Claude Hemmer
Ausgesinn
| Claude Hemmer | |
|---|---|
| Gebuer |
24. Januar 1951 Péiteng |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Ekonomist, Beamten |
| Fonctioun | Conseiller am Staatsrot |
| Gielercher | Officier vum Ordre de la couronne de chêne |
|
| |
De Claude Antoine Hemmer, gebuer de 24. Januar 1951 zu Péiteng, ass e lëtzebuergeschen Ekonomist a Staatsbeamten.
Hien huet eng Licence an de Sciences économiques et sociales, an ass Éischte Conseiller am Gesondheetsministère. Vum 25. November 1993 bis de 25. November 2011 war hie Member vum Lëtzebuerger Staatsrot an dat vum 21. November 2007 un an der Funktioun vum Vizepresident.[1]
Am Lëtzebuerger Journal schreift hie reegelméisseg Kolumnen an zanter 2009 um Blog L for Liberty.
Am Juni 2015 huet hien Déi Liberal gegrënnt.
Auszeechnungen
[änneren | Quelltext änneren]
Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1998)
Grand officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2012)[2]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Archivéiert den 20.07.2016. Gekuckt den 22.07.2016.
- ↑ Memorial B n° 103 vun 2012 mat der Lëscht vun de Leit déi 2012 eng national Auszeechnung kritt hunn
