Christian Scholl
Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Christian Scholl | |
---|---|
Gebuer |
1. Juli 1901 Ierpeldeng |
Gestuerwen |
30. Dezember 1957 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Architekt |
De Christian Scholl, gebuer den 1. Juli 1901 zu Ierpeldeng bei Wolz, gestuerwen den 30. Dezember 1957 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergeschen Architekt.
Hien huet zu Oochen op der polytechnescher Héichschoul studéiert an 1926 säin Diplom fir Ingenieur-Architekt gemaach. Hien huet ufanks Stagen a Stater Architektebüroe gemaach an zesumme mam Jean Deitz d'Pläng vun der Escher Grenzerkierch a vum Wëlzer Spidol realiséiert. Dono huet hie sech zu Esch néiergelooss an an de Joren dono d'Pläng vu Privatvillaen, an och vun der Post vun Dikrech entworf.[1]
Wärend dem Zweete Weltkrich hat de Christian Scholl den Architektebüro zougelooss an huet Gravuren an Zeechnunge gemaach.
Direkt nom Krich huet hien, zesumme mam Norbert Weydert, an der Géigend vu Klierf a Wolz un de Pläng fir den Neesopbau vu verschiddenen ëffentleche Gebaier, virun allem Schoulen a Gemengenhaiser, geschafft.
Hie war Matgrënner vum Ordre des architectes.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Grenzerkierch zu Esch-Uelzecht, zesumme mat dem Jean Deitz
- Spidol zu Wolz, zesumme mat dem Jean Deitz
- Post vun Dikrech
- Primärschoul zu Wolz
- Kapell vum Willibrordus-Buer zu Wëlwerwolz
- Entréesportal vum Jeunesseterrain (1937; 1970 ofgerappt)
- Synagog (1953-1954) zu Esch-Uelzecht
- Vergréisserung vum Spuerkeessgebai zu Esch
- Neie Fligel vum Escher Jongelycée
- Vergréisserung vun der Kierch Suessem
- Vergréisserung vun der Kierch Nidderkuer
- Pavillon d'isolement vum Escher Spidol
-
Synagog Esch
-
LGE
-
Kierch Suessem
-
Kierch Nidderkuer
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 202
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Christian Scholl – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Un témoin de modernisme." In: Den Escher 30 (2016), S.14-15.