Cavern Club

Vu Wikipedia

De Cavern Club, deen de 16. Januar 1957 opgoung, war e legendäre Rock-'n'-Roll-Club zu Liverpool.

E war an der Mathew Street op Nummer 10. Do hu sech 1961 de Brian Epstein an d'Beatles fir d'éischt begéint.

De Club gouf vum Alan Sytner gegrënnt nodeem hien zu Paräis en d'Jazzkeller gesinn hat. Als Virbild hat en de Paräisser Keller Le Caveau a et war am Ufank e rengen Jazzclub. No an no sinn do Skiffle-Bands opgetratt. 1959 ass de Sytner op London geplënnert an huet de Club verkaaft. Den neie Besëtzer gouf de Ray McFall.

Uganks der 1960er Jore si Bluesbands a Beatgruppen am Cavern opgetrueden. Déi éischt Beat-Nuecht war de 25. Mee 1960, mat der Grupp Rory Storm & the Hurricanes, bei deenen de Ringo Starr Batteur war. D'Cilla Black huet deemools do an der Garderobe geschafft.

1961 haten d'Beatles hiren éischten Optrëtt am Cavern Club, nodeem si vun hirer Tournée op Hamburg erëm waren. Si sinn duerno tëscht 1961 a 1963 am Ganzen 292-mol am Cavern opgetrueden.

An de Joren duerno hu vill bekannt Bands an Interprete Concerten am Cavern Club ginn, ënner anerem The Rolling Stones, The Kinks, The Who, d'Yardbirds, den Elton John an den John Lee Hooker.

Am Mäerz 1973 gouf de Cavern Club zougemaach, a wéi de Metro zu Liverpool gebaut gouf, ass d'Gebai ofgerappt ginn.

En neie Cavern Club gouf duerno 1984 vum Joe Davey gebaut, an huet och dat Joer am Abrëll opgemaach.

De 4. Dezember 1999 huet de Paul McCartney am neie Cavern Club säin Album Run Devil Run virgestallt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cavern Club – Biller, Videoen oder Audiodateien