Critérium international de cross cyclo-pédestre
| |||
Detailer | |||
Etappen | 2 | ||
Länner | Frankräich Lëtzebuerg | ||
Dokumentatioun |
De Critérium international de cross cyclo-pédestre[1] (C.I.) war eng populär Kompetitioun am Cyclo-cross (Vëlosport), déi um héchste Niveau all Joer mat e puer Ënnerbriechunge vun 1924 bis 1949 (20 Editiounen) ausgedroe gouf, an als offiziéis Weltmeeschterschaft betruecht gouf.
An den 1920er Jore gouf a Frankräich festgestallt datt et wuel schonn a ville Länner Nationalchampionnater am Cyclo-Cross gouf, mee awer nach keng international Epreuve wou déi Bescht an där Disziplin sech miesse kéinten. An dësem Sënn gouf déi éischt Editioun vum “Critérium International de cross cyclo-pédestre” 1924 vun der Zeitung L'Auto[1] et der Union vélocipédique de France an d'Liewe geruff. De Start vun der Course war zu Suresnes, engem Paräisser Faubourg. Vun do aus goung et dann iwwer de Mont Valérien an e Bësch am Weste vu Paräis. Déi bekanntst Schwieregkeet vum C.I., déi besonnesch vill Spectateuren ugezunn huet, war den Trou du diable. Op där Plaz ass et fir d'éischt schëtzeg biergof gaangen an direkt hannendrun grad esou géi biergop. Dat war sou schwéier a geféierlech, datt d'Coureuren an den Ufanksjore mol net um Vëlo erof gefuer sinn. Am Géigesaz zu modernen Cyclo-Cross-Courssen, déi op engem zouenen Circuit gefuer ginn, war d'Arrivée vum C.I. no der Course iwwer eng Distanz vun deemools 20,2 km net op derselwechter Plaz wéi de Start.
Lëtzebuerg hat vun Ufank u Coureure beim C.I. um Start. Schonn am Joer 1926 war et dem Jean-Pierre Engel, deemools nationale Champion am Cyclo-Cross, gelongen zu Paräis als Zweeten op de Podium vum C.I. ze klammen.
D'Editioun 1935 ass aus Lëtzebuerger Siicht besonnesch ervirzehiewen: mat de Bridder Arsène a Josy Mersch, souwéi de Bridder Pir a Mett Clemens hat Lëtzebuerg dat Joer souwuel zwéi Coureuren um Podium (1. Josy Mersch, 3. Arsène Mersch), wéi och d'Lännerklassement no Punkte gewonnen.[2]
Et ass och bemierkenswäert, datt déi alleréischt Editioun vum C.I. nom Zweete Weltkrich am Joer 1947 an der Millebaach op engem Circuit am Bambësch organiséiert gouf.[3]
Déi zwou lescht Editioune vum C.I. (1948 an 1949) waren dunn erëm zu Paräis, déi Kéier op engem Circuit am Bois de Vincennes. Dës Epreuve ass schlussendlech am Joer 1950 vun der éischter offizieller Cyclo-Cross-Weltmeeschterschaft vun der U.C.I. ersat ginn, déi um selwechte Circuit wéi d'Editioun vun 1949 ausgedroe gouf.
Palmarès
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Titelsäit vun der franséischer Zeitung L'Auto: "Le Premier Critérium international de Cross Cyclo-Pédestre de L'AUTO". L'Auto (17. Februar 1924). Gekuckt de(n) 6.8.2020.
- ↑ Mersch, C. (2017): Le Critérium International de cross cyclo-pédestre, Championnat du Monde avant l'heure op medium.com
- ↑ Luxemburger Wort v. 7. Februar 1947: "Luxemburg, Austragungsort des 'Critérium International de Cross Cyclo-Pédestre'" (7. Februar 1947) Archivéiert de(n) 2017-07-24. Gekuckt de(n) 6.8.2020.
- ↑ Verschidde jee no Quell