Ernest Toussaint

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Plakat dat d'Hiriichtung vum Ernest Toussaint bekannt ginn huet

Den Ernest Toussaint, gebuer de 6. Mäerz 1908 zu Rëmeleng a gestuerwen den 3. September 1942 zu Hinzert, war e lëtzebuergesche Boxer, Olympionik[1] a Resistenzler.

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1936 zu Berlin vertrueden.[1][2]

Nodeem hie beim Generalstreik vum 31. August 1942 géint d'Aféiere vum obligatoresche Militärdéngscht an der däitscher Wehrmacht vun de jonke Lëtzebuerger protestéiert hat gouf hie vun der Gestapo verhaft. Hie gouf vum "Standgericht" zum Doud veruerteelt an den den 3. September 1942 am KZ Hinzert erschoss.

Seng Witfra a seng zwéi Jonge goufe vun den Nazien deportéiert.

Hie gouf posthum mat der Croix de l'Ordre de la Résistance 1940–1944 dekoréiert.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Den Ernest Toussaint op der Websäit sports-reference.com
  2. Den Ernest Toussaint um site vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
  3. Memorial A n° 27 vun 1960 mat der Lëscht vun de Leit déi mam Ordre de la Croix de la Résisitanc e 1940-1944 ausgezeechent goufen