Op den Inhalt sprangen

Emilio Garcia

Vu Wikipedia
Emilio Garcia
Gebuer 3. November 1956
Alter 69 Joer
Aktivitéit Boxer

Den Emilio Garcia, gebuer den 3. November 1956 zu Macotera an der spuenescher Provënz Salamanca, ass e fréieren internationale Boxer am Hallefschwéiergewiicht.

Hien huet a senger internationaler Karriär 11 Matcher gemaach an der dovun dräi gewonnen, 6 verluer an zwéi goungen onentscheet aus.

Hien hat zu Esch-Uelzecht 1983 géint de Fred Serres geboxt an no Punkte verluer. Fir déi zwéi Boxer war et de leschte Match an hirer internationaler Carrière.

Trotz sengem net brillante Parcours hat hien et fäerdegbruecht 1981 géint den Avenamar Peralta de spuenesche Landesmeeschtertitel an d'Täsch ze stiechen.

Profis-Matcher

[änneren | Quelltext änneren]
Datum Géigner Plaz Resultat
10. November 1983LUX Fred SerresEsch-UelzechtVerluer no Punkten
03. September 1982ESP Avenamar PeraltaMadridOnentscheet
09. Oktober 1981UGA Mustafa WassajaKopenhagenVerluer KO
29. August 1981ESP Avenamar PeraltaMelillaGewonnen TKO
06. Juni 1981ESP Francisco Ramon Rodriguez MartinSanta Cruz de TenerifeVerluer no Punkten
08. November 1980ESP Salvador Perez RamosSanta Cruz de TenerifeVerluer no Punkten
03. Mäerz 1979ESP Jose Angel MenendezGijónVerluer no Punkten
24. Juni 1978SWE Rocky Wilson PerezLeónVerluer no Punkten
16. September 1977ESP José Maria RicoFuenlabradaGewonnen no Punkten
12. August 1977ESP Jose Luis AlvarezMacoteraGewonne KO
02. Abrëll 1976ESP Juan De Dios MoralesCatarrojaOnentscheet