Albert Calmette
Albert Calmette | |
---|---|
Gebuertsnumm | Léon Charles Albert Calmette |
Gebuer |
12. Juli 1863 Nice |
Gestuerwen |
29. Oktober 1933 Paräis |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Universitéit vu Paräis |
Aktivitéit | Dokter, Immunolog, Bakteriolog, Virolog, Botaniker |
Member vun | Royal Society, Académie des sciences, Académie nationale de médecine, Académie royale de médecine de Belgique |
Famill | |
Geschwëster | Gaston Calmette |
De Léon Charles Albert Calmette, gebuer den 12. Juli 1863 zu Nice, a gestuerwen den 29. Oktober 1933 zu Paräis, war e franséischen Dokter, Bakteriolog an Immunolog. Hien huet de Bacillus Calmette-Guérin (BCG) an e Vaccin géint d'Tuberkulos entdeckt an huet de Calmette-Serum entwéckelt, géint d'Wierkung vu Schlaangegëft.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Den Albert Calmette wollt Dokter a Séifuerer ginn. Vun 1881 u war hien zu Brest op der Schoul fir Schëffsdokteren, an duerno huet en zu Clermont-Ferrand an zu Paräis Medezin studéiert.[1] Vun 1883 un huet hien als Militärdokter an der franséischer Marinn gedéngt. Hie goung mat an de Chineesesch-Franséische Krich. Zu Hongkong huet hien iwwer d'Malaria gefuerscht, iwwer déi en 1886 seng Dokteschthees geschriwwen huet. Méi spéit war hien a Westafrika am Gabun an op Saint-Pierre et Miquelon, an am Franséische Kongo ënnerwee, wou en d'Malaria, d'Afrikanesch Trypanosomiasis an d'Pellagra studéiert huet.
1890 koum hien zeréck a Frankräich a gouf Mataarbechter vum Louis Pasteur a vum Émile Roux. 1891 goung et op Saigon fir do eng Dependance vum Institut Pasteur ze grënnen.
Do huet hien och d'Toxikologie als Fuerschungs- an Aktivitéitsfeld entdeckt. Hien huet d'Wierkunge vu Schlaangen-, Beien- a Planzegëfter analyséiert. 1894 goung en hannescht a Frankräich.
Hien huet de Calmette-Serum géint d'Wierkung vu Schlaangebëss entwéckelt an och un engem Serum géint d'Pescht matgeschafft. Hie goung och op Porto, fir do eng Peschtepidemie hëllefen ze bekämpfen.
1895 gouf hien Direkter vum Institut Pasteur zu Lille. 1909 huet hien zu Algier eng weider Dependance opgemaach. 1904 huet hien zu Lille d'Ligue du Nord contre la Tuberculose gegrënnt déi et bis haut gëtt.
1907 huet hien e Procedé fir den Tuberkulin-Test agefouert.[2]
Vun 1918 u war hien Direkter vum Paräisser Institut Pasteur.
De Calmette ass haaptsächlech wéinst sengem Kampf géint d'Tuberkulos an d'Geschicht vun der Medezin agaangen. Hien huet net nëmme mam Camille Guérin e wierksame Vaccin entwéckelt, ma och eng Impfcampagne géint déi deemools wäit verbreet an dacks déidlech Krankheet. Sou huet hien 1920/1921 déi éischt BCG-Schutzimpfunge géint d'Tuberkulos bei de Puppelcher agefouert. 1930 koum et dobäi zu engem Réckschlag, wéi 72 Kanner u feelerhafte Serume gestuerwe sinn, an doropshin d'Campagne ofgebrach gouf (si gouf méi spéit awer nees opgeholl). De Calmette huet dat staark matgeholl, hien ass ee Joer drop zu Paräis gestuerwen.
1921 gouf hien zum Membre correspondant vun der Royal Society gewielt. 1927 gouf e Member vun der Académie des sciences.[3]
Den Albert Calmette war de Brudder vum Gaston Calmette (1858–1914), dem Editeur vun der Dageszeitung Le Figaro.
Erënnerung
[änneren | Quelltext änneren]Eng ganz Rëtsch Stroossen a Frankräich goufen no him genannt. Och zu Lëtzebuerg kruten zwou Stroosse säin Numm:
- Rue Dr. Albert Calmette: beim Sanatorium vu Veianen (wou fréier Tuberkuloskranker versuergt goufen)
- Rue Charles[sic] Calmette: um Verluerekascht an der Stad Lëtzebuerg[4].
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- N. Bernard, L. Negre: Albert Calmette, sa vie, son oeuvre scientifique. Masson et Cie, Paris 1940.
- L. C. A. Calmette: The treatment of animals poisened with snake venom by the injection of anti-venomous serum. In: The Lancet. 1896, 2, S. 449–450.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Albert Calmette (1863–1933) op pasteur.fr.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Werner Köhler: Calmette, Albert Charles Léon. In: Werner E. Gerabek, Bernhard D. Haage, Gundolf Keil, Wolfgang Wegner (Hrsg.): Enzyklopädie Medizingeschichte. De Gruyter, Berlin/New York 2005, ISBN 3-11-015714-4, S. 228.
- ↑ Paul Diepgen, Heinz Goerke: Aschoff/Diepgen/Goerke: Kurze Übersichtstabelle zur Geschichte der Medizin. 7., neubearbeitete Auflage. Springer, Berlin/Göttingen/Heidelberg 1960, S. 57.
- ↑ Memberen zanter 1666: Buschstaf C. Académie des sciences, nogekuckt; 2019-10-24
- ↑ (de)Archives Ville de Luxembourg. www.archives-vdl.findbuch.net. Gekuckt de(n) 07.10.2024.
Quell: Ugeluecht als Iwwersetzung vun de:Albert Calmette, an der Versioun vum 07.10.2024.