Benotzer Diskussioun:Raymchen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Moie Raymchen,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaacht Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


Ännerung am Artikel "Raymond Petit (Sculpteur)"[Quelltext änneren]

Moien,

Well ech dovun ausgaange sinn datt am Artikel Raymond Petit (Sculpteur) nëmmen en Test gemaach gouf, hunn ech d'Ännerung erëm réckgängeg gemaach. Fir Tester ze maachen gëtt et déi speziell Säit Wikipedia:Sandkaul. Wann eng Fro do ass, misst sech ee fannen fir eng Äntwert dorop ze ginn.--Fliedermaus 15:34, 6. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

a Merci fir den ausféierlechen Ausbau vum Artikel iwwer de Resistenzler Raymond Petit. Wéi Der gesitt, gouf en tëschenzäitlech e bësse strukturéiert, gerafft, verlinkt an ëmgebaut. Inhaltlech gouf awer esougutt wéi näischt verännert; just en Deel vun der Beschreiwung iwwer d'LPL gouf an den Artikel Lëtzeburger Patriote Liga geplënnert, wuer et besser hipasst.

Kinnt Der nach vläit e puer Literaturangaben zum Mann an d'Kapitel "Literatur" dobäisetzen (Et sief, et sinn dat all déi zitéiert Quellen, an deem Fall vläit déi 2, 3 wichtegst uginn). Merci.--Zinneke 15:35, 4. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]

Remoien:

Kuck emol dës Dikussioun w.e.g. --Les Meloures 17:38, 4. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]