Doulemerbaach
Längt | 4,7 km |
---|---|
Hydrographesche Baseng | Rhäin |
Originn | |
Originn | Quell |
Plaz | Kächerbësch |
Héicht | m (haut) |
Koordinaten |
49° ’ ’’ N ° ’ ’’ O |
Konfluenz | |
Leeft an | d'Uelzecht |
Plaz | hanner dem Hesper Gemengenhaus |
Héicht | m |
Koordinaten |
49° ’ ’’ N ° ’ 32’’ O |
Geographie | |
Land | Lëtzebuerg |
Uertschaften | Leideleng, Lëtzebuerg an Hesper |
D'Doulemerbaach, oder Duelemerbaach, ass eng Baach zu Lëtzebuerg an de Gemenge Leideleng, Lëtzebuerg an Hesper.
Si huet hir Quell an der Gemeng Leideleng am Kächerbësch. Si leeft vun do aus no Osten, an no 500 Meter kënnt se op den Territoire vun der Gemeng Lëtzebuerg, wou se fir d'éischt d'Brakeweiere fiddert, an duerno duerch de Grousseweier leeft. Ronn 800 Meter méi déif leeft se ënner der Diddelenger Autobunn erduerch, fir dann duerch eng schmuel Griecht op Hesper weider ze lafen, wou se hanner dem Hesper Gemengenhaus an d'Uelzecht leeft. D'Baach ass 4,7 km laang.
An de Bëscher vum Doulemerdall wiisst eng rar Bléieplanz, déi zu Lëtzebuerg nëmmen nach op ronn enger Dosen aner Plaze virkënnt: d'Mäerzblimmchen oder de Mäerzstäerchen, Scilla bifolia.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Kéibur, e fréiere Wäschbuer am Dall vun der Doulemerbaach
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef mat hiren Anzuchsgebidder