Ellipsoidesch Koordinaten

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Ellipsoidesch Koordinate si sphäroidesch Koordinaten (d. h. Koordinaten op engem Rotatiounsellipsoid), déi wéi d'geographesch Koordinaten op der Äerduewerfläch definéiert sinn.

Si kënne sech op zwou Aarte vun Ellipsoide bezéien:

Wichteg ass d'Definitioun vu prezisen Ellipsoidekoordinaten, virun allem fir d'Äerd, wou si haut scho bis op eb Zentimeter genee mossbar sinn, a (manner genee) fir d'Observatioun vun den noe Planéiten.

D'Sonn an de Mound dogéint si bal kugelfërmeg, wat komplizéiert ellipsoidesch Berechnunge fir déi béid Himmelskierper erspuert.

Ellipsoidesch Koordinaten an der Geodesie[änneren | Quelltext änneren]

Ellipsoidesch Breet B
  • D'ellipsoidesch Breet vun engem Punkt op der Uewerfläch vun engem Rotatiounsellipsoid ass de Wénkel, dee seng Ellipsoidnormal mam Equatorplang vum Rotatiounskierper aschléisst.
  • D'ellipsoidesch Längt ass deen an der Rotatiounsachs vum Ellipsoid gezielte Wénkel tëscht dem Meridianplang vum Punkt an dem Meridianplang vun engem Bezuchspunkt. Si brauch also d'Definitioun vun engem Nullmeridian.

An der Geodesie – d. h. bezunn op e Referenz- oder mëttleren Äerdellipsoid – ginn déi zwou ellipsoidesch Koordinaten och geodetesch Breet a geodetesch Längt genannt. Si kënnen och als d'Komponente vum Richtungsvecteur vun der ellipsoidescher Normaler opgefaasst ginn a sinn eng wichteg Rechegréisst an der Äerdmiessung, an der Landesvermiessung an an der Kartographie.

Déi reng geometresch definéiert Ellipsoidkoordinaten dierfen net mat de Vecteurkomponente vun der Loutriichtung verwiesselt ginn. Déi gëtt duerch d'Masseverdeelung vum Kierper bestëmmt an ass dofir vu physikalescher Natur. Op der Äerd ginn hir Komponenten an engem Miesspunkt als astronomesch Breet an astronomesch Längt bezeechent. Den Ënnerscheed zu den ellipsoidesche Koordinate vum Miesspunkt ass d'Loutofwäichung.

Ellipsoidesch Koordinaten op Planéiten[änneren | Quelltext änneren]

Och op de Planéiten vum Sonnesystem gi Positiounen deelweis an Ellipsoidkoordinaten uginn, wann d'Ofwäichung vun der Kugelform méi wéi ee Promill ass. An deem Fall gëtt e Rotatiounsellipsoid (oder a wéinege Fäll och en dräiachsegen Ellipsoid) un d'Form vum Himmelskierper ugepasst, op deen dann d'Breeden an d'Längte bezu ginn.

Déi stäerkst Ofplattungen am Sonnesystem hunn déi grouss Gasplanéiten Jupiter a Saturn (1:16 resp. 1:10), gefollegt vun den Äisrisen Uranus a Neptun (2-3 %) souwéi dem Mars (3-achseg). Fir d'Saturn-Koordinaten an déi vu senge baussenzegen Noperen Uranus a Jupiter ass nach kee speziellen Term gebräichlech, well d'Uewerflächen nëmme wéineg Detailer weisen, wuel awer fir déi béid no Planéiten:

Während d'Breet duerch d'Rotatioun vum Planéit (resp. sengem Equatorplang) definéiert gëtt, ass fir d'ellipsoidesch Längt de jeeweilege Nullmeridian selbststänneg ze wielen. Um Mars gouf en duerch eng markant donkel Linnestruktur am Norde vum Flaachgebitt Meridiani Sinus geluecht. Um Jupiter bestoung souguer d'Noutwendegkeet vun zwee Längtesystemer I an II, well déi wollekeg Equatorsträifen ëm ongeféier 5,2 Minutten ënnerschiddlech rotéieren. Op der Sonn an um Äerdmound dogéint sinn Kugelkoordinaten duergaangen, well eng Ofplattung miesstechnesch net nowäisbar ass:

Wéiwäit d'Exzentrizitéit vum Moundschwéierpunkt (ëm knapps 2 km a Richtung Äerd) an d'Koordinaten ageet, gëtt net eenheetlech gebraucht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Karl Ledersteger: Astronomische und Physikalische Geodäsie (Erdmessung). Band V der Fachbuchreihe Jordan-Eggert-Kneissl, Handbuch der Vermessungskunde, Verlag J. B. Metzler, Stuttgart 1969
  • Wolfgang Torge: Geodesy, 3.Auflage. Verlag de Gruyter, Berlin 2001.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]