Clay T. Whitehead

Vu Wikipedia
Clay T. Whitehead
Gebuer 13. November 1938
Gestuerwen 23. Juli 2008
Doudesursaach Prostatakriibs
Nationalitéit USA
Educatioun Massachusetts Institute of Technology
Aktivitéit Ingenieur

De Clay T. (Tom) Whitehead, gebuer den 13. November 1938 a gestuerwen den 23. Juli 2008, war en US-amerikanesche Conseiller a Geschäftsmann, hie gëllt als Papp vun der Satellittentelevisioun.

De Clay Whitehead huet an der US Army gedéngt an duerno fir d'Rand Corporation geschafft, wou e sech mat wirtschaftlechen Theemen an där zur nationaler Sécherheet befaasst huet. Duerno war hie Special Assistant ënner dem President Nixon, wou hien ë. a. fir d'NASA, d'Atomic Energy Commission, d'National Science Foundation, an d'FCC responsabel war. Hien huet d'Entwéckung vun der amerikanescher Raumfaartpoltik nom Apollo-Programm geleet, dorënner d'Decisioun, e Space Shuttle an eng Raumstatioun ze bauen.[1]

Hie gouf den éischten Direkter vum U.S. Office of Telecommunications Policy, a war responsabel fir d'Politik zu der Reguléierung vun Televisioun, Kabel an Telekommunikatioun. Hie gouf de "Papp vun der Open Skies policy” genannt.[2]

Spéider huet hien d'Regierungsadministratioun verlooss gouf a Visiting Fellow zu Harvard an um MIT. Hien huet Hughes Communications gegrënnt a gouf hire President. Do huet hien de "Galaxy" Business entwéckelt, deen de Modell gouf fir d'Iwwerdroe vun Televisiounsprogrammer iwwer Satellit.[2]

Zu Lëtzebuerg hat hien, ënnerstëtzt vum Pierre Werner, d'Gesellschaft Coronet gegrënnt, fir e kommerziellen Direkt-Televisiounssatellit vu Lëtzebuerg aus ze bedreiwen. Dëse Projet gouf, virun allem vu franséischer Säit, als "Coca-Cola-Satellit", staark kitiséiert. Et koum dofir zur Grënnung vun der SES, wouropshin de Whitehead, mat Succès, de Lëtzebuerger Staat an d'SES op Schuedenersaz verklot huet.[3]

Den Dr. Clay T. Whithead war President vu Clay Whitehead Associates, enger Gesellschaft, déi am Televisiouns- an Telekomberäich aktiv ass, an och an de Verwaltungsréit vun ettlechen anere Gesellschaften. Hie war en Distinguished Visiting Professor of Communications Policy op der George Mason University.[4]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Archive copy Gearchiveerd op 2007-07-09. Gekuckt de(n) 2008-08-20.
  2. 2,0 2,1 Och do.
  3. Lëtzebuerger Land, 01.08.2008.
  4. Wéi 1).