Op den Inhalt sprangen

Duerteldauf

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Duerteldauf
eng Duerteldauf

eng Duerteldauf
eng Duerteldauf
Aner Sproochen: de.: Turteltaube;
fr.: tourterelle des bois
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Dauwevullen
Famill: Dauwen (Columbidae)
Gattung: Duerteldauwen (Streptopelia)
Wëssenschaftlechen Numm
Streptopelia turtur
Linnaeus (1758)

Eng Duerteldauf (Streptopelia turtur) ass eng Vullenaart aus der Famill vun den Dauwen (Columbidae).

Et ass en Zuchvull.

D'Duerteldauf gëtt 27 bis 29 Zentimeter grouss a weit an der Moyenne 160 Gramm. Si ass deemno e gutt Stéck méi kleng wéi d'Hausdauf. D'Weibercher hunn eng liicht méi matt Faarf a sinn eng Grëtz méi kleng. Am Fluch breet se hire verhältnesméisseg laange Schwanz aus wéi e Fächer, sou datt déi wäiss Spëtzte vun de Fiedere gutt ze gesi sinn.

Uewendrop sinn d'Fiedere raschteg-brong, grad wéi och op de Schëlleren an Deeler vun de Flilleken, déi zousätzlech donkel Flecken hunn. D'Strass an déi iewescht Broscht si roudelzeg, de Réck blogro. Um Hals hunn déi erwuessen Déiere schwaarz queesch Sträifen op wäissem Grond. De Schwanz huet zwielef bloschwaarz Fiedern, déi um Enn wäiss sinn. Och déi zwou baussecht Fiederen dovu si wäiss um Bord. De Bauch ass hell. Deene Jonken hiert Fiederkleed ass allgemeng méi brong.

Verreedung; blo: Wanterquartieren

Verbreedung a Liewensraum

[änneren | Quelltext änneren]

D'Duerteldauf kënnt an Europa bal iwwerall vir, ausser a Skandinavien, op Deeler vun de Britteschen Inselen, an den Héichte vun den Alpen, sou wéi och a Klengasien, der Ukrain, sou wéi Deeler vum Noen Osten a vu Russland bis an d'Mongolei an a Westchina. D'Wanterquartiere si queesch duerch Afrika, südlech vun der Sahara.

D'Duerteldauf fënnt hiert Friesse bal nëmmen um Buedem, wou se haaptsächlech Geseems a Planzendeeler frësst. Heiansdo kommen do Bieren, Pilzen, an och emol déi eng oder aner Kéier e klenge Schleek oder Insekte mat derbäi.

Fortpflanzung

[änneren | Quelltext änneren]
Ee

D'Duerteldauwe bréie vu Mee bis August, gewéinlech just eng Kéier am Joer. D'Bréiecht besteet aus zwee wäissen Eeër, déi 15 Deeg bebritt ginn. Déi Jonk sinn no 14 Deeg prett fir d'Nascht ze verloossen. Da kënne s'awer nach net fléien a sëtzen dann am Geäschts ronderëm d'Nascht.

Well s'a ville Länner, absënns wou se duerchflitt, gejot gëtt, ass d'Duerteldauf mëttlerweil an hirem Bestand staark zeréckgaangen.

D'Duerteldauf zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

De Bestand vun den Duerteldauwen zu Lëtzebuerg ass bannent 10 Joer, tëscht 2012 an 2022, ëm 90 Prozent erofgaangen.

2023 gouf d'Duerteldauf dofir vun natur&ëmwelt als Vull vum Joer erausgesicht.[1]

Commons: Duerteldauf – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. "Die Turteltaube – Vull vum Joer 2023." Communiqué op naturemwelt.lu, 02.03.2023