Benotzer Diskussioun:Rdeltgen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
> > > NEI MESSAGË STINN ËNNENDRËNNER
Moien Rdeltgen,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


Sandkaul[Quelltext änneren]

Moien,

Ech gesinn, Dir hutt e bëssen an der Sandkaul experimentéiert. Ech hunn Iech do d'Quellenangab formatéiert: Et schreift een d'Referenz do, wou d'Verweisnummer histoe komme soll, tëschent "<ref>" a "</ref>" hin. Da sëtzt een ënnen op d'Säit den Text (mat den Akkoladen) "{{Referenzen}}". Dat gesäit dann esou aus, wéi et elo an der "Sandkaul" steet. Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 12:13, 19. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]

Tipptopp, ech gesinn, Der hutt den Dréi mat de Foussnouten eraus :-) Wat Der an d'"Sandkaul" geschriwwen hunn, kënnt Der roueg an den Artikel selwer eriwwerkopéieren (ausser, Der wëllt nach dru ronderëmexperimentéieren). Och wann et bis do steet, kënnt Der selbstverständlech nach ëmmer Saache bäisetzen oder änneren (einfach uewen op "Änneren" klicken - sou einfach geet dat). Z.B. kinnt ee sech iwwerleeën, zu deene Steekaulen en eegenen Artikel ze maachen, am Fall wou Der do nach méi Material hätt, wat 'verschafft' kéinnt ginn... Dir hutt - wéi jiddereen deen hei matschreift - fräi Hand. --Zinneke (Diskussioun) 17:19, 20. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]

Biller a Lizenzen[Quelltext änneren]

Moien,

Ech gesinn, Dir hutt gëschter 4 Biller eropgelueden: Eent dovunner:


huet nach keng Lizenz D'Regele fir Biller sinn e bësse "streng", well se, wéi alles op der Wiipedia, "fräi" musse sinn. D.h., den Auteur (Dir, huelen ech un) muss hinnen eng Lizenz ginn, déi mat Wikipedia kompatibel ass. Esou eng Lizenz (d'Standardlizenz hei) ass "CC-BY-SA 3.0". Domatter elaabt Der Aneren, Ärt Bild kënnen ze benotzen, ënner der Konditioun, datt Dir als Auteur genannt musst ginn an d'Bild weiderhi "fräi" bleiwe muss (deemno keen aneren de Copyrigt fir sech reklaméiere kann).

Wat bleift deemo vun Iech ze maachen? Dir braucht just (Der musst dofir ageloggt sinn) op d'Fichierssäiten hei driwwer ze klicken, op "Änneren" klicken an dann dat hei:

{{Cc-by-sa-3.0-lu}}

hanner "Lizenz" schreiwen/kopéieren.

Da kënnen d'Biller an den Artikel agebaut ginn.

Merci fir Ärt Versteesdemech. --Zinneke (Diskussioun) 17:41, 25. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]


Moien,

gär geschitt. Ech hunn d'Biller op Wikimedia Commons "geréckelt", vun do aus kënnen s'och a Wikipediaen an anere Sprooche agebonnen a gebraucht ginn (kuckt z.B.: fr:Mertzig). Falls Der nach Fotoen hätt, setzt se vläit einfacherweis direkt op Commons: [1]. Als Kategorie ass do "Category:Mertzig" unzeginn. Wann Der net sécher sidd, hannerloosst mer eng kleng Message, da kucken ech no. --Zinneke (Diskussioun) 09:30, 27. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]

PS: Impressionante Site, deen Der do zu der Genealogie opgebaut hutt!

Billerinformatiounen[Quelltext änneren]

Moien, bei de Biller déi Der haut eropgelueden hutt, feelen d'Informatiounen zum Auteur, an, ganz wichteg, d'Lizenz. Kinnt Der déi wegl derbäisetzen? Merci am viraus!

--Zinneke (Diskussioun) 21:51, 11. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]