Bockelwal
Bockelwal | |||||||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
e Bockelwal | |||||||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||||||
| |||||||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||||
Megaptera novaeangliae (Borowski, 1781) Gray, 1846 |
De Bockelwal (Megaptera novaeangliae) ass eng Walenaart aus der Famill vun de Balaenopteridae. En hält sech gär an de Küstegéigenden op, kann 12 bis 15 Meter grouss ginn, a weit 25 bis 30 Tonnen. Am Verglach zu anere Walen huet en däitlech méi grouss Flipperen (Broschtflossen), wat dann och säi wëssenschaftlechen Numm erkläert: megaptera = "grouss Flilleken". En ass absënns fir säi Walgesang bekannt.
De Bockelwal lieft an allen Ozeanen. Am Summer hale se sech an de polare Mierer op, am Wanter an tropeschen a subtropesche Gewässer. Dofir leeën s'all Saison Dausende vu Kilometer zeréck. Allerdéngs bleiwen d'Populatioune jeeweils op 'hirer' Hemisphär.
De Bockelwal erniert sech virun allem vu Krill, deen en a senge Barten erausfëscht, heiansdo och vu klenge Fësch. D'Déiere friesse virun allem wa s'an hirem Summerquartier sinn, am Wanterquartier baue se d'Fett of, dat se sech ugefriess hunn.
De Bockelwal ka séier schwammen: 2 bis 5 Kilometer an der Stonn. Säin Numm huet en, well en e Bockel mécht, wann en daucht. Dobäi streckt en dann d'Schwanzfloss aus dem Waasser. Een Dauchgang dauert bis zu 15 Minutten, meeschtens tëscht 3 an 9.
Et ass e gudde Sprénger a ka mam ganze Kierper aus dem Waasser sprangen.
D'Fortpflanzung geschitt an de Wanterquartéieren an den tropesche Gewässer. Dacks kämpfe Männercher géinteneen; d'Bockelwale si polygam a verkoppele sech mat méi verschiddenen Individuen. D'Kallef kënnt no 12 Méint op d'Welt, deemno och nees an den tropesche Wanterquartéieren. Déi 'Kleng' si bei der Gebuert 4 Meter grouss a bleiwen op d'mannst ee Joer bei der Mamm. Deemno kann e Weibche ronn all 3 Joer en neit Kallef kréien. Mat 5 Joer si se erwuessen. Si kënne bis bal 50 Joer al ginn.
De Bockelwal gouf laang intensiv gejot a war plazeweis no um Ausstierwen. Zanter 1966 ass e weltwäit geschützt.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Mark Carwardine: Wale und Delfine. Delius Klasing, Bielefeld 2008, ISBN 978-3768824736.
- Ralf Kiefner: Wale und Delfine weltweit. Jahr Top Special, Hamburg 2002, ISBN 3-86132-620-5.
- R. R. Reeves, B. S. Stewart, P. J. Clapham, J. A. Powell: Sea Mammals of the World - a complete Guide to Whales, Dolphins, Seals, Sea Lions and Sea Cows. A&C Black, London 2002, ISBN 0-7136-6334-0.
- Maurizio Würtz, Nadio Repetto, Manferto, Valeria (Hrsg.): Wale & Delphine, Biografie der Meeressäuger. Jahr Verlag, Hamburg 1998, ISBN 3-86132-264-1.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Megaptera novaeangliae – Biller, Videoen oder Audiodateien |