Op den Inhalt sprangen

Wilhelmus

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) De Wilhelmus)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der lëtzebuergescher Hymn Wilhelmus. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Wilhelmus (Homonymie).
De Wilhelmus, Melodie lauschteren
Wilhelmus-Partitur vum Nik Welter (1920)

De Wilhelmus ass d'Hymn vun de Groussherzoge vu Lëtzebuerg a gëtt gespillt, wa bei enger Zeremonie e Member vum groussherzoglechen Haus ukënnt oder fortgeet.

Déi eelst schrëftlech Spuere vum Wilhelmus ginn op en Dokument mat Titel „Een Liedeken op de wijse van Condé“ aus dem 1574 zeréck, dat eréischt 1921 vum hollännesche Musikolog Fr. Kossmann erëmentdeckt a mam Wilhelmus a Verbindung bruecht gouf[1]. De Wilhelmus ass ursprénglech – jee no de Quellen – vun engem franséischen Zaldotelidd, enger Juegdhar- oder Trompette-Sonnerie oder enger Kavalleries-Fanfare inspiréiert ginn.[2][3][4]

De Wilhelmus an déi hollännesch Nationalhymn Het Wilhelmus hunn e gemeinsamen Ursprong. Den Text vu béiden Hymne war bis 1915 identesch, well e sech op de Kinnek vun Holland bezunn huet, dee bis 1890 a Personalunioun och Groussherzog vu Lëtzebuerg war.

D'Melodie vum Lëtzebuerger Wilhelmus staamt vun der Melodie of, déi am Oude Geuzenlied dokumentéiert ass a 1581 gedréckt gouf.[3]

Bei enger Visitt vum Wëllem III. a senger zweeter Fra, der Emma vu Waldeck-Pyrmont am Joer 1883 zu Lëtzebuerg, ass dem Fielsser Philippe Manternach säi Marsch Vive le Roi! Vive la Reine! gespillt ginn, en Arrangement vun eisem Wilhelmus. Am Mee 1874 hat d'Philharmonie de Larochette ënner der Leedung vu Manternach eng grouss Feier fir dem Wëllem III. seng 25-järeg Herrschaft organiséiert. Et ass unzehuelen, datt de Manternach de Marsch fir dat Evenement geschriwwen hat.[5]

1890 ass de Grand-Duc Adolphe, den éischte Grand-Duc deen net méi a Personalunioun mam hollännesche Kinnek war, op den Troun koum a fir dat Evenement ass de Wilhelmus fir d'éischt an der haiteger Form gespillt ginn. Vun deem Ament u schéngt de Lëtzebuerger Wilhelmus och säin eegene Wee gaangen ze sinn, getrennt vun der hollännescher Versioun.[4]

Schonn ier de Wilhelmus 1890 fir d'éischt offiziell als Begréissungshymn gespillt gouf, war dem Antoine Zinnen seng „Ons Hemecht“ schonn de 5. Juni 1864 uropgefouert ginn a spontan vum Vollek als d'Lëtzebuerger Nationalhymn ugesi ginn. Dat erkläert dann och firwat de Wilhelmus – anescht wéi an Holland – net d'Lëtzebuerger Nationalhymn ass, mä als Hymn vun der Dynastie bäibehale gouf.[4]

De lëtzebuergeschen Text

[änneren | Quelltext änneren]

Den éischte lëtzebuergeschen Text gouf 1915 vum Willy Goergen geschriwwen, fir un de Wiener Kongress vun 1815 z'erënneren.[6]

1919, bei Geleeënheet vum Bestietnes vun der Groussherzogin Charlotte mam Prënz Félix, huet den Nik Welter den Text als Hymn fir d'Haus Lëtzebuerg-Nassau-Bourbon ëmgeschriwwen an huet dobäi dem Goergen seng éischt Stroph ewechgelooss.

Dem Welter seng Versioun ass fir d'éischt am Te Deum an der Kathedral, op Nationalfeierdag, den 23. Januar 1920 gesonge ginn.[1][7]

Wilhelmus
Willy Goergen[8](1915) Nik Welter – 1. Versioun[9][10][11]

(1915)

Nik Welter – 2. Versioun[12]

(1920)

2. Versioun,

an der haiteger Schreifweis

Bemierkungen
I.

Wilhelmuslid mam stolze feierklank.
Sang onst gléck an oiuen hêrzensdank!

I.[13]

Nun as verbei de Stûrm, d'No't ass aus,
d'Mënschhet trëtt erle'st an d'Lîcht eraus;
Nun as verbei de Stûrm, d'No't ass aus,
Letzebuerg bleift Her am êgnen Haus.
Den Himmel huet no lânger Nuecht
d'neit Fre'jor bruecht
a rëscht all Dir mat grenger Friddensstrauß.
Lo stêt we' ni so' fr'o, Hand an Hand
Gro'ß a Kleng am Letzebuerger Land.

[11][14]

Nun ass verbäi de Stuerm, d'Nout ass aus,
d'Mënschheet trëtt erléist an d'Liicht eraus.
Nun ass verbäi de Stuerm, d'Nout ass aus,
Lëtzebuerg ass Här am eeg'nen Haus.
Den Himmel huet no laanger Nuecht,
d'neit Fréijor bruecht,
a rëscht all Dir mat grénger Friddensstrauss.
Lo steet erëm sou frou, Hand an Hand,
Grouss a Kleng am Lëtzebuerger Land.


Nun ass verbäi de Stuerm, d'Nout ass aus,
d'Mënschheet trëtt erléist an d'Liicht eraus.
Nun ass verbäi de Stuerm, d'Nout ass aus:
Lëtzebuerg bleift Här am eegnen Haus.
Den Himmel huet no laanger Nuecht
d'neit Fréijoer bruecht
a rëscht all Dier mat gréngem Friddensstrauss.
Lo steet erëm sou frou, Hand an Hand,
Grouss a Kleng am Lëtzebuerger Land.

Deels als "Éischt Stroph" bezeechent; an dëser Stroph geet et drëm, datt de Stuerm, de Krich an d'Onrouen eriwwer sinn a Lëtzebuerg nees fräi ass.[7]
Den Nik. Welter huet déi Stroph méi spéit ewechgelooss an domat gouf aus der zweeter Stroph déi éischt.
[4]
II.

Zwê Kinnekskanner, de' trei sech le'f,
ko'men ausenâner weit an de'f;
Zwê Kinnekskanner, de' trei sech le'f,
hunn och stëll gebiet datt Fridde ge'f:
Haut weisen si der ganzer Welt
en engem Feld
d'Goldlilje mat dem ro'de Kro'nele'w;
Haut dron s'a jongem Glëck Hand an Hand
d'Hoffnonk vun dem Letzeburger Land.

I.

Zwee Kinnékskanner, déi trei sech léif,
koumen ausenaaner, wäit an déif.
Zwee Kinnékskanner, déi trei sech léif,
hunn och stëll gebiet datt Fridde ge'f:
Haut weisen si der ganzer Welt
an engem Feld
d'Goldlilie mat dem roude Krouneléif.
Haut steet ëm si voll Freed, Hand an Hand,
d'Vollék vun dem Lëtzebuerger Land.

[15]
I.

Zwee Kinnekskanner, déi trei sech léif,
koumen ausenaner, wäit an déif.
Zwee Kinnekskanner, déi trei sech léif,
hu gebaangt, op d'Gléck nach bléie géif.
Haut weisen si der ganzer Welt
an engem Feld
d'Goldlilie mat dem roude Krouneléiw.
Haut steet ëm si voll Freed, Hand an Hand,
d'Vollek vun dem Lëtzebuerger Land.

Deels als "Zweet Stroph" bezeechent; d'Stroph handelt iwwer d'Bestietnes vun der jonker Prinzessin Charlotte mam Prënz Félix; an de leschte Verse geet et ëm de Wope vun der neier Koppel, mat den gëllene Lilien aus dem Haus Bourbon-Parma an dem blénkege Roude Léiw vu Lëtzebuerg.[7]
III.

D'Wilhelmusweis voll Mutt, Krâft a Schwonk
fle'ßt durch d'Blutt ons we' e Feierdronk:
d'Wilhelmusweis voll Mutt, Krâft a Schwonk
mëcht âl Hierzer an âl Zeite jonk.
An op de Fielzen un der Our
de weißen Tur
hieft himmelhe'ch eng sche'n Erënneronk.
Haut dre't e stolzt Geschlecht Hand an Hand
Nuem a Le'ft vum Letzeburger Land.

II.

D'Wilhelmusweis voll Mutt, Krâft a Schwonk
fle'ßt durch d'Blutt ons we' e Feierdronk:
d'Wilhelmusweis voll Mutt, Krâft a Schwonk
mëcht âl Hierzer an âl Zeite jonk.
An op de Fielzen un der Our
de weißen Tur
hieft himmelhe'ch eng sche'n Erënneronk.
Haut dre't e stolzt Geschlecht Hand an Hand
Nuem a Le'ft vum Letzeburger Land.


II.

D'Wilhelmusweis voll Mutt, Kraaft a Schwonk
fléisst duerch d'Blutt ons wéi e Feierdronk:
d'Wilhelmusweis voll Mutt, Kraaft a Schwonk
mécht al Häerzer an al Zäite jonk.
An op de Fielsen un der Our
de wäissen Tuer
hieft himmelhéich eng schéin Erënneronk.
Haut dreéit e stolzt Geschlecht Hand an Hand
Numm a Léift vum Lëtzebuerger Land.

IV.

Mir hunn a schwe'rer Zeit Trei bekannt,
t'gong fir d'Freihét an et gong fir d'Land;
mir hunn a schwe'rer Zeit Trei bekannt,
d'E'er agesat zum Ennerpand.
A wann eng nei Gefôr en drêt,
mir si berêt,
mir halen nês mat Hierz a Wëlle stand;
Da stêt rem fro' a stolz Hand an Hand
Gro'ß a Kleng am Letzeburger Land.

III.

Mir hun a schwéirer Zäit Trei bekannt,
't gong fir d'Fräiheet an et gong fir d'Land.
Mir hun a schwéirer Zäit Trei bekannt,
d'Eier agesat zum Ënnerpand.
A wann eng nei Gefor en dreet,
mir si bereet,
mir haale nees mat Häärz a Wëlle stand.
Da steet rem staark a stolz, Hand an Hand,
Gro'ß a Kleng am Letzeburger Land.

[16]
III.

Mir hunn a schwéierer Zäit Trei bekannt,
't goung fir d'Fräiheet an et goung fir d'Land.
Mir hunn a schwéierer Zäit Trei bekannt,
d'Éier agesat zum Ënnerpand.
A wann eng nei Gefor en dreet,
mir si bereet,
mir hale nees mat Häerz a Wëlle stand.
Da steet erëm staark a stolz, Hand an Hand,
Grouss a Kleng am Lëtzebuerger Land.

An der drëtter Stroph gëtt de Bléck zeréckgehäit, op déi schwéier Zäiten vun deenen hei driwwer rieds geet (cf. II.). Si erënnert houfreg un d'Loyalitéit an d'Éier a versprécht fir bei neier Gefor nees bereet ze sinn.[7]
V.

So' werden s'ëmmerzo' êneg gôn,
Fürst a Vollek Frêd we' Lêd mat drôn;
So' werden s'ëmmerzo' êneg gôn,
Ganz hir Pflicht ge'nt sech an d'Hémecht dôn;
E starke Stâm an aler Erd,
an duebel wert
mat freier Kro'n voll Saft a Sonn ze stôn.
 O Herrgott, lêt du trei Hand an Hand
 d'Kanner vun dem Letzeburger Land!
 Aus all Gefore lêt glëcklech durch
 Blutt a Gêscht vum freie Letzebuerg!

IV.

Sou wäärd et ëmmerzou eneg ston,
voll Vertraue Gléck an Ongléck dron.
Sou wäärd et ëmmerzou eneg ston,
frou seng Flicht géint Troun an Hemecht don.
E staarke Stamm an aler Äärd
an duebel wäärt,
mat fräier Kroun voll Saaft a Sonn ze ston.
O Härgott, schiirm a leet, Hand an Hand,
d'Vollék vun dem Lëtzebuerger Land!

[17]
IV.

Sou wäert et ëmmerzou eeneg stoen,
voll Vertraue Gléck an Ongléck droen.
Sou wäert et ëmmerzou eeneg stoen,
frou seng Flicht géint Troun an Heemecht doen.
E staarke Stamm an aler Äerd
an duebel wäert,
mat fräier Kroun voll Saaft a Sonn ze stoen.
O Härgott, schierm a leet, Hand an Hand,
d'Vollek vun dem Lëtzebuerger Land!

Déi véiert Strof féiert den zukünftege Gedanke vun der 3. Stroph virun a rifft d'Gnod an d'Hëllef vum Himmel iwwer Lëtzebuerg erof.[7]

Den hollänneschen Originaltext

[änneren | Quelltext änneren]

Bis 1915 war den Originaltext vum Wilhelmus identesch mat der hollännescher Nationalhymn, déi als Akrostichon geschriwwen ass, d. h. e Gedicht bei deem déi éischt Buschtawe vun all de Versen en neit Wuert oder en Numm erginn; an dësem Fall ass et „Willem van Nazzov“ ((lb) Wëllem vun Nassau). Den ursprénglechen Text ass a Mëttelhollännesch geschriwwen, eng Versioun déi warscheinlech eng Transkriptioun vun engem verluerene Fréineihoudäitschen Originaltext ass.

Wikisource: Het Wilhelmus – Quellentexter
Commons: Wilhelmus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 cf. Damien Sagrillo, De Wilhelmus
  2. (fr)Service information et presse du gouvernement, Tout savoir sur le Grand-Duché de Luxembourg, pp. 12-13. sip.gouvernement.lu (03.2015). Gekuckt de(n) 08.11.2024.
  3. 3,0 3,1 (lb)Cour grand-ducale, De Protokoll vun der Cour grand-ducale. monarchie.lu. Gekuckt de(n) 08.11.2024.
  4. 4,0 4,1 4,2 4,3 Ulveling, Paul; Rinnen, Henri Rinnen; Van en Biggelaar-Ventujol, “De Wilhelmus”: séng Quellen a séng Entwécklongsgeschicht am Laf vun de Jorhonnerten. 6. RTL-Édition. Print. (1984). Gekuckt de(n) 12.11.2024.
  5. (de)MANTERNACH, Philippe. Melusina Press. Gekuckt de(n) 08.11.2024.
  6. (de)Die Symbole der Dynastie. luxembourg.public.lu (23.08.2024). Gekuckt de(n) 08.11.2024.
  7. 7,0 7,1 7,2 7,3 7,4 (de)Nikolaus Weiter, der Dichter der Heimat II – DER DICHTER UND DAS SYMBOL DER HEIMAT.. Luxemburger Wort, 105. Jg., n° 128, p. 13. (07.05.1952). Gekuckt de(n) 08.11.2024.
  8. (lb)De Wilhelmus.. Jong-Hémecht, 10. Jg., nº Heft 4, p. 104. (01.03.1936). Gekuckt de(n) 08.11.2024.
  9. Welter, Nikolaus. De Wilhelmus  : e neit Lidd op eng al Weis. (Partituer) Letzeburg: Dr. Linden & Hansen, 1920. Print. (Versioun mat 5 Strophen)
  10. (fr)Service Information et Presse, La famille grand-ducale 108. sip.gouvernement.lu (07.2001). Gekuckt de(n) 12.11.2024.
  11. 11,0 11,1 (lb)Wilhelmus (PDF). Lidderbuch – Extended Versioun 113-114. ACEL. Gekuckt de(n) 08.11.2024.
  12. Luxfan. "Luxarazzi 101: De Wilhelmus, Luxembourg's Grand Ducal Anthem". Retrieved 2022-02-02.
  13. D'Stroph „Nun as verbei de Stûrm,…“ ass an de Welter-Versioun als Éischt Stroph an an där vun der ACEL als Zweet Stroph dran; an anere Versiounen ass se net (méi) ze fannen
  14. Bemierkungen zur Wilhelmus-Versioun aus dem ACEL-Lidderbuch:
    a) dem Welter seng 1. Stroph „Nun ass verbäi de Stuerm, …“ steet hei als zweet Stroph, hannert „Zwee Kinékskanner“;
    b) déi 3. Stroph vum Welter „D'Wilhelmusweis voll Mutt, …“ feelt.
  15. am ACEL-Lidderbuch ass déi 4. Zeil („hunn och stëll…“) ersat mat: „hu gebaangt, op d'Gléck nach bléie géif.“
  16. am ACEL-Lidderbuch ass déi lescht Zeil („Gro'ß a Kleng am Letzeburger Land“) ersat mat: „d'Vollék vun dem Lëtzebuerger Land.“
  17. am ACEL-Lidderbuch ass déi lescht Zeil („d'Kanner vun dem Lëtzebuerger Land.“) ersat mat: „d'Vollék vun dem Lëtzebuerger Land.“