Daniel Migliosi

Vu Wikipedia
Daniel Migliosi
Den Daniel Migliosi, um Veianer Schlass den 11. Dezember 2022
Gebuer 23. Juli 2004
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Trompettist, Komponist, Arrangeur

Den Daniel Migliosi, gebuer den 23. Juli 2004 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergeschen Trompettist, Komponist an Arrangeur.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Daniel Migliosi ass an enger musikalescher Famill gebuer. Am Alter vun 9 Joer huet seng musikalesch Ausbildung ugefaangen. No éischte Schréck an der Keeler Duerfmusek an an der regionaler Museksschoul ass hien an den Escher Conservatoire an an de Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg gaangen. 2019 krut en eng Bourse vun der "Brassweek Samedan"[1] an der Schwäiz, wou hie bei follgenden Trompettiste Coursë geholl huet: Gábor Tarkövi, Laura Vukobratovic, Frits Damrow, Wolfgang Guggenberger, Klaus Schuhwerk a Benny Brown.

Mat 16 Joer krut den Daniel Migliosi am Joer 2020 eng Derogatioun vum Educatiounsministère fir parallel zur Secondairesschoul op der Kölner Héichschoul fir Musek an Danz kënnen ze studéieren, wou hien an de Klasse vun de Professeren Andy Haderer a Matthias Bergmann ass. Am selwechte Joer gouf hien éischten Trompettist vum Jugendjazzorchester Saar an ass mat senger Band Retrospective 5tet opgetrueden. 2021 huet hien den Daniel Migliosi 5tet gegrënnt.

Zu senge Virbiller zielen ë. a. follgend Museker: Miles Davis, Joe Henderson, Joel Ross, Immanuel Wilkins, Walter Smith III, Ambrose Akinmusire, Philip Dizack, Branford Marsalis, Lee Morgan a Blue Mitchell.

Jazzgruppen[änneren | Quelltext änneren]

Retrospective 5tet[änneren | Quelltext änneren]

Daniel Migliosi 5tet[änneren | Quelltext änneren]

  • Daniel Migliosi (Trompett)
  • Adrian Gallet (Tenorsaxophon)
  • Benedikt Göb (Piano)
  • Jan Blikslager (Kontrabass)
  • Mathieu Clement (Schlogezei)

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 2022: Left On Scene. CD. Label: Mons Records LC06458 (Debut album)[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kölsch, Thomas, 2023. Reifeprüfung. Daniel Migliosi veröffentlicht noch vor dem Abi sein Debüt. Jazzthetik Magazin #310, Januar/Februar 2023.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Daniel Migliosi – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://www.brassweek.com
  2. https://monsrecords.de/en/daniel-migliosi-left-on-scene-2/