Benotzer Diskussioun:SKArtLux

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Merci datt Dir op der Wikipedia experimentéiert hutt. Ären Test huet geklappt, an e gouf verbessert, zeréckgesat oder geläscht. Wgl. benotzt d'Sandkaul fir all weider Tester an Experimenter. Kuckt Iech och eis Begréissungssäit un, wann Dir méi wëllt gewuer ginn, wéi een hei matschafft.


Informatioune fir nei Benotzer
Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".

Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!



Moien,

Wou ass festgehalen datt lénks veraalt ass a wéi wëll een deen net weess datt et veraalt net am Lëtzebuergesche gëtt anere Leit wäismaachen, wat al an der Sprooch ass a wat net? --Les Meloures (Diskussioun) 13:40, 17. Abr. 2021 (UTC)[äntweren]

PS: A wann et ee Vernennwuert wier da wier dat och gewosst. --Les Meloures (Diskussioun) 13:43, 17. Abr. 2021 (UTC)[äntweren]

ad: Wat mer awer kenne maachen, ass dass et op LOD nokucken, wou een da gesäit, dass beides geet.

Richteg, a firwat gëtt dann dat eent ewechgeholl mat der Behhaaptung et wier veraalst?


ad: em sou verwirrender, dass Dir dann meng Quell zu engem Queer-Lexikon wegmaacht.

Déi gouf ewech geholl well se mat falsche Schablounen ugeluecht gouf.

ad: Adminprivilegien

Déi Aktiounen hunn näischt mat Adminprivilegien ze dinn. Adminnen hunn och keng Privilegien, a wann se der hätten da wier just fir méi ze schaffe wéi déi aner. No 15 Joer Aktivitéit op dëser Plaz brauch och kee mir an anere Leit déi grad sou laang hei hëllefen, z'erklären datt d'Wikipedia e common project ass. Wa mir dat net als common project gesinn hätten da stéing nach net vill hei.

ad:Dir kennt genausou wéineg noweisen wéi aktuell "lénks" ass.

Stëmmt, et wëll jo och keen de Grad vun der Aktualitéit noweisen, dat ass jo net d'Diskussioun. Et geet drëm datt et net vereelzt ass. --Les Meloures (Diskussioun) 14:43, 17. Abr. 2021 (UTC)[äntweren]