Dräidar
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dräidar | |
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Ënnerräich | Tracheobionta |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Rosopsida |
Ënnerklass | Rosidae |
Uerdnung | Rosales |
Famill | Rhamnaceae |
Gattung | Rhamnus |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Rhamnus cathartica | |
L. | |
Den Dräidar (Rhamnus cathartica) ass en Trausch aus der Famill vun de Rhamnaceae, deen an Europa, Asien an Afrika doheem ass.
Als Trausch gëtt den Dräidar bis zu 3 Meter an als Beemche bis zu 6 Meter héich, a ka sou bis zu 100 Joer al ginn. En huet Dären, dohier säin Numm. Seng kleng, schwaarz Biere si gëfteg a kënne gedréchent als Laxatif gebraucht ginn. De botaneschen Numm weist doropshin (algrichesch: katarthikos heescht rengegen). Seng geschielt Stiller gi gebraucht fir Drëppen unzemaachen.
Lëtzebuergesch Nimm
[änneren | Quelltext änneren]Den Henri Klees (1972) nennt fir de Rhamnus cathartica och nach déi heite lëtzebuergesch Nimm: Porjéierdar, Schäissdar (wéinst der purgativer Wierkung vun de Friichten) a Weedar. Si sinn awer kaum nach am Gebrauch.
Den Dräidar zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Zu Iener steet en Dräidar, deen zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gezielt gëtt.
Kuckt duerzou: Dräidar zu Iener.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Klees, Henri, 1972. Luxemburger Pflanzennamen. Beiträge zur Luxemburgischen Sprach-und Volkskunde Nr. VIII. Institut grand-ducal, section de linguistique, de folklore et de toponymie. Dréckerei Kremer-Müller & Cie, Esch-Uelzecht. 187 S. (Cf. S. 61).
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Rhamnus cathartica – Biller, Videoen oder Audiodateien |