Edmond Gutenkauf

Vu Wikipedia
Edmond Gutenkauf
Gebuer 6. Februar 1928
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fechter
Gréisst 180 Zentimeter
Gewiicht 72 kg

Den Edmond Gutenkauf, genannt Eddi, gebuer de 6. Februar 1928 zu Ettelbréck ass e fréiere lëtzebuergesche Fechtmeeschter an Olympionik.[1]

Den Eddi huet eng Parti vu senger Jugend bei sengem Monni zu Biekerech verbruecht an hat op der Nidderpallener Millen eng Frellenzichterei ugefaangen déi spéider an de Besetz vun der Famill Kieffer gaangen ass. Duerno hat hien d'VW-Vertriedung zu Angelduerf.

De Gutenkauf war dräimol lëtzebuergesche Landesmeeschter am Deegefechten (1958, 1961 an 1963) a war 1960 bei den Olympesche Spiller zu Roum mat dobäi.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Edmond Gutenkauf op der Websäit sports-reference.com
  2. Den Edmond Gutenkauf op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'