Op den Inhalt sprangen

Hotel Alfa

Vu Wikipedia
Hotel Alfa
(2011)
Geographesch Donnéeën
Land Lëtzebuerg
Plaz Stad Lëtzebuerg
Adress Place de la Gare
Koordinaten 49° 36’ 00’’ N 6° 07’ 00’’ O
Donnéeë vum Gebai
Architekt(en) Léon Bouvart
Statut Klasséiert Monument (IS), (INPA)
Datum vum Bau 1930
Detail vun der Fassad

Den Hotel Alfa ass en Hotel am Art-Deco-Stil am Garer Quartier, op der Garer Plaz, an der Stad Lëtzebuerg. E gouf 1930, no Pläng vum Léon Bouvart (1883-1933) vum Entreprener Alfred Lefèvre (1866-1958) gebaut.[1]

Enn 1944 hunn ë. a. d'Genereel Patton, Bradley an Eisenhower dra logéiert.[2]

D'Gebai gouf an den 1970er Jore renovéiert, an dann nees an de spéiden 1990er/fréien 2000er. Dobäi gouf ë. a. den Daach ausgebaut. Den Hotel gouf bis 2017, als Mercure Grand Hotel Alfa Luxembourg, vun der Hotelschaîne Mercure bedriwwen, déi zum Accor-Grupp gehéiert.

Am Mäerz 2017 huet wéinst Meenungsverschiddenheeten tëscht dem Proprietär, engem Schwäizer Konsortium, an dem Locataire, engem Lëtzebuerger Immobiliegrupp, de Sous-locatiare Accor Belsch de Bail mat Alfa Hotel gekënnegt, an den Hotel gouf zougemaach.[3]

Am Abrëll/Mee 2019 huet de Proprietär e Kontrakt mat der Hotelschaîne Marriott ënnerschriwwen, déi, no Moderniséierungsaarbechten, d'Gebai exploitéiere soll.[4]

Dës Aarbechten, déi méi laang gedauert hu wéi ufanks geplangt, koume Mëtt 2025 op en Enn, sou dass den Hotel ënnert dem Numm Luxembourg Marriott Hotel Alfa nees opgoe konnt.[5]

An der Brasserie vum Hotel sinn eng Rëtsch Molereie vum Julien Lefèvre, dem Jong vum Alfred Lefève, ze gesinn. Si stelle verschidde Lëtzebuerger Landschaften duer (Minett, Musel, Éislek a Guttland).[6]

Den Hotel Alfa steet zanter dem 14. Mee 1991 op der Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter.[7]

  • Scuto, Denis, 1995. "Un soupçon d'Amérique". S.63-66 in: Lorang, Antoinette & Denis Scuto, 1995. La maison d'en face - Das Haus nebenan. Éditions Le Phare.
 Commons: Hotel Alfa – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Cf. Scuto 1995: 64.
  2. Cf. Scuto 1995: 65.
  3. "Alfa-Hotel schließt: 'Eine Katastrophe für das Personal'." wort.lu, 16. Mäerz 2017 um 19:51.
  4. "Hotel Alfa wird wiederbelebt." wort.lu, 03.05.2019.
  5. "Hotel Alfa: Modernes Hotel in historischer Kulisse." wort.lu, 13.05.2025.
  6. Promenade architecturale au Quartier de la Gare (Broschür, S.6.)
  7. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 24. Februar 2026).