Diskussioun:Rue Munster

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Trema am Numm: Münster vs. Munster[Quelltext änneren]

Moien, ech stelle mer d'Fro, ob d'Schreifweis vun der Rue Munster ouni Trema korrekt ass, vun Ufank uns esou gemengt war, oder ob den Trema doduerch verschwonnen ass, datt iergendeen eng Kéier d'Stroosseschëlder als Referenz geholl huet. Oder ass den Trema nom zweete Weltkrich verschwonnen, grad esou wéi den ü am Numm Müller → Muller ?

Op de Stroosseschëlder ass nämlech keen Trema op den u: RUE MUNSTER

Mä dat ass och de Fall bei aner Stroossennimm wéi z.B.:

d'Rue de Trèves → RUE DE TREVES

d'Rue Génistre → RUE GENISTRE

Menger Meenung no, misst een op Lëtzebuergesch Münster schreiwen fir datt se korrekt ausgeschwat gëtt.

Och wann an den offizielle Lëschten "Rue Munster" steet, trauen ech der Saach net ganz.

Et seet jo och kee "Büch" wann e "Buch" liest ;-)

Merci fir all Hiweis,

Christian Ries (Diskussioun) 15:06, 31. Jul. 2020 (UTC)[äntweren]

D'accord mam [[Christian Ries. Et gëtt keng valabel Ursaach fir den Treema ewechzelossen. Den u gëtt och op Franséisch net ü ausgeschwat (och wa vill Leit mengen dat wier sou). D'Wuert Munster gëtt op franséisch mainstère ausgeschwat. --87.65.83.203 19:52, 31. Jul. 2020 (UTC)[äntweren]
Leider gëtt den Numm vun der Strooss op de Schëlter dacks a grousse Buschtawen, ouni diakritesch Zeeche geschriwwen. Den offiziellen Numm vun der Mënstergaass ass zanter 1925 awer Rue Munster, ouni Tëppelcher, och wann se zäitweis Rue de Münster housch. cf Archive vun der Stad.
Et schéngt awer bei der Ëmbenennung vun de Stroossen am Joer 1925 keng eenheetlech ligne de conduite ginn ze hunn:
GilPe (Diskussioun) 10:15, 1. Aug. 2020 (UTC)[äntweren]
Et freet ee sech firwat se z. B. Rue de Münster geheescht huet. Deen Numm géif entweder op en Zesummenhank mat der däitscher Stad Münster hiweisen oder d'Strooss misst op an eng Uertschaft féieren déi Münster heescht. Menger Meenung no hu se sech fréier ni vill Kapzebrieches doriwwer gemaach. Mir sollten awer d'Saachen an enger Schreifweis schreiwen déi jiddwerengem aliicht. Bei der Mënstergaass ass et kloer den Zesummenhank mam Mënster d.h. mat der Klouschterkierch oder op den Éierentitel vun där Kierch. D'Fransouse kennen deen Ausdrock net bei de Kierchen. Deemno gëtt et keng franséisch Schreifweis derfir déi eventuell kéint (wann och fälschlecherweis) kéint derzou féieren datt den Treema ewechgelooss gëtt. Et ass kloer datt e bei ons aus dem däitsche Sproochgebrauch kënnt. Mir sollten eis och net un ale falsche Schreifweisen orientéieren. Dat eenzegt wat déi Schreifweis eventuell kéint festegen dat wier den Text vun der Decisioun fir d'Ëmbennung vum Gemengerot (an dann och nëmme wann een do all Schreiffeeler kann ausschléissen). Et wier da wéi bei villen Nimm, se si falsch geschriwwen mä den Numm ass eeben esou. Et sollt ee vläicht unhand vun dëser Diskussioun d'Allgemengheet ofstëmme loossen wéi mir se lo sollen nennen. --Les Meloures (Diskussioun) 11:16, 1. Aug. 2020 (UTC)[äntweren]

Schelmergasse / Henkeschgaass ?[Quelltext änneren]

Am Artikel gëtt behaapt:

D'Gaass, déi bei dat aalt Klouschter gefouert huet, huet am 14. a 15. Joerhonnert Schelmergasse geheescht, als Uspillung dorop, datt den Henker hei gewunnt huet.[Source?] „Schelmer“ kënnt aus dem Mëttelhéichdäitschen an housch esouvill wéi doudege Kierper[1]. Am 17. an 18. Joerhonnert war et d'Henkeschgaass (nach ëmmer als Uspillung op den Henker) 

Den Henker huet awer am Biisserwee gewunnt:[1]

Der  Henker  Jakob  Karpp  zog 1629 in den Bisserwee im Stadtgrund, die   daraufhin   im   Volksmund   zeitweise   Henkeschgaass genannt wurde. Offenbar blieben die Henker Luxemburgs bis ins 19. Jahrhundert hier wohnen, denn dort wur-de die aus der französischen Revolutions-zeit stammende Guillotine gefunden.

wat och richtegerweis am Artikel iwwert de Biisserwee zitéiert gëtt: https://lb.wikipedia.org/wiki/Bisserweg#Ursprong_vum_Stroossennumm

Kéint den Numm Schelmergasse net éischter eng Uspillung op d'Hospiz sinn, wou regelméisseg Leit wäerte gestuerwe sinn ?

Christian Ries (Diskussioun) 06:13, 1. Aug. 2020 (UTC)[äntweren]

«La Schelmergasse était ce que nous appelons maintenant la rue de Munster (...) La Schelmergasse a tiré son nom du Schelm, du bourreau, qui y demeurait sans doute à l'époque où la rue paraît pour la première fois»
Quell: Ville de Luxembourg de Sigefroid à 1867. XVIII Beilage zum Luxemburger Tageblatt (02.06.1927). GilPe (Diskussioun) 10:47, 1. Aug. 2020 (UTC)[äntweren]
Datt jee no Historiker veschidde Meenungen do sinn ass jo scho méi laang bekannt. An deem Fall mistt een déi zwou Varianten uginn. Et ass schliislech méiglech datt se allen zwou och nach richteg sich, an datt den Numm gewiesselt huet wéi de Schaarfriichte an déi aner Stross geplënnert ass. --Les Meloures (Diskussioun) 11:23, 1. Aug. 2020 (UTC)[äntweren]


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bange, Evamarie, 2011. Diebe, Brandstifter und Kindsmörderinnen - Die Galgen der Stadt Luxemburg Ons stad 98: 48-50.