Benotzer Diskussioun:Yggam
- > > > NEI MESSAGË STINN ËNNENDRËNNER < < <
|
--Zinneke (Diskussioun) 20:08, 15. Mäe. 2012 (UTC)
Moien Yggam, Dir hutt d'Bild Fichier:Wëckelsprëss1.JPG eropgelueden, ouni en Auteur an eng Lizenz (CC-by-sa 3.0) unzeginn. Maacht dat w.e.gl, andeems der beim Bild op "Änneren" klickt; soss muss et leider nees geläscht ginn. Ech bannen et emol provisoresch an de Pompjeesartikel an. Zéckt net ze froen, wann eppes net kloer ass.--Zinneke (Diskussioun) 12:27, 31. Mee 2012 (UTC)
Iwwerschaffe vun Fräiwëlleg Pompjeeën zu Lëtzebuerg[Quelltext änneren]
Moien,
sorry, wann déi Këscht Iech erféiert huet. Den Text ass "automatesch" an dofir e bësse vague. Mee am Fong steet se do fir anerer drop hinzeweisen, datt deen Artikel iwwerschafft muss ginn:
a) a puncto Orthographie: D'Wikipedia applizéiert déi offiziell Reegelen, wéi se z.B. hei explizéiert ginn. Den Artikel misst dofir an där Hinsicht iwwerlies ginn (wat tëschenzäitlech deelweis, mee nach net ganz gemaach gouf).
b) a puncto Formatéierung: dat gëtt gewéinlech vun engem routinéierte Mataarbechter hei nogekuckt;
c) a puncto Stil: d'Wikipedia ass eng Enzyklopedie an huet dofir verschidde stilistesch Konventiounen: En Artikel muss prezis a sachlech zu engem bestëmmten Thema sinn, Hyperlinken erméiglechen Explicatiounen zu anere Stéchwieder; wat bedeit datt Ausféierungen zu Saachen, déi näischt mam Lemma ze dinn hun, net am Artikel stoe sollen, etc.
s) a puncto Komplementaritéit mam Artikel Pompjeeën: Hei misst gekuckt ginn, d'allgemeng Beschreiwungen, wat Pompjeeë sinn a maachen, wat Fräiwëlleg Pompjeeën vun aneren ënnerscheet, wéi d'Situatioun vun deen engen an deen aneren spezifesch zu Lëtzebuerg ass; deemno am ganzen 4 vuneneen ofgegrenzten a komplementär (mat queeschverweiser) Artikelen ugeluecht ginn, fir d'Thema ganz ofzedecken...
Bis elo hat nach keen Zäit derno ze kucken. Wann Der wëllt en Ufank maachen: nëmme lass!
--Zinneke (Diskussioun) 17:33, 4. Jun. 2012 (UTC)
fraïwelleg Pompjeeën[Quelltext änneren]
Ech wollt op Eére Mail äntwerten, mä ech wosst nët wéi, dofir hun ech dun "Sujet derbaisëtzen" ugklickt.
Also dée Roboter genéréierten roud ëmranden "Feedback"-Message ouni irgend ee rettenden FRAGEZEICHEN-Link wirkt wéi eng Méckebâtsch op d'Méck!!!! No där kâler Dousch, verléiert een all Freed, a wëllt einfach d'"Bengele bei Tromm" werfen!!! Dât ass dach iwerhapt nët am Sënn, vun Érer Iddi vu Wikipedia.
Glëcklecherweis hun ech du nach d'Chance gehât ee Wikipedia-Benotzer ze kënnen an do unzeruffen.
Do(!?) a nët bei Iech hun ech du déi rettend Iddi krût, dach môl Diskussioun unzeklicken , wëll een do am Forum kann nofrôen .