Bicherbus

Vu Wikipedia
Dat neit Gefier vum Bicherbus op de Walfer Bicherdeeg (2021)
Den „ale“ Bicherbus (2016)

E Bicherbus ass eng mobil Bibliothéik, déi an engem speziell ëmgebauten Autobus installéiert ass, an no engem bestëmmten, am viraus festgeluechten Horaire, eenzel Uertschaften ofdeckt, déi selwer keng Bibliothéik hunn.

Bicherbus zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Uganks gouf et zu Lëtzebuerg zwéi Bicherbussen, déi dem Kulturministère ënnerstanen hunn. Se sinn op 16 Tournéeën, an engem Rhythmus vun ongeféier zwou Woche gefuer, an hunn sou 106 Uertschaften am Land ofgedeckt. An engem Bus kënnen ongeféier 4300 Bicher an aner Medie matgeholl ginn, déi aus engem Bestand vun 72.000 Titelen, wouvun en Deel fir Kanner a Jugendlecher sinn, ausgewielt ginn. Bestellunge kënnen och gemaach ginn, awer wéinstens 5 Deeg virum Passage vum Bus an der gewënschter Uertschaft. D'Ausléine vu bis zu 15 Bicher ass gratis, et muss ee sech awer wéi an all Bibliothéik als Benotzer aschreiwe wat mat der Ausstellung vun enger Memberskaart verbonnen ass.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Deen éischte Bicherbus ass zu Lëtzebuerg 1982 agefouert ginn, nodeem en Test mat engem belsche Bicherbus, tëscht 1978 an 1980, positiv verlaf war. 1989 ass en zweete Bus bäikomm. 1994 gouf d'Zentral vun de Bicherbussen zu Dikrech ageriicht. 2000 sinn déi 2 Bussen ausgefall an hu missen duerch zwou Semi-remorquen ersat ginn.

2004 sinn 104.563 Mol Bicher ausgeléint ginn. 2008 waren et der just nach 86.727. Déi grouss Majoritéit vun den ageschriwwene Lieser (15.543) si Kanner a Jugendlecher (iwwer 12.000). Eppes manner wéi d'Hallschent vun den ageschriwwene Lieser ginn zu den "aktive" Lieser gezielt (6.949).[1]

D'Bicherbussen haut[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 2010 ginn d'Bicherbusse vun der Nationalbibliothéik betreit. 2014 ware 56.000 Bicher ausgeléint ginn. D'Bicher aus dem Bicherbus sinn 2014 an de Gesamtkatalog vun alle Bibliothéiken integréiert ginn. Mam Neibau vun der Nationalbibliothéik[2] gouf de Standuert vun de Bicherbussen 2019 op de Kierchbierg verluecht.

Am Joer 2021 ass de Bicherbus op 14 wëchentlechen Tournéeën an 81 Lëtzebuerger Uertschafte gefuer[3].

Intressantes[änneren | Quelltext änneren]

Zu Ell fiert de Bicherbus schonn zanter bal engem Joerhonnert[4].

Bibliobus[änneren | Quelltext änneren]

D'Caritas bedreift mat hirem Service Jeunes & Familles eng aner mobil Bibliothéik, de „Bibliobus“ deem säin Haaptzil et ass, ë. a. eng pedagogesch Offer unzebidden an d'sproochlech Entwécklung z'ënnerstëtzen[5].

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Bibliobus.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bicherbus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Zuele fir 2008: Rapport d'activité 2008 vum Kultur- a Fuerschungsministère, S.29. Aus dem Rapport geet ervir, datt 2008 zäitweileg nëmmen ee Bus am Asaz war, wat mat e Grond fir de Réckgang vun den Ausléinzuele kéint sinn.
  2. „Bicherbus“ – Bibliothek auf Rädern am Luxemburger Wort vum 12. Februar 2015, S. 25
  3. Service du Bicherbus. bnl.public.lu Archivéiert op 2021-10-13. Gekuckt de(n) 21.11.2021.
  4. "Seit einem knappsen Jahrhundert rollt der 'Bicherbus' als mobile Bibliothek durch Luxemburg." Archivéiert op 2007-09-26. Gekuckt de(n) 2006-08-05.
  5. bibliobus. www.cjf.lu Archivéiert op 2021-11-21. Gekuckt de(n) 21.11.2021.