Don Quixote

Vu Wikipedia
Den Don Quijote an de Sancho Panza. Bronze-Monument zu Madrid, am Hannergrond d'Statu vum Cervantes.
Titelblat vun der éischter Editioun vum éischte Band (1605).

Don Quijote [doŋkiˈxote] (an aler Schreifweis Don Quixote; a franséischer an zum Deel däitscher Iwwersetzung Don Quichotte) ass déi allgemeng Bezeechnung vum Miguel de Cervantes sengem Roman El ingenioso hidalgo Don Quixote de la Mancha, an och den Numm vum Haapt-Protagonist vun deem Roman.

E gëtt zu deene wichtegste Bicher vun der Weltliteratur gezielt, net ze schwätze vu senger Bedeitung am spueneschsproochege Raum. Den éischten Deel koum 1605, den zweete 1615 eraus.

De Roman beschreift, wéi den Alonso Quijano, e klenge Landadelegen an engem Kaff an der Mancha, duerch d'Lecture vu Ritterromaner sou an déi Welt eragedaucht ass, datt en decidéiert, selwer e Ritter um Päerd ze ginn deen doruechter zitt, fir heldenhaft Abenteuer z'erliewen. Hien nennt sech Don Quijote, säi kleespere Biddi Rocinante. Wéi déi richteg Ritter sicht e sech eng "Flam" aus (e Baureemeedchen, an dat en als Kand emol verléift war, ma dat en duerno ni méi erëmgesinn hat) an nennt se Dulcinea del Toboso. En deet eng raschteg Rëschtung un an engagéiert e "Stallmeeschter", e klengen, mockelege Bauer aus der Ëmgéigend, dee Sancho Panza heescht, an op engem Iesel reit. Zesummen zéie se lass.

Alldagssituatiounen, an déi se geroden, ginn am Don Quijote senger Interpretatioun abenteurlech Defien, bei deenen e säin Heldemutt beweise muss, wourun dem Sancho Panza säi realistesche Bléck op d'Situatioun net vill ännere kann. Eng einfach Auberge gëtt sou zu enger Buerg, eng Klont zu enger Buergjoffer, déi befreit muss ginn, asw. Zu senge bekanntsten "Doten" ziele säi Kampf géint en Trapp Schof, déi e fir eng Arméi hält, oder géint Wandmillen, déi a sengen Ae geféierlech Rise waren. Den Ausdrock "géint Wandmille kämpfen" bezitt sech bis haut op eng Dot, déi keng Chance huet, ze reusséieren.

De Roman ass an éischter Linn eng Parodie op de Genre vum Ritterroman, ma stellt geschéckt d'Fro, wat vun eiser Ëmwelt Wierklechkeet ass a wat just en Dram, an thematiséiert de Konflikt tëscht Realitéit an Ideal. Et bleift dem Lieser iwwerlooss, ob en am Quijote en Idealist gesäit, deen heiansdo e bëssen iwwer d'Sträng schléit, oder awer e lächerleche Geck, dee sech bei anere Leit blaméiert.

Éischte Saz[änneren | Quelltext änneren]

En un lugar de la Mancha, de cuyo nombre no quiero acordarme, no ha mucho tiempo que vivía un hidalgo de los de lanza en astillero, adarga antigua, rocín flaco y galgo corredor.
(Iwwersetzung: An engem Dierfchen an der Mancha, un deem säin Numm ech mech net erënnere wëll, huet virun net ze laanger Zäit en Hidalgo gelieft, ee vun deenen, déi e Spack am Lanzengestell, en aalt Schëld, e more Biddi an e Wandhond fir ze joen haten.")

Et gëtt eng Hellewull Biller oder Illustratiounen iwwer den Don Quijote a seng Geschichten, ënner anere vum Grandville, Alfred Kubin, Honoré Daumier, Adolph Schroedter, Vicente Blasco Ibáñez, Gustave Doré, Salvador Dalí, Pablo Picasso a Markus Vallazza.

Och d'Dualitéit tëscht enger laanger dënner an enger klenger décker Figur, deen een Här, deen aneren Dénger, woubäi leschtgenannten dacks méi schlau ass, gouf ëmmer erëm opgegraff: vu Pat & Patachon (1926), iwwer d'Filmer vum Décken a vum Dënnen, bis hin zum Samuel Beckett sengem En attendant Godot.

An der Literatur gouf sech dacks op der Roman oder d'Figuren dra bezunn, vum Franz Kafka sengem Stéck Die Wahrheit über Sancho Pansa (1917) iwwer dem Tennessee Williams säi Camino Real (1953) bis zum Graham Greene sengem Monsignor Quixote (1982). Och an der Musek gouf den Don Quijote an Operen, Balleten, Suiten, asw., ë. a. vum Henry Purcell Georg Philipp Telemann, Antonio Salieri, Felix Mendelssohn Bartholdy, Richard Strauss oder Manuel de Falla, thematisiéiert.

De Roman gouf ausserdeem zënter 1926 gudder zwou Dose Mol verfilmt, dorënner vum Georg Wilhelm Pabst, Orson Welles a Peter Yates. Den Terry Gilliam huet d'Dréiaarbechte vu senger Verfilmung, mam Jean Rochefort an der Haaptroll, misse wéinst klengen a grousse Katastrophen ofbriechen; en Documentaire Lost in La Mancha erzielt doriwwer.

Sekundärliteratur[änneren | Quelltext änneren]

  • Michael Brink: Don Quichotte – Bild und Wirklichkeit. Lambert Schneider, Berlin 1942; 2. erweiterte Aufl. Lambert Schneider, Heidelberg 1946; Neuausgabe Autonomie und Chaos, Berlin 2013, ISBN 978-3-923211-17-3.
  • Gisela Burkamp (Hrsg.): Spuren des Don Quijote. Eine Sammlung von Malerei, Zeichnung und Grafik, Skulptur, Büchern und Exlibris vom 18. Jahrhundert bis in die Gegenwart. Kerber, Bielefeld 2003, ISBN 3-936646-21-X.
  • Roberto González Echevarría (Hrsg.): Cervantes' Don Quixote. A casebook. Oxford University Press, New York 2005, ISBN 0-19-516937-9 (Aufsatzsammlung).
  • Johannes Hartau: Don Quijote in der Kunst. Wandlungen einer Symbolfigur. Mann, Berlin 1987, ISBN 3-7861-1449-8.
  • Louis A. Murillo: A critical introduction to Don Quixote. Lang, New York 1990, ISBN 0-8204-0516-7.
  • Vladimir Nabokov: Die Kunst des Lesens. Cervantes' „Don Quijote“. S. Fischer, Frankfurt a. M. 1985, ISBN 3-10-051504-8.
  • David Quint: Cervantes's novel of modern times. A new reading of Don Quijote. Princeton University Press, Princeton 2003, ISBN 0-691-11433-1.
  • Edward C. Riley: Don Quixote. Allen & Unwin, London 1986, ISBN 0-04-800009-4
  • Christoph Strosetzki: Miguel de Cervantes. Epoche – Werk – Wirkung. Arbeitsbücher zur Literaturgeschichte. Beck, München 1991, ISBN 3-406-35077-1.
  • Bernhard H. F. Taureck: Don Quijote als gelebte Metapher. Wilhelm Fink, München 2008, ISBN 978-3-7705-4721-0.
  • Miguel de Unamuno: Vida de don Quijote y Sancho, según Miguel de Cervantes Saavedra, explicada y comentada. Alianza Editorial, Madrid 1905, 2005, ISBN 84-206-3614-2.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Don Quixote – Biller, Videoen oder Audiodateien