Echium wildpretii

Vu Wikipedia
Echium wildpretii
Echium wildpretii
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Asteriden
Uerdnung Euasteriden I
Famill Boraginaceae
Gattung Echium
Aart Echium wildpretii
Wëssenschaftlechen Numm
''Echium wildpretii''
H.Pearson ex Hook.f.

Echium wildpretii ass eng Planzenaart an der Gattung Echium bannent der Famill vun de Boraginaceae. Si ass endeemesch op Teneriffa a La Palma.

Den Epithète vun der Aart éiert de Schwäizer Gäertner a Botaniker Hermann Wildpret.

D'Echium wildpretii ass eng méijäreg (hapaxanth) Planz, déi bis zu dräi Meter héich wuesse kann. Charakteristesch ass d'Grondrosett, déi bis zu engem Meter Duerchmiesser erreeche kann. Hir Blieder ginn eng 30 × 2 cm grouss, an hunn op den zwou Säite mëll Buuschten. Hir Infloreszenz, déi aus der Mëtt vun der Rosett erauswiisst, ass schmuel a keegelfërmeg, an dicht mat ongezielte Bléie besat. Jee no Ënneraart ass d'Faarf vun de Bléie rout oder rosa; ier se verbléien, gi se bloelzeg. D'Bléie si breet an triichterfërmeg, a ginn tëschent 10 a 14 mm laang. D'Aart ass vu Juni bis August an der Bléi. D'Friichte si kleng Nëssercher.

Systematik[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt zwou Ënneraarten:

  • Echium wildpretii H.Pearson ex Hook.f. subsp. wildpretii: rout Bléien, wiisst op Teneriffa;
  • Echium wildpretii subsp. trichosiphon (Svent.) Bramwell: rosa Bléien; wiisst op La Palma.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Miguel Ángel Cabrera Pérez: Die einheimische Flora der Kanarischen Inseln. Everest, León 1999, ISBN 84-241-3550-4.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Echium wildpretii – Biller, Videoen oder Audiodateien