Efim Schachmeister

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
E Stolperstein zu Berlin-Schöneberg, senger leschter Adress an Däitschland.

De Chaim "Efim" Schachmeister, gebuer den 22. Juli 1894 zu Kiew a gestuerwen de 6. Oktober 1944 zu Buenos Aires, mam richtegen Numm Efim Chaissowsky, war e russesche Violonist an Dirigent vun Danzorchesteren. Op Schallplacken huet en och alt d'Pseudonymer Sascha Elmo a Joan Florescu gebraucht.

Den Efim Schachmeister war de Jong vu jiddesch-rumäneschen Elteren. Hie goung vun 1910 bis 1913 op de Sternsche Conservatoire zu Berlin An huet ëm 1915 bei der Zigeuner-Kapelle Popescu matgespillt. Zënter 1923 war hien de Chef-Dirigent. 1924 goung en op Tournée duerch Däitschland, a vun 1925 hat hien Engagementer a verschiddenen Nobel-Danzsäll wéi de Barberina, de Palais de Danse an de Pavillon Mascotte. Vun där Zäit un huet hien och Placken opgeholl. Hie krut vun der Deutsche Grammophon den Éierentitel König aller Tanzgeiger. Hien huet ufanks éischter Ragtime-ähnlech Musek gespillt, déi spéider ëmmer méi an Richtung Jazz goungen. Op senger Gei huet hien en eegene Stil gespillt, eng Mëschung aus Mississippi-Blues- an osteuropäeschem Schtetl-Stil.

Wéi d'Nationalsozialisten 1933 un d'Muecht koumen, ass de Schachmeister, deen als Judd an als Jazzmuseker keng Zukunft méi an Däitschland gesouch, fir d'éischt an d'Belsch ausgewandert, an ass ufanks geleeëntlech fir Gaaschtoptrëtter op Lëtzebuerg komm. Vun Oktober 1934 un hat hie fest Engagementer zu Lëtzebuerg: fir d'Wantersaison am Hotel Alfa an der Stad, a vun Abrëll bis Enn September am Kurhotel zu Munneref, wou en de Leeder vum Kurorchester war.[1][2][3]. 1938 gouf de Emile Boeres als Kurorchesterchef nominéiert.[4], an datselwecht Joer ass den Efim Schachmeister an Argentinien emigréiert.

Hie konnt do awer net u säi fréiere Succès uknëppen; en ass am Alter vu 50 Joer zu Buenos Aires gestuerwen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Klaus Krüger: Fox auf 78. Zeitschrift, München/Dietramszell, 2003.
  • Horst H. Lange: Jazz in Deutschland. Berlin (Colloquium), 1966 u.ö.
  • Rainer E. Lotz: German Ragtime and Prehistory of Jazz – Volume 1: The Sound Documents. London (Storyville), 1985.
  • Rainer E. Lotz: Diskografie der deutschen Tanzmusik - Band 8. Bonn (Lotz), 2003.
  • Rainer E. Lotz: Deutsche Hot-Discographie. Cake Walk, Ragtime, Hot Dance & Jazz - ein Handbuch. Bonn (Lotz), 2006 ISBN 3-9810248-1-8.
  • Horst H. J. Bergmeier, Rainer E. Lotz: Der Jazz in Deutschland. Vom Cakewalk zum Jazz. - Begleitbuch zur CD-Box Bear Family Records BCD 16909 CP, 2007, 26261-X).
  • Jürgen Wölfer: Jazz in Deutschland – Das Lexikon. Alle Musiker und Plattenfirmen von 1920 bis heute. Hannibal Verlag: Höfen 2008, ISBN 978-3-85445-274-4.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Efim Schachmeister – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Obermoselzeitungvum 23. Mäerz 1935, Nr. 69, S.2.
  2. Obermoselzeitung vum 24. September 1935, S.3.
  3. Obermoselzeitung vum 2. Mee 1936, S.5.
  4. " 'Es spielt: Emil Boeres und sein Orchester...'."] Luxemburger Wort, 9. Juli 1941, S.3.