Claudine Funck-Brentano
Ausgesinn
| Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Claudine Funck-Brentano | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
6. Oktober 1863 Lëtzebuerg |
| Gestuerwen |
21. August 1922 Montfermeil |
| Nationalitéit | Frankräich |
| Aktivitéit | Dichterin, Schrëftstellerin |
| Auteursrechter | Auteursrechter sinn ofgelaf |
| Famill | |
| Papp | Théophile Funck-Brentano |
| Mamm | Sophie Brentano |
| Geschwëster | Frantz Funck-Brentano |
|
| |
D'Claudine Funck-Brentano, gebuer de 6. Oktober 1863 zu Lëtzebuerg[1], a gestuerwen den 21. August 1922 zu Montfermeil, war eng Dichterin an Iwwersetzerin.
No 1870 huet d'Claudine Funck-Brentano mat hirem Papp, dem Théophile Funck-Brentano an hirem Brudder, dem Frantz Funck-Brentano, Lëtzebuerg verlooss, fir a Frankräich ze plënneren.
Iwwer hir Mamm ass si d'Niess vum Clemens Brentano, deen zesumme mam Achim von Armin tëscht 1805 an 1808 d'Volleksliddsammlung Des Knaben Wunderhorn publizéiert hat.
D'Claudine Funck-Brentano huet Gedichter geschriwwen, déi eppes Mystesches u sech hunn. Ausserdeem huet si dem belschen Auteur Maurice Maeterlinck säin Trauerspill Aglavaine et Sélysette op Däitsch iwwersat.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Jules Mersch: Claudine Funck-Brentano. Biographie nationale du pays de Luxembourg depuis ses origines jusqu'à nos jours Band 6.Imprimerie de la Cour Victor Buck, 1962p.253
