Op den Inhalt sprangen

Carlo Link

Vu Wikipedia
Carlo Link
Gebuer 25. Oktober 1953
Alter 72 Joer

De Carlo Link, gebuer de 25. Oktober 1953 an der Stad Lëtzebuerg, ass e Lëtzebuerger Redakter a Produzent, Museker, Organist, Createur vu Computer-Biller a fréiere Bankbeamten.

Hien ass e fräie Createur vu Radiosemissiounen. Zanter 1993 ass hie fräie Mataarbechter beim Radio 100,7. Fir dee Radio huet hie follgend Emissioune kreéiert: Patch-Radio, Erlieft a Verzielt, Kommunikatioun a Medien. A weideren Emissiounen hat hie matgeschafft, ë. a. Innovatioun a Fuerschung, Nei Technologien, Konferenzen, Atlantis, Iwwer Joer an Dag, Leit wéi s du an ech. Hie mécht och geleeëntlech Reportagë fir d'Kulturredaktioun vum 100,7. 2022 huet de Carlo Link eng Radio-Dokumentatioun a zéng Deeler, ënnert dem titel „Wellelängt - 100 Joer Radio“, produzéiert.

De Carlo Link huet ë. a. eng Rei Hannergrondreportagen zum Theema Radio an Televisioun am Télécran an am Radio Journal (D) publizéiert.

Hie war vun 1980-1996 fräie Mataarbechter vun RTL Radio Lëtzebuerg, z. B. fir Emissioune wéi D'Aen op oder de Beidel, Kontakt, Réckbléck, Neie Forum a Chrëscht-Emissiounen "Geschicht a Geschichten ronderëm Chrëschtdag", donieft ë. a. Korrespondent vun der Redaktioun.

Enn vun den 1980er Jore war hie fräie Redakter a Produzent beim Deutschlandfunk an der Sendung Eurotreff mat Reportagen iwwer d'Finanzplaz Lëtzebuerg.

Hie war bis Abrëll 2009, donieft och Bankbeamten (60 resp. 80 %).

2016 huet hien eng Web-Musek-Radiostatioun mat dem Numm "PANACHEE", ënnert dem Pseudonym "cLien" op der däitscher Plattform "laut.fm", gegrënnt. D'Museksrichtunge begräifen ënner anerem: Blues, Chanson, Klassik, Elektropop, Jazz, Lounge, Rock-Pop, World. 2023 huet hien op der selwechter Plattform, ënnert dem Numm "ESPRESSIVO", eng zweet Web-Musek-Radiostatioun kreéiert. Hei leeft Klassik, (aus allen Zäite mat engem Fokus op Uergel- a Sakral-Musek) an ënner anerem och Jazz.