymie opgefouert ginn, wéi z. B. Roum. All déi aner Roumen déi et gëtt sollen dann an enger Roum (Homonymie) stoen. Soubal wéi et net evident ass wat am bekanntesten ass soll d'Homonymie nëmmen fir Lemmae mat dem genee selwechten Numm do sinn awer nach op déi aner hiweisen. Dat vereinfacht am Allgemengen d'Sich mat engem prezise Stéchwuert.

Les Meloures 23:02, 24. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Elo hu mer en Theater. Deen ass och am bekanntesten, déi (meescht) aner si jo just Hommagen oder soss Referenzen op den Theater respektiv seng Spektaklen. --Otets 00:24, 25. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Salut,
ech hunn elo just Fritz Hartmann op Fritz Hartmann (Krichsverbriecher) geréckelt. Läsch w.e.g. d'Säit Fritz Hartmann, fir Plaz fir eng Homonymiessäit ze maachen. Vläicht kënnt d'Säit vum Gestapochef och Fritz Hartmann (Gestapochef) genannt ginn? Wat mengs Du ? an "déi Aner" ? Cayambe 19:49, 27. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

Dat misst schonns esou an der Rei sinn.

Fir d'Homonymie ze maachen brauch d'Säit net geläscht ze ginn. Du brauchs nëmmen d'Säit opzemaachen, de Redirect erauszehuelen an d'Homonymie an d'Plaz ze setzen. Les Meloures 19:53, 27. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Ok, merci. Ech prebéieren dat :-). Awer méi spéit den Nowent. Cayambe 19:56, 27. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Ah ok an der Rei dei hudd dier gemengt. Daat ass net wierklech eng verschlesselt Form mee eng Websäit-Notatioun, fier emlauter duerzestellen. Doduerch gett verhennert dass komesch Zeechen aplaatz fum richtegen ugewissen gett. Mei Informatiounen fannt dier op [1]

eischtens ass e buch waat wieder bescheriwt keen dictionnaire mee e lexikon, an 2tens, war et eng skizz.

Merci fir dat Wellkomm heeschen!--Eldrewitsch 14:42, 9. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Schabloun Vëlossportler[Quelltext änneren]

Moien,

Et ass mir opgeall dat's du Schabloune fir d'Vëlossportler méchs, wou niewent dem Virnumm an den Numm och de Fändel mat der Nationalitéit ze gesinn ass. Hues du schon dru geduecht dat et Vëlossportler gëtt déi d'Nationalitéit an hierer Carrière gewiesselt hunn oder wou de Fändel vun hierem Land am Laf vun der Zäit geännert huet?--Fliedermaus 14:24, 11. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]


Salut,

Et ass mer opgefall, datt et esou Fäll gëtt.

Ech menge bei den Italiener, gëtt et e puer sou Fäll bei deenen de Fändel g'ännert huet. Bei de Fransousen op der Wiki a bei den Noperen déisäit der Musel sinn se amgaangen dorunner ze flécken. Ech huelen un datt bei 95 % vun de Fäll dee Problem net besteet. Déi aner musse mer ons da méi genee ukucken. Wann der esou een opfällt so mer einfach Bescheed. Ech kucken da fir dat ze redresséieren.

Merci op jiddfer Fall fir d'Opmierksamkeet.

Les Meloures 14:54, 11. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

De Pino Cerami ass zum Beispill e Cycliste deen d'Nationalitéit gewieseelt huet.--Fliedermaus 15:17, 11. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Knippskëscht-Bild[Quelltext änneren]

Salut. De Fichier "Fichier:Klengbildspigelreflex w n1.jpg" ass, no laangem Gedéngels mat SVG Modeller, dee "Richtegen". Du kanns also den "w2" an de "w3" (allebéid SVG-Dateien!) läschen. Merci. --Cornischong 16:32, 15. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

Ass gemaach Les Meloures 16:51, 15. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Hello, please give me the link of Bot flag request in this wiki 'lbwiki'. please contact me Link here Thanks NobelBot 12:21, 17. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Thank you sir for your help:)--جمال بركات 12:31, 17. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Pinus sylvestris[Quelltext änneren]

De lat. Numm Pinus sylvestris (mat "y") geet op dem Linné säi "Species Plantarum" (1753), S. 1000, zréck. Spéider ass d'Schreifweis P. silvestris (mat "i") an de Gebrauch komm. Laut der sougenannter Prioritéitsregel priméiert den eelsten Numm, also P. sylvestris (mat "y", grad wéi beim franséische "Pin sylvestre"). --Jamcelsus 18:20, 19. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]


Ah ma flott. Dat hat ech jo nach guer net matkritt. Do gesäit ee wat hei geschafft gëtt wann een emol e puer Deeg net hei ass. :-) --Alexandra 16:23, 23. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Deputéierten[Quelltext änneren]

Kuck emol :Spezial:Kontributiounen/SieBot Robby 00:39, 25. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Salut, ech hunn Dir eng Mail gemaach, sinn awer elo fort bis den Owend spéit. Merci am viraus --SITCK 18:39, 28. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]


Sorry, ech hat net gesinn datt do schonn eng Ëmleedung war. Bei eis steet awer bei Lëtzebuergesch schreiwen, datt franséisch Wieder de ^ behaalen, mat als Beispill och d'Wuert Hotel ??? --Alexandra 14:42, 30. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

D'Grammaire seet dat heiten:

L'accent circonflexe

L'accent circonflexe est gardé dans les mots français:

Bâtonnier, Boîte, Côte, Gêne, (mais:genéieren), Pâten, Piqûre.

Toutefois les substantifs suivants s'écrivent sans accent circonflexe:

Diplom, Hotel, Theater.

Les Meloures 14:53, 30. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

An eiser Schreifweis stinn och nach aner Saachen dran déi no den neien Dictionnäre wéi Luxogramm an LOD net méi stëmmen.

Les Meloures 14:55, 30. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Ah ok. Merci. Mä et misst een dat villeicht dann änneren? --Alexandra 06:26, 31. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Interwikis lb:[Quelltext änneren]

Bonjour, Merci pour vos contributions. Juste une petite remarque: il ne faut pas ajouter des interwikis lb: sur les pages de Wikipedia en langue luxembourgeoise. Les Meloures 08:30, 10. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Salut ... Effectivement ... je ferais attention --Bernard Piette 09:29, 11. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien. An der leschter Nuecht, eppes no Hallefnuecht, huet den Zinneke eng Foto eragesat mam Kommentar "anti-ikonoklasten-aktioun", a kengem ass et agefall, dat eng Provokatioun ze nennen. Kann et sinn, datt eng gewëssen Neutralitéit verluer gaangen ass? Datt am Fréijoer Mataarbechter mat Botz-, Raum- oder Feelersich- an aner -aktiounen ufänken, ass u sech eng gutt Saach. Elo ass d'Wikipedia schonns um Punkt, datt een, deen a ganzen Aarbel Feeler verbessert, gedréit kritt, e géif gespaart ginn. Droleg Manéieren. Mer haten dee Fall schonns bei de Verbesserungen am "Juncker"-Artikel. Desweidere sinn ech net der Meenung, datt déi, déi Feeler verbesseren, zu allem Kombel nach solle gestrooft ginn. Bei där Geleeënheet kéint een der Kommunautéit déi "anti-ikonoklasten-aktioun" mol erklären. Wann een, an dat war gëscht, "FUCK FUCK FUCK FUCK FUCK FUCK FUCK FUCK FUCK FUCK FUCK FUCK FUCK" an en Artikel schreift, gëtt deen 2 Stonne gespaart. Virun enger Zäitchen huet en Admin geschriwwen, hie géif guer kee méi spären. Haut qass dat net méi esou. Bei där Zuel vu Schreiffeeler, déi dorëmmer stinn, a bei där Zuel vu Leit, déi sech ëm déi Schreiffeeler këmmeren, ass all Verbesserungs- an aner Aktioun e Seegen, géif ech emol mengen. An der de-Wikipedia wieren déi, déi méi wéi 7, 8 Schreiffeeler an engem eenzege Saz schreiwen, schonns an e Schreifcours geschéckt ginn. Wann hei ee Sätz wéi "Sou Kolleg, iers du hei d´Rezent Ännerunge mat denger pathologesch-inquisitorescher Zensurhysterie blockéiers" vu sech gëtt, da geet vun enger Spär keng Ried. Ech hu bei där Politik e schlecht Gefill. --Cornischong 07:38, 14. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

Ech hunn der eng Matdeelung gemaach, am Accord vun der Majoritéit vun den Adminnen. Maach elo draus wats de wëlls. Doriwwer eraus dréint et sech net nëmmen ëm d'Provokatioun, mee et geet och ëm déi repetitiv Kommentaren déi s de der anscheinend net afgewinne kanns, an och nach express besonnesch opfälleg méchst. Wanns du dech duerch d'Ikonoklaste betraff fills mach deem eng Bemierkung deen et geschriwwen huet.

Wann et deng Reaktioun doropper ass fir dann d'Benotzer vun der Wikipedia als Analphabeten dohinner ze stellen, an dat nach mat wa méiglech vill eenzelnen Edite wëlls ënnersträichen da kann ech der just soen: Schumm Dech Les Meloures 08:00, 14. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]


Ps. wat d'Anti-Ikonoklastenaktioun ugeet kann ech just feststellen dat de Benotzer sech selwer op d'Schëpp geholl huet, vu datt een ee Bild dat e selwer mat enger ganz grousser Opléisung an den Artikel gesat huet méi kleng gemaach huet. Do ka vun enger Provokatioun vis à vis vun anere Benotzer keng Ried sinn. Les Meloures 08:16, 14. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien, vielleicht könntest du den Anfangssatz hier in eine gute Lëtzebuerger Sprooch bringen? Wenn ja, danke dafür. Grüße --Asdfj 07:56, 15. Abr. 2009 (UTC) Merçi, recht vielmals, asdfj[äntweren]

Gern gemacht, hab mir die Brücken jetzt unter den Nagel gerissen Les Meloures 09:26, 15. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]
I see. Wenn du mehr Inform. einbauen magst. Der Artikel wp:de enthält abschnitte mit Kurzinfos zu vielen Brücken. Zum Teil mit Bildern. Dafür sind diese etwas kompliziert klingenden (Artikel-internen) Links gedacht. Diese Abschnitte lassen sich später dann leicht zu Artikeln erweitern. Salü, asdfj
Ok danke Les Meloures 09:41, 15. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Kategoriendoublon[Quelltext änneren]

Salut Les Meloures!

Kuck emol Kategorie:Musekgruppen an Kategorie:Museksgruppen ass dat net bal dat selwescht? --Robby 18:59, 15. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Léiwe Les Meloures, ech wëll der mol en décke perséinleche Merci soen fir déi vill a séier Verbesserungen vu méngem Lëtzebuergesche Geschreiws. Et ass richte flott hei ze schaffen! --Sultan Edijingo 21:51, 23. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

N'Owend,

Dat geschitt gären, a souvill Boboe sinn et net. Déi Serie iwwer d'Octav a.s.w. kritt jo no an no eng gutt Fassong, an dat ass d'Haaptsaach. Les Meloures 22:03, 23. Abr. 2009 (UTC)Fettgedréckten Text[äntweren]

LINKELS Josy "Joli" merci fir alles!Als konschtschafenden Artist gif ech gären e Bild asetzen awer ëtt geléngt mer nëtt LINKELS Josy 03:13, 15. Mä 2009. Och hätt ech Loscht nach ee Link anzebauen an an der Rubrik "d'LËTZEBUERGER déi de Mérite kruten" ze figuréieren.

Gouf telefonesch erkläert. Les Meloures 07:36, 15. Mee 2009 (UTC)[äntweren]

Salut, ech hunn eng komme gelooss, sorry. Hunn Copley Medail elo zweemol drop gesat, huel w.e.g. Copley-Medail ewch, da si mer erem gutt. Merci am viraus --SITCK 15:11, 15. Mee 2009 (UTC)[äntweren]


C/Kommissioun[Quelltext änneren]

Moie Les Meloures,

ech gesinn, du knäpps der den C vun der Kommissioun fir. Ee Wuert Explcatioun: Dëst ass ee vun deenen éischten Artikelen hei gewiescht, an ech hat deemools no Hin-an-hir-Iwwerleeën den "C" geholl, well iergendwous bei de Schreifweissäite stoung, bei Wierder vu laténgeschen Originë sollt een sech un dat Schrëftbild halen. Ech war mer es awer ni ganz sécher domatter, well ech "am Fong" éischter d'K-Schreifweis gewielt hätt. D'Resultat ass awern datt elo "Commissioun" an dosende vu Säiten, Kategorien, asw ze fannen ass. Ier s de dech mat Verbessere kristillegs, wier vläit eng Léisung, e Bot op déi Commissiounen unzesetzen? --Zinneke 10:16, 18. Mee 2009 (UTC)[äntweren]

Trausch[Quelltext änneren]

Moie Ech hun är Fro leider nët verstanen. corto_lu

Moien och,
Tjo, dat war virun 2 Méint.
Do hat Dir dat hei an den Artikel gesat:
mei eng komplett Bibliographie: [2]
Wéi keng Äntwert koum hunn ech de Link erausgeholl.

Les Meloures 14:47, 18. Mee 2009 (UTC)[äntweren]

fonctionnéiert deen heiten link? http://www.zotero.org/groups/bibliographie-trausch/1014 corto_lu

Ech hoffen, datt lo alles kloer ass. --Volvox 11:47, 21. Mee 2009 (UTC)[äntweren]

Ech hu lo mol den Artikel Schachnotatioun ugeluecht an op der Säit Iwwerlaaschtung (Schach) e Link op dësen Artikel ënner „Kuckt och“ gemaach. Villäicht ass et jo net méi néideg unzeginn wat fir eng Faarf een Zuch mecht, wann een op all Säit, an där d'Schachnotatioun virkënnt, e Link op d'Säit Schachnotatioun mecht. Ech hoffen och, datt den Abschnitt Notatioun vu Partien an Zuchfolgen eendäiteg ass, a keng Zweifel iwwert d'Faarf vun engem Zuch méi opkomme léisst. --Volvox 13:00, 21. Mee 2009 (UTC)[äntweren]

Vun der Lydie Polfer?[Quelltext änneren]

E schéinen, gudden!

Seet e wierklech de Papp vun der Marthe Bigelbach-Fohrmann, vun der Mady Delvaux, vun der Lydie Polfer? Oder misst dann do net ee Madame virdru kommen? --Jwh 19:39, 15. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

Op der Wiki gëtt net mat Hären a Madamme gefuer. An der männlecher Form ass et deemno vun dem oder vum, an, an der weiblecher Form ass et vun der.
Vum gëtt bei Fraen net gebraucht, well dat viraussetzt, datt een déi Persoun duuzt, an am Gespréich den hatt gebraucht, wat op der Wiki net soll de Fall sinn.

Les Meloures 20:05, 15. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]


Merci, mir klengt et so droleg - eng "Madame aspirée" --Jwh 07:59, 16. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]

"huet opkaf" oder "huet opkaaft" ?[Quelltext änneren]

Salut,

Am Artikel Aquarium (Waasserbëlleg) misst den "huet opkaf" (och) richteg gewiecht sinn. (Quell:Luxogramm)

Et kann awer gutt sinn datt déi zwou Variante richteg sinn.--Fliedermaus 15:00, 16. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]

Salut,

D'Verbebichi seet: kafen, keefs keeft kaaft, an dat selwecht fir opkafen an ofkafen. De Luxogramm kennt och Wierder wéi wéi dat heiten, vun deenen Hei gesot gëtt et géif se net ginn, an d'Verbichi kennt se och net.

Vu datt mer am Luxogramm alt schonn aner Boboen entdeckt hunn, an sou laang wéi dat mat dem benennen net kloergstallt ass, halen ech mech am Prinzip un d'Verbebichi.

Ech well mech awer mat kengem doriwwer zerklappen. Les Meloures 16:57, 16. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]

Da loossen ech den "huet opkaaft" am Artikel esou stoen.--Fliedermaus 17:08, 16. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]

Moin Meloures, hier ein aktueller und interessanter Link zu einem Interview mit Norrington, die beiden anderen Links im Artikel sind "missing links" grüsse de:Benutzer:Frinck

Sensatioun oder Geschicht? Wat as wichteg?[Quelltext änneren]

Bonjour!

Leider schengt eng ziemlech desagreabel Diskussioun statt ze fannen mat Kornischong... Keint dir w.e.g. emol d'diskussioun Shoah zu Letzebuerg ukucken? Wat soll dat? Mir vertrauen ob ären gudden Jugement an der Sach. Virun allem: wat as do wirklech wichteg an wat as et net (oder vill manner)!? Kee schwetzt vun Simon oder Eichmann!? An wat as richteg an wat net?? Wou si mir dann do?? (hat och nach e puer linen bei eiser leschter Diskussioun betr. selweschter Persoun beigesat...)

Merci!

--87.240.223.178 20:05, 25. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]

Re-bonjour

Eng Änwert as elo effektiv ukom. Zwou Sachen: fir d'eischt as ze bemirken, dass een zimmlech ausfeierlechen Text op d'Diskussiounsseit zum Thema gesat gouf, ob dei (och elo nach) net geäntwert ginn as, ma dei erklärt hät firwat eng Änerung ubruecht wär. Et as net d'rems gang irgendeen un ze schwärzen oder wat och emer. Et geet drems dass een objektiv un d'Sachen soll erun goën. Dat as dan och gleich den zweten Punkt: firwat eng dermosen agressiv Änwert inklusiv Beleidigungen? As dat d'Method vun den Wiki Responsabelen zu Letzebuerg? D'as nemen ze hoffen, dass an engem gudden Verstehstemech d'runn kann geschaft ginn meiglechst objektiv Informatiounen ze liweren. Wat as den Zweck eng Persoun aus der Geschicht vum Land dermosen un ze schwärzen, ouni iwerpreift ze hunn ob dat (weinstens ongefeier) och kann stemen? An wann dann een handfest Informatiounen bringt, muss dann gleich gesot ginn hien wär e Braddeler (wann anscheinend den Text net geliess ginn as)? Gären discuteieren ech dat och mat dem Betraffenen aus, awer firwat all dei Agressiviteit???

--87.240.223.178 23:49, 25. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]

Schabloun:Referenzen[Quelltext änneren]

Gudde Mojen Les Meloures, merci fir d'Läsche vum Strëch iwwert d'Schabloun:Referenzen. Hei nach eng aner Propose: wier et méiglech, fir eng Optioun anzebauen, déi et géng erlaben, fir en eegenen Titel fir d'Rubrik Referenzen ze definéieren. Et gi Situatioune wou een amplaz Referenzen éischter Noten oder Referenzen an Noten wëllt do stoen hunn. z.B. esou: {{Referenzen|Noten}}, woubäi riets vum Pipe de sichbaren Titel sténg. Wa keen alternativen Titel gesat gëtt steet da just Referenzen do Merci am viraus, --Christian Ries 08:23, 8. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien och,

Ech gesinn elo do direkt net wéi een dat kan an enger Schabloun abannen

Am anere Fall besteet dës Méiglechket

Referenzen an Noten[Quelltext änneren]

mat ënnendrënner den Noten an d'Referenzen dann agebonn mat <references/>

Ok, merci, --Christian Ries 09:32, 8. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]


ARTIKEL ''josy LINKELS'' KONSCHTMOLER[Quelltext änneren]

Moien LES MELOURES,

Ech gif nach gären eng FOTO VU MIR BEIFüGEN OUNI awer màin EUROBILD : Introduction de la monnaie commune européenne mat sengen Erklärungen ze zerstéieren. OCH wär ech dankbar wann ech eng kleng Galerie vun e puer vu mengen neien TABLOËN KENNT BEIFüGEN. Leider fannen ech mài BENOTZERNUMM NET Méi ERëm.MEI PASSWUERT HUN ECH.Kënt Dir mir via meng E-MAIL-ADRESS V.E.GL BESCHEED SOEN.

Merci am Viraus an nach ee schéinen Daach. JOLI.

Moien,

ech hunn d'Schabloun lo iwwerall entlinkt an duerch déi nei ersat --Volvox 17:23, 22. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Wëllkomm op Translate-Wiki Robby 17:26, 28. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Mail do --Robby 12:42, 2. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]

nach e Mail Robby 19:23, 3. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]

Josephine Venturi[Quelltext änneren]

Salut, Deng Ännererung vu menger Ännerung (Wikilink op "Europa (Kontinent)" am Artikel Josephine Venturi kann ech net novollzéien. Oder huet d'Technik eis eng gespillt? --Fliedermaus 11:18, 5. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien och,
Do huet effektiv d'Technik eis eng gespillt. Ech hat just den Tippfeeler am Link Jakobswee verbessert.
Ech hunn de Kontinent zréckverbessert.
-- Les Meloures 11:35, 5. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]

Alles an der Rei! --Fliedermaus 13:24, 5. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

beim Genus vum Wuert „Gambit“ sinn ech mir selwer net ganz secher, mee et kënnt mir méi natierlech vir, et als Neutrum ze behandelen, also „ee Gambit“ an „d'Gambit“. Virun allem bei Zesummesetzunge wéi „Mëttelgambit“ géng ech kaum „de Mëttelgambit“ soen. Woubäi mer „de Gambit“ mol guer net esou falsch virkënnt. Kuerz gesot: ech weess et net, mee ech tendéieren zum Neutrum. --Volvox 14:03, 7. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]

Bei dëser Fro tendéieren ech och zu der éischter Äntwert, mee wei gesot, an anere Fäll tendéieren ech zum Neutrum. Demnächst wäert ech mol e puer Kollege froen. --Volvox 19:03, 7. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]

Asteroiden[Quelltext änneren]

Moien,

Ech wees net richteg u wiem ech mech wende soll. Mier hun eng ganz Rei vu Leschten vun Asteroiden, entweder alphabeetesch oder numereiert vun der Haaptceinture. Wier et net gudd dei verschidde Leschten an zwee greisser Leschten (Alphabeetesch an Haaptceinture) ze verschmelzen?

Jean Beurlet


Moien och,
Déi Säiten hunn all tëscht 40 a 80 Kb. Dat ass scho relativ grouss. Verschidde Browseren kënne mat grousse Säite Problemer kréien.
Wann een z.B. op dëser Säit déi och iwwerfëllt ass, op ännere klickt, kënnt deen heite Message:
WARNUNG: Dës Säit ass 50 kB grouss; verschidde Browser kéinte Problemer hunn, 
Säiten ze verschaffen, déi méi grouss wéi 32 kB sinn.
Dat ass d'Ursaach virwat déi Lëschten opgedeelt sinn. Les Meloures 00:09, 13. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]

Thomas Hobson[Quelltext änneren]

Deet mer Leed dat ech dei Seit weider iwerlueden, awer ech hu lo e seriöse Problem. Ech hun den Artikel "Thomas Hobson" vum Engleschen zum Lëtzebuergeschen, Franzeischen an Deitschen W. iwersaat. Am D.W. gouf e gespaart. Ech sinn do gewuer ginn, dass ech deen Artikel als éischt hätt importéieren? sollen an da reischt iwersetzen. Dorems gett sech lo am D.W. gekemmert, mee mein Artikel steet nach emmer illegal am L. an am F. W.. Wat elo? a fier d'nächst Keier : Wei importeieren ech?

Jean Beurlet

Raphaël Stacchiotti[Quelltext änneren]

Ech hunn éierlech gesot keng Aanung, mee ech hun och d'Formulatioun komesch fonnt, an ech fannen dat komesch, dass wann een Europa-Meeschter vu senger Kategorie gett, dass een datt dann net op senger Homepage schreiwt. - J.B.

Gudd, merci fier de Raphaël, merci och fier d'Sprooch am Elizabeth (och van ech et an e puer Deeg warscheinlech dach erem veränneren) - just en Detail. Ech huelen un du hues d'Tudoren nogezielt a bass sou dorop komm, dass d'Elizabeth dei sechst misst sinn. Dat ass leider falsch. D'Jane zielt nämlech net, si ass keng Tudor:-) . Ech fannen awer gudd, datt se an dei Lescht erwänt get. Ech hun de Feeler iwregens schon zreckverbessert.

Thomas Hobson[Quelltext änneren]

Et ass zwar schon eng Zäitchen hier, mee ech haat deen Artikel iwer den Thomas Hobson geschriwen. Deen existéiert zwar nach emmer, mee e war nie an der Lëscht vun den neien Artikeln, weder dei historesch nach dei normal. Ech froen mech souguer op en iwerhapt fier d'Unzuel vun den Artikeln an der gesamter ltz. Wikipedia gezielt ginn ass. Geschitt sou eppes des öfteren?

J.B.

Ech hu mech schlecht ausgedréckt : Lëscht vun den néien historeschen Artikeln, dat heescht : d'Lëscht vun den néien Artikeln dei op dem Geschichtsportal ze fannen ass. Vreck, wat machen ech dier Aarbecht, ech schengen jo den eenzegen ze sinn, deen hei sou vill schreiwt.

Nouvelle identité[Quelltext änneren]

Voilà ! C'est fait. Tu es désormais connu sous le nom de Les Meloures. Ton mot de passe reste inchangé. Si tu as personnalisé ta signature, n'oublie pas de la mettre à jour dans tes préférences. Normalement, toutes tes pages et sous-pages auront été renommées. ©éréales Kille® [Speak to me]* en ce lundi 24 août 2009 à 13:15 (CEST)

P.S. : excuse-moi de ne pas parler le barbare :D

Äntwert op Är Belästegungen op menger Säit[Quelltext änneren]

Waat ass Äre problème? Vu wéi engem Getriwwels schwätzt Dir? Dir schreiwt: d'Mama huet do néischt verluer a setzt dann e vun Iech gemaachten Link mam Numm "D'Mama" op déi Säit, deen dann op d'Säit vun där besooter Mama weiderleed! Matt wéi enger Erlaabnis? Huelt dee link do roof w.e.g.! An haalt op, mech ze kontaktéieren!

Dat ganzt Gespréich[Quelltext änneren]

Gudde Moien,

Är Annerungen an der Diskussioun Joanna Weyrich goufen zréckgesat. Et ass net de Gebrauch dat Dikussiounen op enger Säit aus subjektive Grënn eraus geholl ginn. Les Meloures 11:58, 24. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]

Nodeems nach eng Kéier op där Diskussiounsäit g'ännert gouf déi heite Bemierkung:
Gudde Moien,
Wéi et schéngt wëllt dir net verstoe wat ech Iech virdrunner geschriwwen hunn. Loosst Äert subjectivt Getriwwels aus de Säiten eraus. Mierkt der net, datt der domatter just de Contraire erreecht? Dir kënnt mir gären Äer Argumenter op meng Diskussiounssäit schreiwen.
Les Meloures 16:51, 24. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]
Dorops d'Reaktioun mat de Belästegungen hei uewendriwwer.
An dunn déi lescht Informatioun un d'Leihmutter:
Gudde Moien fir mol einfach bei der sou dacks bemängelter Frëndlechkeet ze bleiwen.
Fir et kuerz ze maachen, op Artikel-Dikussiounssäiten gëtt näischt g'ännert oder erausgeholl.
Les Meloures 07:43, 25. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]

Hallo ich habe mir mal erlaubt, dein Bild vom Viaduc vu Schengen nach Commons zu verschieben. Damit ist es auch für die deutsche Wikipedia verfügbar. Gruß --Schaengel 10:02, 4. Sep. 2009 (UTC)

Schauspillerinnen[Quelltext änneren]

Et ginn zwar nach keng Artikel iwer dei Schauspillerinnen, mee se sinn an der grousser Lëscht erwähnt : Michèle Clees, Monique Reuter, Ketty Schilling a Shirin Fabeck. --Jean Beurlet

Thanks for wellcoming me here - but I will be here only occasionally - can't say a word in your language! :) Lukasz Lukomski 21:35, 12. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Layout Mäertert[Quelltext änneren]

Ech hunn d'Ännerung elo gemaach, et gesäit bei mir d'selwecht aus, hoffentlech ass et elo bei Dir an der Rei? --Christian Ries 15:40, 22. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Déi frëndlech Leit maachen et esou[Quelltext änneren]

Viru Kuerzem hat ech op enger Diskussiounssäit eppes geschriwwen, dat mer opgefal war. Direkt war ee vun de siwe frëndlechen Administrateuren op der Plaz an en huet eng praktesch Schabloun fir déi Geleeënheeten zesummegestallt. Se ass hei Schabloun:Net diskutéieren, mä änneren ze fannen. Et geet ëm Folgendes: "Moien, a merci fir Deng Remarquen zu dësem Artikel. D'Wikipedia ass e Gemeinschaftsprojet, deen doduerch wiisst, dass hir Artikelen duerch d'Mataarbechter verbessert an ausgebaut ginn. Falls De eppes fonnt hues, wat kinnt verbessert oder méi kloer ausgedréckt ginn, da schreif et w.e.gl. an den Artikel selwer, op der Diskussiounssäit ass kengem domat gehollef. Merci, an op eng gutt Zesummenaarbecht!". Et wier natierlech besser, déi Feeler kéimen iwwerhaapt net zustanen. An dobäi froen ech mech esou lues, ob de Codex Aureus net Codex aureus soll geschriwwe ginn, awer eng Schabloun geet mer duer. --Cornischong 20:46, 22. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Majo, ech hunn dat jo gemaach, wéi ech festgestallt hunn datts de nëmmen eng lapidar Verbessung vun der Méizuel am Artikel gemaach has. Anengems hunn ech nach eng kleng Informatioun derbäigesat. Lo wäert ech nach eng déck Stonn Aarbecht hunn fir déi duebel Redirekten déi duerch d'Réckelen enstane sinn a fréier falsch Linken déi duerch en éischt Réckelen entstane waren ze verbesseren. Ech huelen un dat ass frëndlech genuch an och am Sënn vun der Mataarbecht op der Wiki. Les Meloures 20:54, 22. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Dan Kolber[Quelltext änneren]

"Dan Kolber ist 17 und Ende August als Austauschschüler für zehn Monate von Gosseldingen nach Blackfoot, Idaho, gereist. Von dort wird er ab heute jeden zweiten Samstag im Tageblatt über seine Erlebnisse und Eindrücke berichten." Ech schreiwe grad eppes doriwer. Dierf ech et publizeieren, oder leiwer net? Jean Beurlet

Ech si fierdeg, waarden also nemmen op deng Meenung, op dat en Artikel weert ass. Jean Beurlet 14:22, 23. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

Ech géif mol léiwer waarde wat de Jong dann als jonken Auslandsreporter bréngt. Et gëtt esou vill renomméiert Reporteren vun deene mer nach keen halwe Saz hunn. Les Meloures 15:09, 23. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Ech si bei der Lektüre vu sengem éischten Artikel op d'Iddi komm : [3] Jean Beurlet Seng Konklusioun ass net schlecht : Bemerkt man jedoch, dass Anderssein Vielfalt und Vielfalt Stärke und Schönheit ist, blickt man aufs Leben mit den Augen des lernwilligen, selbstsicheren Entdeckers und sieht, was die Welt zu bieten hat. Jean Beurlet 15:43, 23. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

"No 5 Joer wiki kéint een dat wëssen": Stéchwuert: Wäistrooss. E schéinen Dag nach. --Cornischong 11:47, 14. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Wou ass dann am Artikel Wäistrooss e Link op den eegenen Artikel? Les Meloures 11:52, 14. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Salut Les Meloures,

brauche mir wierklech dës 2 kategorien? --Robby 22:16, 15. Okt. 2009 (UTC)--Robby 22:16, 15. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Lescht vun de Muséeën a Monumenter[Quelltext änneren]

Hun ech alles zevill komplizéiert gemaach? Frank Schroeder, Resistenzmusée Esch tel 54 84 72

Op d'Lëscht vun de Keesere vum Réimesche Räich wollt ech e puer Biller aus annere Wikipedien eroflueden, wat mier net gelongen ass. Kanns du mier w.e.g. hëllefen?

Jean Beurlet 18:50, 19. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Kee Problem.

Water sinn et?

Les Meloures 18:54, 19. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Ganz um Schluss vun der Tabell, stinn dräi Linken, emmer do wou de Bild sollt sinn. Jean Beurlet 18:57, 19. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Merci:-) Jean Beurlet 19:00, 19. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Bonjour Här Les Meloures. Kéint Dir vläit w.e.g., Här Les Meloures, op der Diskussiounssäit vun der Joffer Johanna Weirich dee Link op d'Mama eraushuelen? Daat wir séier manéierlech. Merci villmols. D'Wikipedia ass jo kee Sitt, fir Les Meloures-ën matt Mammaën ze verkoppelen, zumools wou déi zwee Linken ganz geziilt beieneen stinn an enger Rei, bedëngt duerch de Schluss vun Ärer Zeil. T'ass natiirlech guer näischt géint Iech perséinlech. Matt engem léiwe Bonjour, Benotzer:thym-citron. 4te November, 2009.

Firwaat mecht Les Meloures sou domm Spillercher matt den aanere wikipediaaner?[Quelltext änneren]

Dir braucht dach net eppes op meng Diskussiounssäit ze schreiwen: "Moien, härzlech wëllkomm!, asw ..."? Wann der Bezéiungen braucht, de Wikipedia-sitt ass duerfir net do. Probéiert Är domm Tricken net, hannert deenen der Iech verstoppt. Et schéint ze stëmmen, datt der um internet Studentinnen sicht fir är pervers Spillercher. Daat geet jo da keen eppes un, loosst ons awer duerfir eraus aus äre "besoins-ën".

Mojen Thym-citron, ech mengen Dir sidd dem Les Meloures hei eng Entschëllegung schëlleg. Hien huet als Admin en allgemenge Begréissungstext op är Säit gesat, déi all neie Benotzer (ob oder ) dropgesat kritt. A vergiest nët är Messagen z'ënnerschreiwen, wéi dat geet, steet och an dem Begréissungstext. Mat beschte Gréiss, --Christian Ries 11:21, 19. Nov. 2009 (UTC)[äntweren]


Ech fannen dat do geet e bësselchen ze wäit. Ech verlaangen datt de Mann oder Fra sech ganz séier hei entschëllegt, soss kréie seng topeg Behaaptungen déi Suiten déi se verdéngen, an zwar net hei op der Wikipedia? Eng Identifikatioun ass séier beim Procureur gefrot, an eng Klo wéinst Calomnie ass och séier gemaach.
Les Meloures 12:25, 19. Nov. 2009 (UTC)[äntweren]

Jean Nicolas[Quelltext änneren]

Moien, ech hun gesinn dat dir den Artikel vum Jean Nicolas gespart hutt. Ech hun um Site vum Lëtzebuerger Wort eng Rei Artikelen fonnt iwwert dësen Mann; hien war virun Geriicht, an obwuel en deelweis fräigesprach ginn ass, fannen ech déi ganz Geschicht awer zimmlech interessant, well se och eng aaner Séit weist vum Jean Nicolas, nët nëmmen seng Carrière als "groussartegen" an "erfollegreichen" Journalist.

Hei sinn d'Linken:

Daat ganz läit schon en Joër zeréck, an ech wees nët op daat eng Erwähnung wäert ass, mee ech proposéieren ët emol.

(Bdx 20:31, 21. Nov. 2009 (UTC))[äntweren]

Ech leee kee Redirect un, wann ech net am Gaange sinn un den Artikel ze schaffen.

mail do Robby 14:07, 13. Dez. 2009 (UTC)[äntweren]

I just sent you an email, but in case it does not get through to you, I thought I should write to you here, as well. I am hoping you can help me with the en:Friedrich Kellner article, to translate it into Letzebuergisch. I have a condensed version of the article that I can send to you (about 1500 words). Thank you, Scott Rskellner 22:15, 13. Dez. 2009 (UTC)[äntweren]

Gudden Owend[Quelltext änneren]

Du hues eng Mail an denger Box ;o)) Merci fir eng Äntwert --SITCK 18:58, 29. Dez. 2009 (UTC)[äntweren]

Nationale Regëster vun den Uertschaften an de Stroossen[Quelltext änneren]

Salut Les Meloures, ech hat dorauser en Artikel gemach, dee léisst sech da liicht a kuerz zitéieren: Nationale Regëster vun den Uertschaften an de Stroossen. Cf. deng Note bei der Gemeng Bartreng. Schreif evtl. Problemer an de Staminet, wou ech eng nei Diskussioun doriwwer opgemaach hunn, well eng Rëtsch Problemer opdauchen, un déi mir nët geduecht hunn. --Christian Ries 14:01, 31. Dez. 2009 (UTC)[äntweren]