Camille Perl

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Camille Perl
Gebuer 13. Oktober 1938
Mamer
Gestuerwen 21. Juli 2018
Roum
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit kathoulesche Priister

De Camille Perl gebuer den 13. Oktober 1938 zu Mamer a gestuerwen den 21. Juli 2018 zu Roum, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen a Prelat am Vatikan beim Hellege Stull.

Nodeem hie Paschtouer an de Paren Éiter (1974-1979), Clausen an Neiduerf war, gouf en 1985 vum Bëschof Jean Hengen op Roum geschéckt. Vun 1988 bis Mäerz 2008 war hie Sekretär vun der neigegrënnter Pontifikaler Kommissioun Ecclesia Dei. Den 13. Mäerz 2008 gouf hie Vizepresident vun där Kommissioun.

Ecclesia Dei ass eng Kommissioun, där hir Missioun dora besteet, d'Unhänger vun der Fraternité Pie X vum Monseigneur Lefebvre erëm an de Schouss vun der kathoulescher, vum Vatikan kontrolléierter Kierch zeréckzeféieren.

Dem Camille Perl seng Chancen, fir am Vatikan eng weider héich Karriär ze maachen, goufen deemools a verschidde kierchleche Kreesser als héich ageschat.[1],[2]

Mä du koum alles anescht, an de Monsignore Perl gouf den 8. Juli 2009 an d'Pensioun geschéckt. Säin Nofollger gouf den Äerzbëschof Joseph Augustine Di Noia.[3]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Raymond Reuter: 100 Lëtzebuerger ronderëm d'Welt, S. 148: Camille Perl, 2003, Éditions Luxnews, ISBN 2-9599932-2-5

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Säit vun der franséischer Wochenzäitschrëft Golias, déi de Camille Perl als zukünftegen Äerzbëschof gesinn huet. Gearchiveerd op 2007-10-14. Gekuckt de(n) 2007-10-28.
  2. Och den Henri Schumacher hat sech do verspekuléiert.
  3. Pontifical Commission “Ecclesia Dei” (Op där Säit steet de Perl wier eréischt 1998 Sekretär vun der Kommissioun ginn - warscheinlech en Tippfeeler, well soss hätt hire President 10 Joer laang d'Aarbecht missen eleng maachen.)