Beta-Cephei-Stär

Vu Wikipedia

Als Beta-Cephei-Stär bezeechent een eng Klass vu pulsatiounsverännerleche Stären, genannt no hirem Prototyp β Cephei, deem seng Hellegkeet sinusfërmeg mat enger Amplitud vu bis zu 0,2 Magnituden mat enger Period vun tëscht 3 a 6 Stonne läit.

D'Beta-Cephei-Stäre si Stäre mat de Spektraltyppen O8 bis B6, woubäi sech déi meescht vun dëse Stäre sech als B0 bis B2 klassifizéiere loossen. Déi klassifizéiert Liichtkraaftklasse reeche vun I bis V, déi meescht Stäre sinn an de Liichtkraaftklasse IV an III (Ënnerrisen a Risen).

Déi meescht Beta-Cephei-Stäre pulséiere radial, ginn also méi grouss a méi kleng. Heiansdo weist e Beta-Cepheid zousätzlech zu der radialer Pulsatioun och eng netradial Pulsatioun, dat heescht Wellebierger an -däller ëmlafen de Stär zousätzlech. Wéinst de klengen Amplitude si beta-Cepheide schwéier ze fannen, awer bei geziilter Sich, beispillsweis an oppe Stärekéip mat ville B-Stären, fënnt een e ganze Koup vu Beta-Cepheiden.

Eng Ënnergrupp vun de Beta-Cepheide si Beta-Canis-Majoris-Stären. An dësen iwwerlagere sech zwou netradial Pulsatiounsfrequenzen, déi no beienee leien, soudatt am ganze Liicht vum Stär nëmmen déi Schwiewung vun de béide kuerze Frequenzen dominéieren. Typesch Schwiewungsperiode sinn Deeg bis Wochen.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie