Albert Nuss

Vu Wikipedia
Albert Nuss
Gebuer 28. Februar 1907
Lëtzebuerg
Gestuerwen 14. Juli 1969
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Boxer

Den Albert Nuss, gebuer den 28. Februar 1907 zu Bouneweg, a gestuerwen de 14. Juli 1969, war e lëtzebuergesche Boxer an Olympionik.[1]

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1928 zu Amsterdam am Weltergewiicht vertrueden, wou hie géint den Est Valter Palm verluer huet.

No de Spiller huet hie mat senger aktiver Boxerkarriär opgehalen a gouf Trainer a sengem Club dem Boxing Club Luxembourg, an aktive Laangstreckeschwëmmer am Swimming Club Luxembourg well e wëlles hat den Äermelkanal eng Kéier ze duerchschwammen. Leider hunn him dozou déi néideg finanziell Mëttel gefeelt.

1948 gouf hien internationale Boxringriichter a war an där Missioun bei den Olympesche Summerspiller 1948 zu London derbäi an duerno och nach bei en ettlechen Europameeschterschaftskämpf.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Albert Nuss op sports-reference.com