Fred Serres
Ausgesinn
| Fred Serres | |
|---|---|
| Gebuer | 18. Mee 1952 |
| Alter | 74 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Boxer |
|
| |
De Fred Serres, gebuer den 18. Mee 1952 ass e fréiere lëtzebuergesche Boxer. Hie war vun 1974 bis 1977 lëtzebuergesche Landesmeeschter am Hallefschwéier- respektiv Schwéiergewiicht.
Vun 1977 bis 1983 war hie professionelle Boxer an huet e puermol fir den Europameeschtertitel geboxt. Déi zwéi wichtegst Matcher dobäi ware géint den Hollänner Rudi Koopmans fir den Europameeschtertitel am Hallefschwéiergewiicht, déi hien allen zwéi verluer hat. Hien hat a senger Karriär 22 international Matcher geboxt, dovu 17 gewonnen, a 5 verluer.
De Fred war de Bouf vum Jeng Serres, deen och geboxt huet.
