Claude Gengler (Zeechner)

Vu Wikipedia
Dëse Comicsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Claude Gengler
Pseudonym Django
Gebuer 9. Abrëll 1960
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Comicauteur

De Claude Gengler ass e lëtzebuergesche Comiczeechner an Illustrateur.

Als Zeechner ass de Claude Gengler Autodidakt, huet awer Enn vun den 1980er Joer zu Bréissel e Kuerzstudium als Trickfilmer absolvéiert. Donieft huet hien och an de Joren 1983, 1984 an 1985 un der Summerakademie deelgeholl.

Duerno huet hien hei an do als Illustrateur, ënner anerem fir d'Asti (Kolibri Kolibra) an och an der Revue de la Jeunesse gezeechent. An Däitschland sinn an der Märchenzeitung, den CSRU-News an och an den Nachrichten aus der Anderwelt Zeechunge vun him publizéiert ginn.

De Claude Gengler huet selwer e puer kleng Zäitschrëften a Fanzinen erausginn: Super Za-Za, Gomper. An den 1970er an 1980er Jore koum och e Comicalbum vun him eraus, Les anecdotes de Théo Watermael, an duerno an den 1990er Joren 3 Portfolioen iwwer Gnomen a Kobolden.

Tëscht 1999 an 2003 huet hien e puer Ausstellunge gehat, dovun 2003 eng zu Arel, zesumme mat dem belsche Comiczeechner René Hausman.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]