Cueva de las Manos

Vu Wikipedia
Hand-Pochoiren an der Cueva de las Manos

D'Cueva de las Manos, spuenesch fir: Hiel vun den Hänn, ass en Natur- a Kulturmonument an der argentinescher Provënz Santa Cruz. Si zielt zënter 1999 zu de Kultur-Weltierwe vun der UNESCO. D'Hielemolereien dora sinn déi bekanntst aus dem südleche Südamerika.

D'Hiel gouf 1941 vun engem Pater entdeckt. Se läit am Canyon vum Río Pinturas, eng 80 km südlech vun der Uertschaft Perito Moreno.

D'Molereie si vu 7.000 bis 1.000 viru Christus, verschiddene Quellen no gëtt et der souguer drënner, déi 13.000 Joer virun eiser Zäit entstane wieren.

D'Molereien an der Hiel gi je no Stil an dräi Gruppen agedeelt, déi A, B oder C genannt ginn.

Grupp A

D'Grupp A ass déi mam héchste kënschtlereschen Niveau. Ze gesi si Juegdzeenen, wou Mënsche Guanakoe joen. D'Faarwe si Schwaarz, Ockergiel, Hellrout a Mof.

Grupp B

An der Grupp B sinn déi Molereien zesummegefaasst, déi statesch mënschlech Figure mat klenge Käpp als Sujet hunn; weiderhi Guanakoen, an abstrakt Zeeche wéi Kreesser, Spiralen, Punktreien, Schlaangelinnen a Rechtecker. Hei dominéiere Schwaarz a Mof.

Grupp C

An der Grupp C sinn déi Molereien zesummegefaasst, déi Hänn an negativer Form weisen, d. h. den Ëmrëss vun der Hand, déi als Pochoir iwwermoolt gouf, sou wéi och relativ grouss mënschlech Figuren. Hei dominéiere roudelzeg Téin.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cueva de las Manos – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Fiche op der Websäit vun der Unesco.