DUT1

Vu Wikipedia
D'Differenz tëscht UT1 (proportional zu der Äerdrotatioun) an UTC (vun Atomaueren ofgeleet, mat Schaltsekonnen) vun Ufank 1973 bis Mëtt 2015

Als Zäitkorrektur DUT1 gëtt an de Geowëssenschaften an an der Astronomie déi op Zéngtelssekonn ofgeronnt, vum IERS festgeluecht a mat Zäitzeechesender ausgestraalt Differenz tëscht där mat Atomauere gemoossener koordinéierter Weltzäit UTC an där duerch d'Äerdrotatioun definéierter Weltzäit UT1 bezeechent.

Et gëllt also

DUT1 ≈ UT1 − UTC op 0,1 s genee.

Doran ass

D'Differenz tëscht UT1 an UTC an domat d'Zäitkorrektur DUT1 gëtt lafend bestëmmt, andeems d'UT1 mat Methode vun der Astrometrie gemooss gëtt (z. B. mat CCD-Meridiankrees oder VLBI) a mat dem Zäitsignal UTC vergläicht.

Zesumme mat de Polkoordinaten x an y bilt d'Differenz UT1 − UTC déi dräi Äerdrotatiounsparameteren (ERP).

Well eist Zäitsystem déi mëttlere Sekonne vun 1900 bis 1905 als Basis huet an d'Äerdrotatioun zanterhier ëm ronn 0,002 Sekonne pro Dag méi lues ginn ass, ännert sech UT1 − UTC pro Dag am Duerchschnëtt ëm 0 bis 3 Millisekonne (meeschtens an negativer Richtung): beispillsweis vum 20. bis de 25. Mee 2005 vun −0,6125  op −0,6164 Sekonnen. Ausnamsweis huet si dono bis September 2005 op −0,595 s zougeholl – wat rar virkënnt, awer wéinst gudder Modeller aus der Geodynamik genee virausberechent ka ginn.

An internationalen Ofmaachunge vun de wëssenschaftleche Daachverbänn (besonnesch vun der IUGG an der I.A.U.) souwéi dem staatleche Metrologie-Institut gouf gereegelt, datt UT1 − UTC keng absolut Wäerter déi méi grouss oder gläich 0,9 Sekonnen unhuele soll, fir datt d'Weltzäitskala net ze wäit vun den astronomeschen Normen ofwäicht: Ir UT1 − UTC den absolutte Wäert vun 0,9 Sekonne iwwerschrëtt, gëtt zum 30. Juni oder zum 31. Dezember eng Schaltsekonn bäigesat.

Zoustänneg fir d'Iwwerwaachung vun der Äerdrotatioun an domat fir d'Bestëmmung vun UT1 − UTC an domat DUT1 ass dem Internationale Déngschtt fir Äerdrotatioun a Referenzsystemer (engl. International Earth Rotation and Reference Systems Service, Kierzel IERS), deen den aktuelle Wäert vun DUT1 all sechs Méint a sengem Bulletin D bekannt gëtt.

Den aktuelle Wäert vun DUT1 gouf am IERS-Bulletin D vum 12. Oktober 2016 op −0,4 s a vum 17. November 2016 op 0 Auer UTC, festgeluecht, hie gëtt vun deem Zäitpunkt un mat verschiddene Zäitsignaler iwwerdroen.[1] Déi nächst Festleeung vun DUT1 ass viraussiichtlech am Januar 2017.

Siehe auch[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Bulletin D" vum IERS, Oplo 129, vum 15. Abrëll 2016 Archivéiert op 2016-11-18. Gekuckt de(n) 2017-03-27.