Charles Eugène Delaunay
Ausgesinn
| Charles Eugène Delaunay | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
9. Abrëll 1816 Lusigny-sur-Barse |
| Gestuerwen |
5. August 1872 Cherbourg |
| Alter | 56 Joer |
| Doudesursaach | Erdrénken |
| Nationalitéit | Frankräich |
| Educatioun |
École polytechnique, École nationale des mines vu Paräis, Sorbonne Universitéit vu Paräis, École nationale des mines vu Paräis |
| Aktivitéit | Astronom, Mathematiker, Ingenieur |
| Fonctioun | President vun der Académie des sciences, Direkter |
| Member vun | Royal Society, Académie des sciences, Accademia Nazionale dei Lincei, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften |
| Auszeechnungen | Goldmedail vun der Royal Astronomical Society, Foreign Member of the Royal Society, Officier vun der Légion d'honneur, 72 Nimm um Eiffeltuerm, Chevalier vun der Légion d'honneur |
|
| |
Den Charles-Eugène Delaunay, gebuer den 9. Abrëll 1816 zu Lusigny-sur-Barse bei Troyes, a gestuerwen de 5. August 1872 bei Cherbourg, war e franséische Mathematiker an Astronom.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Den Delaunay huet beim Jean-Baptiste Biot op der Sorbonne zu Paräis studéiert. A sengen Aarbechten huet e sech mat der Himmelsmechanik an dem Dräikierperproblem beschäftegt.
Am Joer 1870 krut de Charles-Eugène Delaunay d'Goldmedail vun der Royal Astronomical Society zu London. Am selwechte Joer gouf hien Direkter vum Paräisser Observatoire.
De Charles-Eugène Delaunay ass de 5. August 1872 bei engem Schëffsongléck am Hafe vu Cherbourg erdronk.
Hien ass mat sengem Numm op dem Eiffeltuerm veréiwegt, kuckt och: 72 Nimm um Eiffeltuerm.
